Marzomatic unregistriert
|
|
Software fir en Hobby Fotograf |
|
Gudden Moien, ech wollt froen wann ech mer als Hobby Fotograf geng den
-Photoshop Elements
-Photomatix
-Lightroom
geng kaafen, op daat duergeet?
Merci
|
|
24.02.2012 11:24 |
|
|
Fennec
Jungspund
Dabei seit: 30.12.2009
Beiträge: 24
Herkunft: Letzebuerg
|
|
RE: Software fir en Hobby Fotograf |
|
Salut,
du kanns alles kaafen soulangs de Geld hues, awer probeier mol Gimp, as Gratis, kennt no un Photoshop erun, bedengt sech awer anescht ewei PS, leeft op allen Platformen.
Fir deng Fro ze beäntweren, et hängt dovun of waats de domat machen wells.
LR as fir ze Katalogiseieren, taggen, kleng retouchen, as awer wahrscheinlech den deiertsten Programm vun den 3 ernimmtenen.
PSE as fir kleng retouchen, huet limiten am verglach zum PS, huet och bestemmt keng Bridge, wees ech awer net, hun dat dengen seit der v 5 net mei benotzt.
Photomatix kennen ech net, as awer bestemmt ok.
Eng aner Fro: hues de schon un Studentenversiounen geduecht? do kriss de dei Komplett Versioun zum Preis vun der Ofgespecktener +-, allerdengs musst de bei Adobe eng Schülerkaart oder Proffekaart eranschecken.
Wenschen dir nach vill Spaass beim Probeieren.
Patrick
|
|
24.02.2012 12:38 |
|
|
Zodiac
Mitglied
Dabei seit: 27.06.2009
Beiträge: 36
|
|
Alos zum Photomatix wollt ech just drop hinweisen dass den just fir HDR-Fotoen ass!!!!
Den Lightroom ass schon zimlech gudd, do kanns du wanns du fotoen am RAW-Format mess bal alles unpassen vun Anstellungen. Ass awer net geduecht fir montagen. an een schafft am géigensatz zum PS net mat ebenen.
Zu Photoshop Elements kann ech der net vill soen, den benotzen ech net.
MbG
Luc
|
|
24.02.2012 17:18 |
|
|
gogo
Moderator
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 128
|
|
Wann een sech un den LR gewinnt huet, dann well een sech nie mei dofunner trennen.
Wichteg ass e gudd Buch dat der derbäi helleft, ech empfehlen der do "Lightroom 3" vum Scott Kelby.
PSE soll anscheinend de besoin'en vun engem Photograph duer goen, hat ech mol heiren... hun awer ni mam elements geschafft.
besuerg der mol gratis testversiounen, dei kann een meechtens 0,5-3 meint testen.
|
|
24.02.2012 21:07 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Ech schaffen ganz vill mam Lr3, wann een keng Montagen well maachen geet deen u sech masseg duer, Ps ass dann just nach gespills wat een mecht well een et kann, an net well een et brauch.
Den Zodiac huet zwar Rescht dat den Lr net direkt mat Layeren schafft, mee ass trotzdem alles non-destruktiv, well en intern awer mat enger Art Layeren schafft an déi egalwéi ëmmer mat der Originaldatei gespäichert ginn, an een dan zu egal wéi engem Moment nees alles kann reckgängeg maachen wéi een et well. Du hues och zimlech all Méiglechkeet dodranner vir deng Fotoen ze edéitéieren. En kann zwar wéi gesot lo keng Montagen maachen oder à la liquify Formen veränneren, mee do kanns awer kleng Retouschen maachen wou bis zu Beauty-Fotoen duerginn. Hues domadder och d'Méiglechkeet selektiv ze schaffen, sou oft wéis de wëlls, kanns d'Beliichtung an d'Faarwen effektiv an séier, mee trotzdem prezis steieren, ass eng Lens-Correction vir Verzerrung an chromatesch Aberratioun drann, Grain raus- an ranfilteren, schäerfen,...
Wéi gesot, ech schaffen immens vill dermad, an verschaffen just vereenzelt Fotoen am Ps wann ech wierklech vvill well drun maachen, dat läit awer och drun dat ech mech besser am Ps auskennen well et nach keen Lr gouf wéi ech ugefang hunn Fotoen ze maachen.
Ech géif mer mol den Lr4beta roflueden bei Adobe (gratis bis d'offiziell Versioun 4 rauskënnt), an dann dermadder schaffen, wanns de Froen hues en bëssen am Internet sichen oder hei stellen an dann weider kucken. Virdeel un den Adobe-Programmer ass och dat jiddereen dermad schafft an s de dofir zu praktesch all Problem eng gudd äntwert am Internet fënns.
Ps Elements hunn ech selwer nach nie dermad geschafft, soll awer eng einfach ofgespeckten Versioun vum Ps sinn. kanns de jo och mol als Trial probéieren, wäerts de awer wéi gesot wahrscheinlech éischter seelen brauchen wanns de mamm Lr eenz gëss.
Gimp ass eng Alternativ wanns de wëlles hues komplizéiert Bearbeschtungen, Montagen asw ze maachen. Ass och zimlech vill benotzt, misst also och nach genuch Infoen online fannen.
Nach eng 4t Alternativ wier eng al Versioun vum Ps ze kafen, déi laafen meechtens och nach gudd an ginn vir min. 99% vun den Saachen duer wous de wëlls maachen. Ass awer vill méi bëllehg wéi den CS5...
Vun Bicher kafen géif ech der wierklech ofroden, déi sinn deier, iegentwann eng Kéier wees de alles wat dran steet an dann brauchs de se net méi. Virun allem lo am Ufank wäerts de séier vill léieren, dann 'wiiss de aus dem Buch raus'.
Den Internet ass voller richteg gudder Tutorials, suguer vill op der Säit vun Adobe, et ginn vill Leit wou een kann froen wann een eppes well wessen an du léiers am séiersten duerch einfach ausprobéieren: eng Foto an eemol un all Schieber gereckelt vir ze kucken wat geschitt.
Ahjo: Photomatix ass JUST vir HDRen ze maachen, dat brengt der guernäischt. Ech hunn däer lo schon lang an vill gemach an hunn en nach nie gebraucht an och nach nie vermësst.
__________________ Anti-Signature
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Metalbambi am 25.02.2012 19:07.
|
|
25.02.2012 19:06 |
|
|
Digital-Art unregistriert
|
|
Jo de Lightroom ass a staarken Tool an ergänzt sech gudd mat dem PS. Denken wann een déi zwee besetzt huet ee schon baal alles waat ee brauch.
Ech gesinn de Lightroom wéi een Tool mat deem een haut daat mecht waat se fréier an der Dunkelkammer (Darkroom) gemach hun. Also e RAW "entweckelen" an kleng Retouchen virhuelen. Huelen un den Numm Lightroom soll e Wuertspill op daat analog't pendant sinn.
Ech ginn ëmmer esou vir dass ech all Foto déi ech bearbechten vir d'éischt ëmmer am Lightroom opmaachen. Praktesch ass en och well een alles op ee Bleck gesäit an och zum Deel verwalten, a katalogiséieren kann. A wéi de Metalbambi richteg seet ass alles non-destruktiv. Egal waats du mechs, däin Original gëtt nie verännert an alles ass Reckgängeg ze maachen.
Op alle Fall een Tool deen ech net méi mëssen well.
|
|
26.02.2012 08:01 |
|
|
Fennec
Jungspund
Dabei seit: 30.12.2009
Beiträge: 24
Herkunft: Letzebuerg
|
|
Hallo,
Mengs de net den Photomagic? Deen get et gratis als shareware, as eng PSE copie op hallef esou deier.
PaintShop pro as eng gud alternativ zu den deieren Adobe Programmen.
Ech hun beid Programmer net ausprobeiert, du fenns awer Artikelen doriwer an den Fotozeitschreften.
P.
|
|
27.02.2012 15:44 |
|
|
VeloBen
Doppel-As
Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140
|
|
Et haenkt ganz dovunner off waats de alles mat denger Software wëlls maachen.
|
|
27.02.2012 22:26 |
|
|
Zodiac
Mitglied
Dabei seit: 27.06.2009
Beiträge: 36
|
|
@ Metalbambi: "en Zodiac huet zwar Rescht dat den Lr net direkt mat Layeren schafft, mee ass trotzdem alles non-destruktiv, well en intern awer mat enger Art Layeren schafft an déi egalwéi ëmmer mat der Originaldatei gespäichert ginn, an een dan zu egal wéi engem Moment nees alles kann reckgängeg maachen wéi een et well."
Merci fir korrigéieren
|
|
28.02.2012 13:58 |
|
|
|