Hues de daat Räuschen waat ee gudd gesäit beim Ouer z.B. express gemaach? Well ech kinnt mer virstellen dass se besser wir ouni daat liicht Räuschen. D'Luucht fällt awer ganz gudd.
Jops, wuar sou gewollt. Hun et gemaat well se mer soss ze fllach-plastikméisseg ass (awer net nemme beim ouer, iwwert d'ganz d'Bild)
Wanns de se géifs grouss eräusdrécke wär et net néideg, mee wann se sou kläng ass wi hei, ass se fier 200 iso ze vill ''clean''...
Jo kloer ass et net nemmen beim Ouer mee do gesäit een et immens gudd. Ass wuel Affaire de gout waat een do besser fënnt, mee ech fannen och s/w Fotoen ganz ouni Räuschen oft flott...
Ganz schein Foto. D'Irina huet een ganz d'reng Gesicht an vue que dass te d'Foto am Studio gema hues gesait een do dei ganz reusseiert spigelung. Et war eng gudd Idee fir d'Foto S/W ze haalen, dat fannen ech brengt mei opmirksamkeit op dat ganz flott gesicht an dei ganz flott reng Aan. D'Rumm passt och ganz gudd derbei. Kurz:et ass einfach eng top Foto.
Bon also wei emmer eng topfoto.D'aan as och genial. Mee eng kritik hun ech.D'nues wirkt wei wann et sou een klengen stummel waer deen na bessen beim baak rauskukt...geseit bessen komesch aus (mmphotos)
Ech fannen se ganz flott, mee leider ass mer Spiggelung vun der Softbox direkt an d'Aen gesprong. En klengen Reflet am Aen gesait zwar och gudd aus, mee hei fannen ech et einfach ze grouss, an virun allem sain lénkst Aen (daat waat fier ass) ass sou schéin scharf, dass et wierklech méi schéin wier wann do ganz Natur-Aen wier.
Also ganz eräus, daat gesäit schlecht äus!! Wiirklech mega komesch, ass jo och net logesch wann do kee reflex ass...fläit mi kläng maachen, mol kucken...
Also softbox am aan as sou eng saach.Net emmer schein mee wann een se raushellt get et graesslech...et geseit einfach nemmen schlecht aus haat daat och schon oft
wat hei elo nach net richteg ass, dat ass 't nues! wann 't spëtzt vun der nues iwwert de bak eraus geet, da kann dé gäeren emol méi lang wierken wéi se ass! et ass zwar hei net vill, mee et ass jo och nemmen theorie
wau funn weni ass dei dann?
wollt och na eng keier fotoen vun himm maan
erennert mech bessi un eng reklamm vun hautcreem
mee so d aaen ass et emiglech dass de do bessi am PS iwerdriven hues et hues zwaa immens flott aaen mee
gesait bessi iwerdriwen aus
ass och meglech dat et natiirlech ass mee ass mer mool direkt an daa gesprongen
Ma di ass vun den Densden äus der schoul
Also ech hun net extra un den Aan lo eppes gemaat...hun d'Foto geschärft wou ech se bis klänge gemaat haat an dann verschidde plaatzen wou se iwweschärft wuar (verschidde Kanten a plaatze wiirke beser wann se fläit net su schaarf sin) nees mam History Brush zréckgemaat... Merci
ech soen just WOW!!!! an mengen aan di scheinsten studiofoto vum site... an dat meedchen huet eng wonnerbar beneidenswert haut!! lex, du brengs et nach
Wow... muss dem Nora recht gin... ass wierklech die scheinsten studio's foto.... d'aan kommen gudd eraus, mee trotzdeem mengen ech, oder hun daat gefill, dat d'aan bessi iwerschärft sin..., och wimperen ennen....
Gudd Foto, mee ech wonneren mech obs de am Photoshop bessen mam Paintbrush nogehollef hues; well zumindest di Impressioun hun ech - sorry wann ech falschleien.
An vu dass den Yoshi daat mat der Reflektioun an den Aen schon gesoot huet, brauch ech daat nët méi.
Waat ass daat fir en Tool ''Paintbrush''? Also waat soll dee bezwecken?
Daat mat der reflektion, jo, kéint probéiren se mi kläng ze maachen, mee mech perséinlech stéiert et eintlech net, ass eifach nemmen e véiereck...wann se lo dobäusse gemaat gi wär an d'wär verschidde ennerschiddlech grouss refleten dran ze gesin, kéint et schon éichter stéiren...mee probéiren trotzdem engkéier se mi kleng ze maachen, just mol fir ze kucken Merci
dat eenzegt wat hei kéint stéieren ass d'Reflexioun op séngen Aan, do ass eng source lumineuse, mee et wees een net wat et ass, also hätt ech mir genau déi Pose virgestalt, an engem Zëmmer, wou lénks vum Gesiicht eng Fënster wier, mat engem rideau deen vum Wand bewegt gëtt, wou d'Luucht eben an de Raum erankënt.
Ech sin zwar och kee Studio-kenner, an ech kennen dech net, mee wat mengs de Lex?
Daat kéint eventuell eng ähnlech beliichtung gin, mee awer mat méi duuse schieter an aaneren Reflectiounen...wann et daat wuar waats de gemängt haas. Merci
WOW!...deck gudd foto!...scheint meedchn! steiert mech just ganz e bessi dass sain ouer su en koomeschen faarftoun huet!....mee daat ass nemen eng kleng kritik!...am grousse ganzen ass di foto einfa nemen top!!!!!!!!!....hut ab!...
do get et nemi vill ze soen, an an mengen aan as daat mat dem reflex vun der softbox iwerhaapt net schlemm.. grad sou dei discusioun mat der nues Eng extrem schein foto, dei sou eng mega rou an sech huet..dei kann een einfach stonnenlaang kuken, ouni d'flemm ze kreien!! An den Noise an der foto brengt daat rischteg riwer!! Muss na un den lenksen rand sou 2 kerben machen, dann kiint een mengen et wier eng Hasselblad gewiescht!
Déi Foto as einfach genial... Beliichtung as Top, an de Grain fannen ech dee muss sin, fier dass et méi natierlech wierkt.
Mat Secherheet eng vun denen beschten Fotoen um Site! Respekt!! (Muss een natierlech och d'Chance hun e sou e schéint Modell ze hun =;o) )
Natiirlech fannen ech se och super flott, Besonneg den Wénkel aus dem Foto gehol has. Hun just eng Fro déi mech schons sait 1 Woch ploot. Fir mein Gout as se eng idi ze häll, natiirlech nemmen t'Frontbeliichtung. Jidereen schreift hei perfekt Beliichtung, hun ech eng mam Geliitz?
hey
mjo ech fannen deng foodo einfa nemn top wiaklesch..ech sin lo hei keen profi, am geijendeel 0, mee ech hun nix un daer foto auszesetzn,, menga meenung no, as beliichtung tiptop, an as gut an zene gesaat gin, t meedch.. an en plus as hat o na en deck scheint..
allä ma weida sou
Genial, top supper !! Dei Aan den Ausdrock, den Bildschnet , alles perfekt ech sin hell ewech begeschtert.
D'Bearbeschtung am Photoshop geif mesch nach intresseieren.
Wuar net vill beaarbeschtung, RAW astellungen, selektivt ophellen oder oofdonkele fläit, si mer awer so nemmi secher, ass scho laang hier... kleng retuschen um Model, s/w konversioun, a optimiséiren fir webopléisung.
Merci
mengen muss io nemei soen dat di foto top as (as schliislech eng topfoto ne)
an d haut...hach,,, ween well keng soueng haut (retoucheiert oder effektiv su eng schein haut an natura?)