Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

ING marathon panorama

 
ING marathon panorama
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    03.05.2008
  • Gekuckt:
    38912
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    1/500
  • Blend:
    f//8.0
  • Brennwäit:
    22 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    132 KB
  • Originaldatum:
    03/May/2008
  • Fotoapparat:
    Canon 1D Mark II
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Events »» Misc
2. Kategorie: Bewegung »» Sport
Extras:
Canon 17-40 @ 17mm
Panorama aus 3 Fotoën, zesummegesaat mat PTAssembler an Enblend, duerno nach mat Layeren am CS3 Leefer beigesaat oder weggeholl déi duebel waren.

Fir anzesetzen: [pg_img=26807]
Kommentar vum Fotograf:
Mol eng Kéier zwou Saachen kombinéiert déi ech gär machen... Panoramaën an Sport. Leider hei beides mat Kontrainten, duerfir ass d'Foto net optimal: d'Sonn stung net do wou ech se gär gewollt hätt an ech haat keng Zeit fir op d'Mass vun de Leefer ze warden well ech op d'Arrivée vum Semi hu missten -laafen-.

Méi Fotoën op photo.lu
Jean-Jos 04.05.2008 - 00:23
geasäit gutt aus (exzellente Bléckwénkel) , an du hues der eng flott skyline eraugesicht!
d'Sonn stéiert an iwwrége nët a méngen Aen, bien au contraire: ass dat afg?
CK 04.05.2008 - 00:32
Merci. smile D'Sonn stéiert mech an deem Sënn dass d'Farwen am rietsen Deel vum Bild relativ verwäsch sin.

Vlait machen se jo ierjendwann eng Kéier een "breakfast run" amplaatz en "night run", dann ass d'Luucht och besser. smile
Jean-Jos 04.05.2008 - 00:36
ech menge nët datt dat geschitt a fannen dat och nët dramatësch;
déng Foto huet eppes durech de 'Ronnkrees' , deen d'Leefer maachen, an et ass wierklech nët schlëmm a méngen Aen, datt Géigeluucht am Westen ass
CK 04.05.2008 - 11:29
Jo, war ierjendwéi erstaunt dass net méi Leit (op mat oder ouni Fotoapparat) den Wee op deen Aussichtspunkt do erop fonnt hun.
big-basti 04.05.2008 - 11:11
Muss soen ass der wierklech gutt gelongen dat doten closed_eye ech hat geschter bessi Schwieregkeeten well et schon bessi spéit war an nemmi genuch luut do war fir zB eng 1/500 s ze benotzen. Vleit as et jo och gaang mee ech wosst net wei smile hun meng spiggelreflex reischt eng woch dofir smile

mfg, Sebsatian
CK 04.05.2008 - 11:18
Merci. smile 1/500s hätt och net onbedengt missten sin, mee hun daat ganzt an mentaler Automatik gemeet an net onbedengt bei all Foto mer d'Fro gestallt op ech lo wierklech an der beschtméiglechster Astellung wier oder just enger déi "good enough" wier och fir déi nächst puer nach mat. Ech wier gär nach bessen méi spéit do gewiescht, wéi nach vlait bessen méi Leit op deer Platz ennerwee waren. Mee perfekt ass nie alles mateneen... smile
big-basti 04.05.2008 - 11:26
jep du sees et closed_eye wi ech um knuedler ukomm sin war den éischten scho ukomm cool war bessi speit drun closed_eye
CK 04.05.2008 - 11:31
Wéinstens wars de um Knuedler, ech war just um Kirchbierg. smile (Waat zwar och gudd war, well déi Zeit wou een vun enger Plaatz op déi aner gif hifueren wier Zeit wou een keng Fotoën kënnt machen)
big-basti 04.05.2008 - 11:57
Jo war am Ufank och um Kierchbierg, mee nemmen bei den Virbereedungen closed_eye ( vleit hues de jo meng foto do gesin mam Gedrenks !?)

Mee an der Stad war vill lass. Hat bessen den Tuer gema an joo closed_eye
CK 04.05.2008 - 12:10
Jo, déi haat ech gesin; mee am Ufank ouni den Titel ze liesen iwert dem Thumbnail lo net direkt als Marathonfoto erkannt. smile
big-basti 04.05.2008 - 12:28
Hehe ok closed_eye de Jean-Jos war jo der Meenung et hätt keinte Béier sin smile war mer eng schief gelaaf mam apprat dofir su kräfteg faarwen closed_eye
Shantideva 04.05.2008 - 11:27
Ech kann mir virstellen dass daat gekniwels war fir d'Leefer sou flott hinzekréien, ouni Duebeler. Ech fannen d'Foto immens flott.
CK 04.05.2008 - 11:32
Merci. smile War nach net all ze schlemm, war just dass ech 2 mol gemengt ech wier färdeg an dann awer nach rem en "halwen" Leefer fonnt hun. smile
Dan 04.05.2008 - 12:52
Hei ass et der a méngen Aen excellent gelongen fier eng flott stëmmungsvoll Foto vum Marathon ze machen! Gefällt mer ganz gutt!!!
CK 04.05.2008 - 13:06
Thanks smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 475 Gäscht online