Lo bass du schon zanter annerhalwem Joer hei Member an et huet nach keen eppes op dénger Usersäit hei geschriwwen. Da wëll ech deen éischte sin, deen eppes hei schreift....
Durch däi läschte Kommentar bei méngem Bild vu Kauneref hun ech och réischt gemierkt, datt mir am selwechten Duerf wunnen. An deem Sënn wëll ech déch dann awer och mol hei offiziell an der Gemeinschaft begréissen, wann och mat "liichtem" Retard. Wann ech elo mol eng Kéier e bësse Rou hun, da gin ech déng Gallerie hei mol durch an da mellen ech méch mat Kommentarer zu deem engen oder aanere Bild.