ApplEric
Routinier
Dabei seit: 14.04.2006
Beiträge: 336
Herkunft: Esch-Sauer
|
|
Salut.
Zenter datt ech lo meng D70s hun, schaffen ech allt och am RAW, an well mein iMac net mei deen Seiersten ass, zumols matt sou Programmer wei Photoshop, etc., wandlen ech meng RAW-Fotoen vir ze bearbechten mam Adobe DNG-Converter em. (Krett ee Gratis bei Adobe roofzelueden)
Doweinst, wann ech se dann am .DNG hun, schafft de photoshop mei seier, an et kann een se och direkt an .jpg,... emwandlen, wat bei RAW, wann ech richteg gekuckt hun, net de Fall ass.
Mee ech wollt mol froen, op et ee Qualiteitsverloscht gett, wann een seng RAW-Fotoen an den DNG emwandelt. Mir ass zwar nach naischt sou opgefall, mee ech schaffen och nach net laang dermatt... Doweinst wollt ech hei mol nofroen, flait hudd och deen een oder aaner e puer tipps fir RAW an DNG.
__________________
You don't need eyes to see,
you need visions
Faithless
|
|
27.01.2007 12:17 |
|
|
coolpix unregistriert
|
|
Nee theoresch dierft et io keen Qualiteitsverloscht ginn, well DNG io och en Reihdatenformat ass. Et soll io d'Meiglechkeet sinn, seng RAW-Fotoen dodranner emzewandlen, fier se och nach an 20 Joer glaeich opzekreihen an se nachengkeier ze verschaffen. Ech denken an Zukunft kanns de et an den Kamera'en och auswielen fier d'Fotoen direkt am DNG-Format oofzespaicheren. Hasselblad huet et schon, mengenech. Mää ech hunn nach net vill domadder geschafft, just probeiert.
Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von coolpix am 27.01.2007 13:38.
|
|
27.01.2007 13:36 |
|
|
MadSir
Eroberer
Dabei seit: 17.03.2006
Beiträge: 74
Herkunft: Howald
|
|
Kann bestätegen dass d'Hasselblad an DNG oofspaichert.
Ech waar elo läscht Woch op der Adobe CS3 Roadshow, do hun déi vun Adobe gesoot (wou een muss oppassen - well et jo em hieren Produit geed), dass DNG den Rohformat vun der Zukunft wier.
Anscheinend sin aaner Hiersteller derbai och ze kucken fir op DNG emzeklammen, eeben graad well et dann een universellen Format gedd (wéi JPG), an d'Softwareentweckler net mei lauter Plug-ins an hier Programmer abannen mussen fir ze Convertéieren.
Ech sin a Moment bei mir am gaang all meng Fotoen an DNG emzewandelen (iwert den Lightroom geed daat tiptop). Et ass effektiv méi séier, an den DNG enthält all d'Metadata-Informatiounen déi am Verglach zu mengen CR2 files all an XML Sidecar files oofgespaichert waaren.
Et hued schon seng Firdeeler, mech géifen awer Noodeeler interesséieren, falls een der kennt
|
|
15.05.2007 12:12 |
|
|
|