Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Sou feich an domm sin d'Leit |
|
http://pics.mysteri.lu/leon/view_all.php
Virun eiser Häusdier ass daat geschitt. Gescht owend geint halwer 11 do oofgestallt, haut um veirel op 12 huet meng Schwester et gesinn...
Keen huet eppes dofu mattkritt. vill dogéint maache kann een och net. MEE et ass natirlech GUTT méiglech dass een den eppes géint PG huet, daat heite war ... An genee dofier weisen ech ierch et. Do gesidd der wéi feich d'Leit haut sin, wa se eppes géint een hun sin se mol nach net am Stand engem et an d'Gesiicht ze soen! Daat ass einfach just armséilech an vun Niveau guer net ze schwätzen...
// EDIT:
Ahjo nach eppes: Et ass net nemmen weiwann et iergendwelch Pneu'en wiren an se eben bessen eppes geife kaschten, nee nee, et si 17 Zoll, 45/225, Héichgeschwindegkeets pneu'en, déi nawell deier sinn!
__________________ 404 - Not found
|
|
22.10.2006 01:01 |
|
|
Mojoo unregistriert
|
|
Ouah! Absolut idiotesch!!
Total onnéideg, verschtin net waat deenjeinegen sech derbäi geduercht huet. Ech kann mer iirgendswei net fiirstellen dass een dat weinst PG gemaach huet... besser gesoot, ech hoffen et net. An dann nach dei Suen fir d'Reperaturen dropp gin... Onverschtändlech...
|
|
22.10.2006 01:05 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
Ech soot jo net dass et ee war den eppes matt PG ze dinn huet, mee et keint awer sinn, daat musst der jo zouginn. Zemols matt dem Zodi den déi läscht Woch war...
Naja et ass schlemm wann ee schonn alles waat engem gehéiert, muss ënner Daach setzen fir dass keen et frà ckt mecht (Zitat vum Madsir
)
__________________ 404 - Not found
|
|
22.10.2006 01:30 |
|
|
JADE
Kaiser
Dabei seit: 28.04.2006
Beiträge: 1.177
Herkunft: froen ech mech nach ëmmer
|
|
NO COMMENT ?
Dach ... leider! ...
daat gesäit, fir mech, eendeiteg no Rache, resp. Roserei aus ... aanescht kann een sech ët jo baal nët erklären ...
..
(edit: waat fir mech awer nët heeschen soll, dass ët een vun PG gewierscht soll sin ... hmmmm ... ech hoffen emol nët ... well daat wier nach vill méi "nul, nul et re-nul" ... ët ass schons genug doof esou ...)
esou vill, wëllentlech, futti machen, anstatt den Auto ze klauen ... gesäit wierklech duerno aus ... an zemols wann ët deen eenzegen an denger Strooss, resp. Quartier, sollt sin ...
Soll do den PG Autocollant nët och deen Vandalismus ungezun hun, oder däin Auto "verroden" hun ?
Egal wéi ... ët ass wierklech een Zeechen vun Feigheet an vun Dommheet wéi's du sees ...
Ech kann mir virstellen wéi's du dech spiers, engersäits wéinst dengem Auto, mee awer och wéinst den Gedanken déi's du elo hues/kriss ...
... mee ...haal duer! ... looss dech nët ënnerkréien! ...
wann daat wierklech gezielten Vandalismus war, daan bedeit daat jo, daas een oder e puer Leit sech duerch PG gestéiert spieren ...
an daat kann jo och als positiv betruecht gin: .... PG stéiert, well en gutt ass, well en funktionnéiert, well dir zu aeren Meenungen stitt, an se och ëmsetzt, well dir vun der Community gestäipt gitt, usw ...
jo, jo ... esou gesin kann daat nawell verdammt vill rosen, béiss an agressiv Gefiller ausléisen ... zemols bei Leit déi schon nët ganz équilibréiert sin ... an déi nët aanescht sech ze wieren wëssen ... wéi op déi Art a Weis ...
... traureg, traureg, traureg Welt ...
Also ... vun mir aus ... ONBEDENGT WEIDER MACHEN !!! ... ABSOLUT !!! ...
an dozou (zum weideren Succès vun PG) machen ech mir awer och guer keng Gedanken ...
..
...
bye Johny ... keep it on ...
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von JADE am 22.10.2006 12:07.
|
|
22.10.2006 02:19 |
|
|
MadSir
Eroberer
Dabei seit: 17.03.2006
Beiträge: 74
Herkunft: Howald
|
|
Also ech fannen daat souwiesou NULL! Daat ass wéi wann een engem vun hannen een Messer an de Reck pickt.
Ech waar leider och schon am Fall, dass een mer um Auto vun fir bis hannen mam Schlessel zerschreibst hued. Ee Kolleg kruut suguer schon eng kéier Zocker an den Tank geschott kritt (Tank derbai opgebrach).
Wou ech dëst Joer vum eLake zreck bei den Auto gaang sin, hun ech gesin dass villl Autoen d'Wischeren an d'Saitenspiegelen freckt gemeet kritt hun. Do kann ech nemmen de Kapp reselen.
Leider ass et wei den Johny seed, et kann een naischt maachen. Et kann een och net iwerall eng Camera hisetzen, nemmen fir a Rouh kennen ze liewen.
Also et waar nemmen deen Auto, daat heescht jo schon mol eppes. Ob et elo een vun PG ass oder net, ech mengen et geed em de Prinzip.
Ech hoffen, an ech kennen am Prinzip (elo iwert Internet awer nemmen), nemmen korrekt Leit hei op PG, mee bei allem gin et schwaarz Schoof (well elo och rem net heeschen dass ech mam Fanger op PG weisen!).
Et kann genau esou gudd een aus dem Bekanntekrees sin oder wéi och emmer.
Nuje, kann nemmen soen dass ech et net korrekt fannen. Den Daag firdrun haat ech mam Johny nach am MSN iwert Autoen geschwaat, an dann an der nämlechter Nuecht daat do
Kann een Haut halt net méi ville Saachen trauen. Kéint een se schon quasi op 10 Fangeren opzielen.
Sad but true.
Sou gedd awer elo Zait fir d'Haya, nuecht alleguerten.
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von MadSir am 22.10.2006 05:15.
|
|
22.10.2006 05:12 |
|
|
Mogway unregistriert
|
|
Ha Johny.. ech soot der jo ech huele meng Revanche..lol.. ^^^^fier dei eng Photoen deis de vu mier gemaach hues...lol.. nee komm.. du wees jo waat ech dovunner haalen... (an zwar dai Schaiwewischer....dee lait lo bei mier an der Garage...lol..).. nee egal waat....
@mojoo: im Angesicht eines wahren Menschen faellt aber jedermanns falsche Maske ^^ ..
Coole Sproch hues de do ^^
))
|
|
22.10.2006 11:41 |
|
|
Neckel
Routinier
Dabei seit: 08.06.2006
Beiträge: 396
|
|
Hm dat doten fannen ech schon baal ze krass, fir dat et keint een vun PG gewiecht sin ...
Waren vleicht ejenteng Vollerten, ... mee jo kann een nie wessen ...
|
|
22.10.2006 11:56 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
D'Plainte ass gemaach, haat d'Flicken direkt geruff.
Et gi sou vill Méiglechkeeten wisou den jeenechen et sollt gemaach hun ... z.B. eben ee vu PG den et op mech/PG setzen huet, oder een den einfach just jalous ass dass ech sou en Auto hun, oder een den abrieche wollt (mäi Radio huet knapp 3 Wochen elo...) a roose war wou en gesinn huet dass ech eng Alarmanlaach hun an dofir daat gemaach huet ... et gin eben tonne Méiglechkeeten :/
@JADE: merci fir déng léif Wieder.
__________________ 404 - Not found
|
|
22.10.2006 14:33 |
|
|
bobinski
Eroberer
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 68
|
|
Ech hun dei Fotoen lo mol mei genau gekukkt.
Daat schenkt awer seier geschitt gewiecht ze sen.
Kuck d'Lach am Pneu. Do huet einfach een seier sein Messer oder soss eppes dragestach ea färdeg, deen huet net vill Zäit gebraucht. Beim Wischer och. War dann neirens ronderem ee Bal, eng Party oder soss eppes? Well Samsdes owes...naja. Leit jo op der Hand.
Gudd dass de eng Plainte gema hues! A gudd dass de Fotoen gema hues!!!
|
|
22.10.2006 14:41 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
Et war Freides owes .. mee daat kennt op daat selwecht eräus. an nee et war keng Party oder e Bal hei an der Géigend.
Jo daat do ass ganz séier geschitt ... zemols well an dem fiischten Pneu sin 2 Schlitzer an an dem hannen suguer 3 .. also war en zimlech presséiert.
__________________ 404 - Not found
|
|
22.10.2006 14:50 |
|
|
CHAREL
Routinier
Dabei seit: 27.05.2006
Beiträge: 277
|
|
hmm also fannen daat och egaal waat!
giff mol kucken wei dei schlitzer do sin kann io sin das et 2 verschidden messeren wahren , daat hescht et kinnten och mei täter gewierscht sin! an wann den spigel mam fous futti geschloo ginn ass missten io och schungofdreck drop sin! ...(kleng bessen no CSI daat ganzt
Naja weis de schons sohs d'warscheinlechkeet das deen erwecht gett ass zimmlech gereng! me daat ganzt geseit awer zimlech geplankt aus! well wann soss neierens eppes am duerf geschitt ass!
|
|
22.10.2006 16:02 |
|
|
patty
Tripel-As
Dabei seit: 27.01.2006
Beiträge: 175
Herkunft: Dudetown
|
|
RE: Sou feich an domm sin d'Leit |
|
FRECK!
Ech wees guer net waat ech soen soll!
Wiekelech domm Laid! An dann nach den Auto, daat ass schon keng belleg Saach!
Gin dem bobinski rescht gesaid aus wei wann daat schnell iwwert d bühn gangen wier...
Mee soueppes gouf secher fierdrun geplangt an ass net vun haut ob Muar komm...
__________________ -->Patty<--
|
|
22.10.2006 18:24 |
|
|
Kwitchibo
Dabei seit: 23.06.2006
Beiträge: 441
Herkunft: Eng PERSON WOU MA IMMENS VILL BEDEIT!!!
|
|
RE: Sou feich an domm sin d'Leit |
|
Traureg
Sorry Johny och wann daat da elo neicht brengt ....
|
|
22.10.2006 21:07 |
|
|
amBesch
Mitglied
Dabei seit: 26.12.2005
Beiträge: 44
|
|
Freck, mega krass dat do!!! Wees nët wat ech soe soll, deet mer déck Leed fir dech Johny, ma wéi's de am Titel jo geschriwen hues, feich an domm, méi gët ët dozou nët ze soen...
|
|
22.10.2006 22:02 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
Ech wollt et am fong net schreiwen fir bemattleed ze ginn, mee éischter fir ze weisen wéi d'Leit kënne sinn. An fir ze hoffen, wann een vun ierch iergendwann eng Kéier eppes sollt mattkréien wen et keint geweecht sinn, dass en bescheed seet. Bon ech geif an ärer Plaatz zwar och soen dass et mer geif leed doen, ass scho verständlech.
Ech hun de Metten d'Wanterpneuen drop gemaach, an den Auto eran gestallt, wou haut de Moie geraumt ginn ass. Muar dann warscheinlech fueren ech dermat an d'Garage ...
__________________ 404 - Not found
|
|
22.10.2006 22:06 |
|
|
sango-chan
Grünschnabel
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 8
Herkunft: uewerkäerjeng
|
|
Also ech hun ett jo als eischt gesin beim haus an ech kenn nemmen soen dass ech daat egalwaat fannen wann een sech un aaneren leit hierem eegentum vergreift!
do fannen ech jo eng kläpp 100 mol besser wei esou eppes! an anscheinend soll daat su eng nei "moud" sin d'spigelen an all daat freckt ze maan, huet en noper vun eis gesoot deen fill vun auton versteet.
@ Charel: Du hues schon recht matt den spueren d.h. vum messer oder eben vun deenen zwee messeren (daat wees een jo nett) an matt schung- respektiv fangeroofdreck... mee du wärs dach nett mengen dassen d'flicken daat bei eis hei am land maan? sry si lo nett geint d'flicken mee ett ass dach wouer
__________________ Sutewi grüßt
|
|
23.10.2006 21:08 |
|
|
CHAREL
Routinier
Dabei seit: 27.05.2006
Beiträge: 277
|
|
Genau d'flicken maachen hei neicht sou , fierun allem net fier sou een ''klengt'' delickt!
wou menger schwester hiren frend bei eis firun der dir stung mam auto war een kamion laanschtgefuhr den holzpalleten gelueden haat an dun ass esou engroofgefall an genau widert den auto an obwuel mier daat gesinn haaten an och der polizai gezoot haaten weieng faarw etc den camion haat hun se guer neicht gemach!
|
|
23.10.2006 21:24 |
|
|
|