Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
CK
Christian Kemp
Derbäi säit dem 27.01.2006
Allgemeng Informatiounen & Kontakt
Technësch gesinn ...
  • Vertraut am Material op Canon
  • Schafft mat der 1D Mark II, III, IV & 400D & G11 (DSLR)
Duergerneen gewielte Fotoen
     
mmphotos 02.06.2006 - 18:38
Also wollt schon laang eps son...hun et emmer rem verpennt.
Ech schreiwen net oft eps zu dengen Fotoen, an iwwerhaabt net mei zu allzevillen Fotoen mee wollt einfach mol lo eps fier all deng Fotoen son...dei sin genial. Wirklech genial. Majo schued dass mer eis ni waerten um Fussball Basket oder soss iegentwou treffen waerten...waer bestemmt interessant bessen ze fachsimpelenclosed_eye
CK 10.06.2006 - 21:26
(Hun dein Kommentar elo réicht gesin.)

Majo, op jidde Fall merci; an bei mir ass daat nämmlecht de Fall - ech kommentéieren wuel net esou oft wéi ech sollt/misst/kënnt. smile

D'ass effektiv onwahrscheinlech dass mer eis bei engem Sport-Evenement treffen (mee bon, weess een nie), mee vlait sin jo an Zukunft nach rem Photogen-Treffs.
Neckel-Paul 09.06.2006 - 15:10
Also deng Fotoen sin einfach nemmen top. (Muss een schon baal neidesch gin), nee wirklech all respekt, ass wirklech flott.
CK 10.06.2006 - 21:26
Merci smile
Johny 04.07.2006 - 16:25
Also ech denken ech muss einfach mol soen dass ech frou sin dass ee weis du hei op Photogen ass smile Waat deng Landschaftsfotoen ugeet, brauch wuel net mei vill ze soen, de Marc huet daat scho gemaach.

Majo wollt daat einfach mol su soen, vill Spaass weiderhin nach closed_eye
CK 04.07.2006 - 20:49
Merci! smile
joellchen 03.08.2006 - 23:09
Den landschaftsfotoen sen einfach nemen den WAHNSINN glatt hin smile)
sen wierklech all WOW smile

Respekt smile
CK 09.09.2006 - 13:19
Merci villmolls. smile
coolpix 30.09.2006 - 00:21
Heyhey.. haat haut mol rem Loscht op Landschaftsfotoen.. direkt hunn ech missen un dech denken.. an hunn dei natierlech och gekuckt.. einfach nemme super.. geil... genial.. immens.. sech emmer selwer iwwertreffend.. smile.
Ech wollt dech eigendlech froen, ob deng meecht Panoramen Fräihand oder mat Stativ (speziellen Kapp?) gemaach sinn? Also Stativ an Remote Release steet io bei deenen mechten Fotoen, also geiw mech eichter den Stativkapp interesseieren, ob daat elo z.b. een extra fier Panoramen ass..
bis dann closed_eye
CK 30.09.2006 - 01:57
Thanks. smile

Waat Stativ an Kapp ugeht, hun ech reicht seit Ufank vun dësem Joër en speziellen Kapp, vun reallyrightstuff.com. Firdrun war et, wann ech en Stativ benotzt hun, einfach en 3-Richtungs Kapp. Ansonsten halt handheld, wann et net anescht goung oder ech net d'Zeit an d'Ausdauer haat fir en Stativ matzehuelen oder opzestellen.

An Prozenter kann ech daat net ausdrécken, well sou genee hun ech daat net emmer verhaal, mee 2004 zumindest war eng signifikant Zuel vun Panorama'en handheld well ech d'Flemm haat fir emmer den Tripod riicht opzestellen. 2005 hun ech mer dun eng "levelling base" derbai bestallt, déi huet deelweis gehollef; an 2006 hallt den kompletten Kapp deen kontrolléiert Schwenken souwuel horizontal wéi och vertikal zouléisst.

Demnächst wärt ech rem Geleenheet hun daat rem bessen méi ze benotzen. smile
kanufla 21.02.2007 - 19:45
.
kanufla 21.02.2007 - 19:45
hello
aaalllllssssooo: desen freiden 23.02.07 um 21h as SINGSTAROWENT!! am Bus um Sk8park zu Diddeleng
Mika 26.05.2007 - 01:30
Oh wreck, ass schon baal schlemm, d'ass ech dech nach guer nitt hei "bemierkt" hunn! Aus dem "Wort" kennen ech dein Numm jo well - awer eischter Sportfotoen cool. Mee di Landschaftsfotoen sinn einfach nemmen wow. Als hunn lo mol nach nitt d'Halschent duerch, mee.... du hues mein Respekt tongue
CK 27.05.2007 - 03:05
Merci. smile

(An et get also effektiv Leit di d'Nimm ennert den Fotoën liesen smile
faragerri 06.10.2007 - 11:55
natierlech yoshi!
Ech liesen d'nimm och heiansdo, mee bei dengen Fotoen brauch et dat meeschtens net, well een oft geseit dat se vun dir gemach sinn, keng ahnung wisou smile
CK 06.10.2007 - 13:57
Se sin esou schlecht? smile
faragerri 06.10.2007 - 14:19
nee, nee dat wollt ech lo net domadden soen,
mee du hues schon dei eegenen Styl deens de sou zimlech bei all Foto beibehälls.
Mika 06.08.2007 - 16:23
So mol, kann et sinn, dass du gescht um Gala Tour de France een orangen T-Shirt (Polo?) unhaas? Hunn meng Fotoen durchgekuckt haut, ech hunn eng Foto vun engem Fotograf mat enger 400D an Eos-1, wou ech awer just d'Kamera geknipst hunn (mat mengem Tele closed_eye ) fir ze kucken wei eng Kameraen et wieren tongue
CK 06.08.2007 - 16:45
Jo, daat war ech.
kanufla 08.04.2008 - 15:28
hello!
ech wollt den freiden 11.4.08 zesummen mat e puer lait vun hei iessen goen!
wiers du dobei?
ech hun mol reserveiert fir +/- 15 lait
geint 20h am guang dong (Route de Thionville 461
L-5887 ALZINGEN)

also mat geet bis elo :
1.Gloda
2.No_Saint
3.kanufla
4.kwitchibo
5.annemie
6.JADE
7.BlackPanther
8.Yoshi
9.Jefferson
10.MarcGerard
11.Focus
12.Spako
13.CHAREL
14.Elmuzo
15.Kola
16.Shantideva
17.Fruny
18.Paukl
kanufla 09.04.2008 - 20:51
Aaaaan?bigsmile
Kiichiii 05.07.2008 - 15:56
Hallo gei mol den lagerfeuermeeting kuckensmile
wär mega cool dech do ze gesinn closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 356 Gäscht online