Maggele
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
salut alleguer!
d¨sst ass speziell un 't digitalfotografen adresséiert:
ech hu mer grad e spëndel DVDs kaf, fir e bessi platz op mengem PC ze man. a just wou ech wollt ufänge mat brennen ass mer opgefall, dass dat egal wat ass. ech wees guer net, wéi ech dat soll man! wéi archivéiert däe äer fotoen. also späichert der alles einfach drop, oder no thema sortéiert, oder no datum???
also op mengem PC hun ech verschidden kathegotien mat ënnerkathegorien. an do drënner nachengkéier no datum sortéiert
beispill :
F:/Pro/Studio/models/Cathrine an do dann verscidden uerdner nom Datum sortéiert wou ech eben lauter studiosopnahmen mam cathrine hun :-)
oder :
F:/Privat/Paintball
...a.s.w....
mee ech si mer net secher, ob dat och gescheit ass déi esou op 't DVD ze brennen.
an: wéi lagert der äer DVDen? spillt dat eng roll? also ech wëll déi schon mäi liewe lang Halen! sin déi no enger zäitchen net méi liesbar?
ok! vill froen op ee koup, ech wees, awer merci am firaus, fir alleguer déi sech bedeelegen :-)
__________________
|
|
14.11.2005 16:27 |
|
|
JohnyG
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Also ech hun alles op Harddiscen, mee no Themen sortéiert do.
du kanns net e liewelaang alles haalen op enger DVD, schon nächst Joer kommen d'Nofolger vun der DVD, Blue ray-disc an HD-DVD mengen ech heescht dei, op de Maart. Du muss schon mat der Technologie matgoen an dem Fall.
Meng DVD'en sin entweder an enger eenzelner Këscht, oder an engem CD-holder, sou wou 100 Stéck dra gin... an déi missten awer nach liesbar sin no enger gudder Zäit.
__________________ 404 - Not found
|
|
14.11.2005 22:10 |
|
|
yoshi
Tripel-As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 232
Herkunft: Echternach
|
|
Also vum haltbar sin hier hues de do normalerweis keng Problemer wanns de deng DvDen net grad brechs oder se 2 Stonnen laanscht Mauer reiws
Bon bei der nächster Generatioun ass jo dann antscheinend och en Antischréips-dings do drop... ka...
Vum Sortéieren no sine ch selwer och zimmlech eng Katastrof awer ech hun lo mol bei allen Fotoen déi ech an lechter Zait gema hun esou gema:
Haaptkategorien wéi zB Sport, Events, Shootings, Déieren,....
Ennerkategorien wéi eenzel Sportarten, wéieen Event, Numm vum Model, wéieen Déierm,...
Et schéngt mernet déi perfekt Léisung vir ze sortéieren ze sin, mee am Moment fällt mer keng an, déi besser an main Kapp passt
|
|
14.11.2005 23:12 |
|
|
RivanerJoe
Foren As
Dabei seit: 20.09.2005
Beiträge: 77
|
|
Spannenden Thema!!!
Déi eng Fro as einfach: End CD oder DVD périméiert net!
Déi aner as net sou trivial! Et get Archivéierungstoolen (MAGIX Digital Foto Maker, Bluebox etc...) déi hëllefen engem Stëchwieder, Kategorien asw unzeléen. Mee dann misst een och bal déi Software zimlech lang halen.
LO hun ech awer gelies, dass et sougenannten IPTC Daten geht. Dat geht an déi selwescht Richtung, mee déi Daten sin an denger Foto gespäichert, ähnlech wéi d'EXIF Daten. Den Photoshop kann dës Daten z.B. liesen an éditéieren. Villäicht misst een an déi Richtung sichen.
|
|
16.11.2005 00:02 |
|
|
Sylvia
Grünschnabel
Dabei seit: 20.09.2005
Beiträge: 5
|
|
tiens donc ... ech sin virun net all ze langer Zeit gewuer ginn dass Cd/Dvd'en eng ongefeier Liewenserwardung hun vun 10 Joer je nodeem wei een se lagert ..well si oxideieren anscheinend mat der Zeit . Us Army soll *anscheinend* Träger aus Glas benotzen well dei mei wei 50 Joer haalen ...wei gesoot ech behaapten dat net ech hun dat heieren :o) vun engem Computerfuzzi deen meng Owescour'en hällt .
|
|
16.11.2005 23:34 |
|
|
JohnyG
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
10 Joer? 2005 - 10 ass 1995, d.h. eng CD vum windows 95 misst lo schonn ufänke mat raschten? Majo dann sicht emol sou eng Cd, si mer zimlech sëcher dass se nach intakt ass
. (Ausser se luch am Keller wou et fiicht ass asw...)
__________________ 404 - Not found
|
|
16.11.2005 23:38 |
|
|
JohnyG
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
|
17.11.2005 15:10 |
|
|
Mogway unregistriert
|
|
haha... d geet awer naischt iwwert dem Mac sain neien Aperture Programm... daat topt alles.... Kee weidere Kommentar...
gidd mol bei Mac ennert Aperrture kucken...... that rocks...
|
|
27.11.2005 16:53 |
|
|
coolpix unregistriert
|
|
Ennerstetzt deen och Archiveierung? Also meng nächst 1500-2000 Öronen ginn an 1 Powerbook investeiert
, hunn ech schon virun kuerzer Zaeit decideiert.
Also ech hunn d'Fotoen bei mier um Harddisk, an vun deem gett all Nuecht een Backup op een externen Harddisk gemaach, an all 3 Meint paaken ech daat ganzt an deelen et op DVD-RAM'en op (ah, waat ech daat haasen
).
|
|
27.11.2005 20:39 |
|
|
Mogway unregistriert
|
|
also den Aperture as fier mech perseinlech gesin, bai waitestem dee Bescht Browser, Archiveirungs an digitalt Liichtpult waat eet gett. Unendlech Funktiounen. Stapel verarbeitung, kanns Tags gin, Stechwieder, verschidde Versiounen an enger stapelen.. a su weider.. gei mol bei Mac kucken um Site... Se hun eng Demo drop.... Ech si gestuewen... an an 1 Mount hu mer en....speitestens... as nach net offiziell raus...
Mee net kraische wanns de de Video kucks... d geet jidderengem sou....
|
|
29.11.2005 13:43 |
|
|
coolpix unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Mogway
also den Aperture as fier mech perseinlech gesin, bai waitestem dee Bescht Browser, Archiveirungs an digitalt Liichtpult waat eet gett. Unendlech Funktiounen. Stapel verarbeitung, kanns Tags gin, Stechwieder, verschidde Versiounen an enger stapelen.. a su weider.. gei mol bei Mac kucken um Site... Se hun eng Demo drop.... Ech si gestuewen... an an 1 Mount hu mer en....speitestens... as nach net offiziell raus...
Mee net kraische wanns de de Video kucks... d geet jidderengem sou....
|
Kräischen? Do kann een just hemmungslos flehen... mee den Mac feelt
. Waat hues du dann fier eng Machine? Also waat fier mech a froo kennt fier den Powerbook G4 mat 15 Zoll Bildschirm. Mee den G4 steiert mech en bessen well et io schon G5 säit enger Zäitchen gett, mee just an Desktops, an dann, Apple well io och op x86'er Platform emsprangen. Vläit hues de io een Tip
.
bis dann.
|
|
29.11.2005 14:51 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
Kann iech 2 nemmen recht gin....haett ech puer euroen zevill...geif mer een mac an den aperture kaafen...dei sin wirklech fir ze kreischen schein
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
29.11.2005 19:57 |
|
|
Mogway unregistriert
|
|
ma sait kuerzem G5 iMac.... mam 20 Zoll. Dofier hun ech jo och mai ganzen aalen Dreck roofgeholl....
Aperture kennt an 1 Mount raus.. soen se... An Daitschland hun se e mol nach net am de Grousstudios... Nach 30 Dee, da kennt de Kleeschen...
Main Tipp.... wanns de Frick en Masse hues,,.... dann de Quad vu Mac (4x G5... anscheinend leeft den Aperture och just do sou wei e soll.. mee G5 as och Ok... )... hehe...
|
|
03.12.2005 16:59 |
|
|
snc84
Grünschnabel
Dabei seit: 26.10.2005
Beiträge: 2
|
|
Also ech mengen aperture as well an Daitschland bai deenen éischten ukomm, ech kann mech ieren, mee mengen awer datt ech daat well awer schuns gelies hun.
Vlait war et hei www.aperture-forum.de mee hun daat awer lo net nees nogesicht...
An op apple.de steet och datt se en well verscheeken!
|
|
09.12.2005 13:50 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
Bei apple kanns de en bestellen mee kris en na net
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
11.12.2005 13:18 |
|
|
Mogway unregistriert
|
|
jep.. de Kleesche war definitif eischter do.. Hun e lo och schon eng gudd Zaitchen... Mier haaten en den Daach drop vum Release...
|
|
11.12.2005 22:03 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
Daat heecht ech haat gescht am dichter zu dikrech awer richteg gesin...et haat sech bessen no aperture ugesin...dann kann daat en jo fleit gewiercht sin
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
11.12.2005 23:35 |
|
|
Ritch
Mitglied
Dabei seit: 04.01.2006
Beiträge: 30
Herkunft: Eischen
|
|
Also ech benotzen eng software wou ech Catalogen erstellen.
iviewmedia pro
Dans klasséieren ech meng Foto'en mat engem Label (Roud, giel , brong,...), dann kann ech heno een tri dorop maachen.
An fir meng nach besser erem zefannen änneren ech den numm vun der Foto.
BSP:     IMG0544.CR2 (den  kritt een mat ALT+254)
An dann brennen ech se mam Catalog op CD/DVD an maachen se an een Classeur.
Hun awer och emmer een Backup op engem Externen HDD, geet einfach méi séier lol.
Hoffen ech konnt hëllefen,
Ritch
__________________ Webdesigner/developper
|
|
05.01.2006 22:31 |
|
|
|