Knolles unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Mano
2 fotoen pro woch ass jo awer bessen lächerlech
ech fannen et soll bleiwen wei et ass |
lächerlëch as ët sëcher nët, obschon, ëch lueden der leiwer en puer mei rop !!
mais, seng Aussoh, dat dann mei iwwerluecht gët , waat , wou an wei ,
as 100 % richteg !!
|
|
22.05.2007 09:04 |
|
|
Hubi unregistriert
|
|
@ Johny
Recht hues du mat denger Rechnung,....mais... dann kann en ken 4 méi mateneen eroplueden!!!
sou wéi's du soos lued en der eng kéier 4 erop an duerno nëmmen méi nach 2 !!!!!!!!
Boahhhhhhhhh!!!!
|
|
22.05.2007 10:18 |
|
|
Maggele
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
ech fannen dass 2 fotoen pro dag gudd sin... wann ech mol sollt méi hun da kann ech jo waarden. et as eouwisou net schlecht wann een e bessi waard bis een eng eroplued. dann as de schrott gesënnert
!
__________________
|
|
22.05.2007 10:42 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
Ech hun mol eng nei propos
Am fong sin ech ganz ze fridden sou wei et as, an gesin och net an dass een dorun epps aenneren soll.
Mee, waat geift der dovun haalen wann een och d'meiglechkeet haett eng serie vun 5 oder 6 zesummenhaenkenden fotoen ropzelueden. Dei dann och keinten zesummen gekukt gin....also sou am genre wei een klengen album. Et as amfong op der eichter seit eng foto, et klickt een drop an dann kent reicht serie.
Fier dass do net zevill scheiss gebaut get keint een jo soen dass een eng serie pro 2 wochen roplueden daerf, oder pro mount, an dann nodeems een eng serie uewen huet, daerf een eng woch laang guer neicht roplueden.
Soss waerten der jo rem verschiddener hieren HD als gallery hei online setzen
Bon as wei gesoot eps waat ech schon heinsdo hei vermesst hun...well verschidden fotoen wirken nemmen an engem zesummenhang gudd....also lo mei speziell saachen.
Sou ech gin rem "Fausten", an Fisik leieren
Kommen heinsdo luussen
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
22.05.2007 12:39 |
|
|
phoenix
Mitglied
Dabei seit: 25.12.2005
Beiträge: 44
|
|
Waat een och nach kéint maachen, waat awer lo gehirlos an den Détail geht, respektiv zevill Aarbescht wär an fläicht och ze "sofistikéiert" wär fir "nëmmen" Fotoen eropzelueden wär:
All User huet eng Lëscht, wou en egal weini zb 10 Fotoen pro Daag kéint an déi Lëscht setzen. Déi Lëscht hätt 2 Prioritéieten, dei 2 oder 3 éischt Fotoen hun déi héchsten Priopritéit an gin automatesch eropgelueden. Sin déi 2 oder 3 mat Erfolleg eropgelueden, dann rutschen automatesch déi aaner Fotoen erop. Et kéint een éventuell och sou maachen, dass den User d'Prioritéieten vun den eenzelnen Fotoen selwer kéint änneren. D'Idee dovunn ass, dass d'Fotoen iergendwann (automatesch) eropgelueden gin, soulaang bis d'Lëscht eidel ass. Daat bréngt mat sëch, dass den User selwer, wann en mol engkéier puer Deeg keng nei Foto an déi Lëscht setzt, nie muss drop opassen weini en waat muss eroplueden.
Daat ganzt bréngt och administratif Firdeeler géng ech mol mengen, déi jeweileg Admins kënnen zu all Zäit déi aktuell Lëschten (Fotoen wou deemnächst sollen eropgelueden gin) direkt kënnen décidéieren op munch Fotoen sollen verworf gin oder net.
Ech hoffen et huet jiddereen verstaan waat ech lo wollt erklären
Et ass bestëmmt eng flott Saach, mais ob et sech rentéiert oder richteg hei ass, décidéieren d'Jungs e Stack méi héisch.
__________________ MacBook wäiss Core2Duo 2Ghz / 2GB Ram / 80GB Haddisk
Samsung 226BW 22" / 2ms / 1680 x 1050
iPod 30GB
|
|
22.05.2007 12:58 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
phoenix: fir d'éischt zu denger Idee: Se ass net schlecht, mee ech wetten fir daat do un all User ze brengen, daat gëtt net einfach. Erklär daat mol kuerz sou dass et idiotensecher ass ... geet bal net. Dofir mengen ech huet et leider net sou vill Wärt.
@mmphtoos: Daat matt Serien haat ech och schonn als Idee, dass een dei iergendwei keint maan fir zesummen ze kucken, mee wei emsetzen, dodurn hun ech mer nach keng Gedanke gemaach an hun et dofir och nach nie erwähnt. Deng Idee ass awer shconn net schlecht, och wann eng Serie op 2 Wochen vläicht nach vill wir
__________________ 404 - Not found
|
|
22.05.2007 13:50 |
|
|
galileo
Eroberer
Dabei seit: 12.01.2007
Beiträge: 59
|
|
Am allgemengen fannen ech nët, datt um System fir Fotoen rozelueden vill muss geännert gin - t'ass dach gudd esou wéi et ass.
D'Idee vun der Serie ass allerdéngs gudd.
@Johny: Firwaat nët beim roplueden e flag "série" derbäi setzen - deen aktivéiert een, a lued duerno noeneen déi X Fotoen (maximum festleen) - oder besser mateneen - erop.
Déi kënnen jo dann mateneen aktivéiert gin a stinn dann hannerteneen / nierwendeneen um site.
Duerno X mol 20 Stonnen/2 waarden bis déi nächst Foto erem därf gelueden gin !
Dat ass bestëmmt nët esou wahnsinneg schwéier emzesëtzen. An och einfach ze erkären.
Mfg
galileo
|
|
22.05.2007 14:07 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Nee daat ass ze einfach. Wann dann gëtt d'Serie och als solch agedroen an DB, d.h. wann een Fotoe kuckt gesäit een "ah daat do ass keng Foto, mee eng Serie". Daat aanert ass ... onprofessionell
Well wann een sou eng Serie roplued, ergëtt et och guer kee Sënn dass een zu all Foto eppes ka schreiwen. Well da soll een d'Serie kënne bewärten, net all eenzel Foto. D.h. eng Serie gëtt ugewisen wei eng eenzel Foto (just epps klengs dass ee mirkt dass et eng Serie ass), an d'Serie kann ee kommentéieren. Daat aanert huet kee Sënn menger Meenung no. En plus geife muench Leit et messbrauchen fir einfach mei Fotoen kenne ropzelueden. kloer mer musse se sou oder sou aktiveiren, mee gëtt mei arbecht wei sou, well do mirkt ee vun Ufank un dass et epps aanescht ass
(Schweier ze erklären, mee sou weis du et erklärt hues grenzt et sech einach ze weineg of vun normale Fotoen)
__________________ 404 - Not found
|
|
22.05.2007 14:14 |
|
|
galileo
Eroberer
Dabei seit: 12.01.2007
Beiträge: 59
|
|
Jo, datt et méi professionnel Léisungen gin wéi dat waat ech do proposéiert hun wees ech och
Ech wollt denen déi et mussen emsëtzen entgéint kommen an den Programméieropwand miniméieren, an awer eng gewëssen Zort vu "Série" erméiglechen.
"messbrauchen fir mei Fotoen kenne ropzelueden" - nee - wëll wann een duerno méi laang keng duerf lueden (X mol 20h/2)....dat kënnt réng waat d'Quantitéit ugeet op datselwecht eraus, oder nët ?
Mat de Kommentarer zu der Série hues du sécher Recht.
MfG
|
|
22.05.2007 14:52 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Ech maan awer eppes net net anstänneg nemmen fir dass et manner Arbecht ass. Fir den Update gëtt sws vill geschafft
Wann ech sou eppes realiseiren well ech schonn dass et gutt gemaach ass, net gewurschtelt iergendwei.
"nee - wëll wann een duerno méi laang keng duerf lueden (X mol 20h/2)....dat kënnt réng waat d'Quantitéit ugeet op datselwecht eraus, oder nët ?" net ganz ... mee ech hu just gemengt dass d'Leit dann geife probeiren et ze emssbrauchen, en mir et musse refuseiren dann. A se kommen op dei Idee, well et eben ze no un dem drun ass wei et lo ass. Wann et sech mei oofgrenzt, kucke se sech et nemmen un wa se sech och dofun ugesprach fillen
__________________ 404 - Not found
|
|
22.05.2007 14:57 |
|
|
galileo
Eroberer
Dabei seit: 12.01.2007
Beiträge: 59
|
|
bei X = eng grued Zuel (waat ech effektiv nët geschriwwen haat) schéngt d'Maximal-Quantitéit vu Fotoen déi een an engem bestëmmten Zäitraum kann roplueden mir genee déi selwecht.
Mee soit - dat sollt jo hei nët d'Haaptthema sinn - wollt jo och just e klengen bescheidenen Beitrag zu engem Ufank vun enger Idee gin
|
|
22.05.2007 17:10 |
|
|
|