Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Allgemeng » Froen zu Photogen » Fro fir d'Moderatoren » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Seiten (5): « erste ... « vorherige 2 3 [4] 5 nächste » Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Fro fir d'Moderatoren  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
DarkRoom
Mitglied


Dabei seit: 08.03.2011
Beiträge: 28

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Merci Johnny - ass eng Äntwert / Astellung dei ech novollzéihen an mat deer ech liewen kann smile
25.05.2011 17:28 DarkRoom ist offline E-Mail an DarkRoom senden Beiträge von DarkRoom suchen Nehmen Sie DarkRoom in Ihre Freundesliste auf
Mika
Doppel-As


Dabei seit: 03.03.2007
Beiträge: 143

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@DarkRoom: Ech mengen du mierks daat och selwer? Also wann ech Loscht kréien, puer Fotoen hei ze kommentéieren, hunn ech och bessen Gedold neien Fotografen puer Saachen ze erklären, déi ech och wees. Mee wanns du dann awer 10 Fotoen hannerteneen hues, wou emmer einfach technesch Saachen, di ganz liicht duerch bessen Eegeninteressi ze verbesseren wieren, mangelhaft sinn, vergeet mir ganz séier d'Loscht um Kommentéieren...

@Schluck: Du akzeptéiers daat jo vun méi oder wéineger Onbekannten jugéiert ze ginn, andeems du deng Foto raschécks, vun dohier huet deng Ausso näischt ze soen...
25.05.2011 17:52 Mika ist offline E-Mail an Mika senden Beiträge von Mika suchen Nehmen Sie Mika in Ihre Freundesliste auf
DarkRoom
Mitglied


Dabei seit: 08.03.2011
Beiträge: 28

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

tjo, do hues de wuel Recht

wei waer et dann mat enger Kategorie : Verbesserungsviirschlei ausdrecklech erwenscht oder esou ?
Ech lueden z.B. ab & zu Fotoen gezielt an esou Kategorien an aaneren Foren erop, eben well ech vun Leit dei sech an bestemmten Saachen (HDR, oder Makro, oder Portrait, ...) besonnesch gudd auskennen gären en konstruktiven Feedback hätt.
Aanescht awer och - ech gin och gezielt an esou Kategorien kucken ob ech vläischt engem mat mengem Wessen weiderhellefen kann
25.05.2011 18:53 DarkRoom ist offline E-Mail an DarkRoom senden Beiträge von DarkRoom suchen Nehmen Sie DarkRoom in Ihre Freundesliste auf
Gaga
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

haha ... eng versammlung vun den Meckerfritzen, an dier ruft mech net ?????

dat as net fein !

großes Grinsen

Bon, ech hun mech verfeieren gelooss an lëen och mein Pefferkär heihin, et muss jo keen en opraafen !

- leider geht et oft zevill "à la tête du client" an net objektiv zou, waat menger mehnung no wei schon gesoot un der momentaner situatioun leit (sin 10 schlecht Fotoen nierwendrun oder 10 besserer), an dann natierlech och wann een sech et bis mat gewessenen Leit verschass huet.(sin dann emol gespaant wei daat mam neien system get!)

- den Punkt vun der Schoul as kloer, an et Stemmt (ech soot et selwer) et geht een net sei Liewen laang an t'Schoul ... eng keier muss een eraus! mais dobai vergiesst der (*richtung mmphotos kuck*) dat et och dei Leit sin, dei den "amateuren" sollen dei gut Tipen gin, dei Leit sin et, dei Inspireieren, dei Leit sin et dei och aus PG daat gemach hun waat et haut as ... mat nemmen Amateursfotoen zit een weder nei Memberen un, nach wessen dei aaner amateuren wei een et besser mecht. dofier MUSS et an mengen Aan och en Moyen gin dei "gut" Leit hei ze behaalen, an hinnen och en Sënn an e Gronnt gin hei op PG hier Fotoen ze weisen. (PS : iert elo een mengt epes dozou mussen ze soen : ech ziellen mech net zu deenen guden, mais ouni sie huet PG fier mech den Charme verluer)
et brauch een jo nemmen ze kucken waat dei läscht meint hei sou leeft ... et as jämmerlech am verglach zu deem waat 2009 hei gewisen gouf wei ech PG entdeckt hun, geschweige denn waat nach fierdrun hei gelaaf as, gei kuckt emol an t'galerie op t'Seiten 1-50...

- an dann : jo ech kann mat Kritik liewen, ech fannen PG eben graat gut well een Kritik kritt, net ewei op FC oder flickr... mais wann et awer nemmen do fair an objektiv zou geht, dann leiwer dei versioun!

jo, ech bedaueren et net meihei op PG aktiv ze sin ... ech hun nach jidderengem de site recommandeiert, fier mech as et dei beschten community dei een kann eraussichen fier seng sachen ze weisen an sech ze entweckelen ... mais ech fannen et traureg dat den comité net iwert deen punkt eraus well denken ... da brauchen mer keng wochefoto, t'fotoen sin jo all nemmen vun amateuren dei nach verbessert mussen gin, fierwaat se dann recompenseieren, duerno mengen se nach se wieren gut ! fierwaat en concours wann een mol als eicht nach muss kontroleieren ob t'user hei iwerhaapt am stand sin eng frei gewielten foto gut eriwer ze brengen, wei sollen se dann bei enger fiergab epes hinkreien ?

et geiff dach duergoen einfach t'kanengecher an t'muppen erauszefilteren an färdeg, mais fierwaat sou weit goen an sachen refuseieeren wou all normalen menschenverstand wees dat et eng sach vun point de vue, gout an opfaassung as, ausserdeem muss een et verstoen dat een mat 40-50-60-70-80 Joer keen Bock mei huet sech beleieren ze loossen, ausser et huet een wierklech vun tuuten a blosen keng ahnung! villeicht sin verschiddener einfach nach net iwert hieren schoultrauma eweg an mengen elo mussen aanerer ze beleieren?!? sou fotoen kennen jo nach emmer als schlecht beispiller dengen ... oder leit et einfach un der serverkapaziteit?

Ech iwerspetzen et erem e bessen, ween mech kennt (richteg kennt, net mengt ze kennen) wees dat ech gàren alles karikatureieren.. dann liicht et eichter an ! Augenzwinkern

Soit, och wann elo erem verschidden leit sech drop stierzen mein kommentar auserneen ze huelen an mer soen ech wier ze krass oder verletzend ... nee.... ech geiff mer wenschen PG geiff erem fier mech mei attraktiv gin, an ech keinnt hei fotoen bewonneren vun leit, zu deenen ech erop kucken... an och leit hellefen net dei fehler ze machen dei ech selwer nach firun e puer meint gemach hun! leit kennenzeleieren dei mein hobbie mat mer deelen, sech ze treffen an ze knippsen, egal ob mat canon, nikon oder

an ech wenschen mer och dat t'leit meng ausrufezeichen accepteieren ... se geheieren zu mier wei de brëll zum Marc Gerard, wei den wuschelkapp zum Panther an den filterknäpchen zum Ed ! e bessen toleranz plz .... ok, lo soot der all ech soll PG sou tolereieren wei et as .... machen ech jo och, an bleiwen eweg bis ech mengen et geiff sech fier mech erem lounen !

Ech wenschen ierch all e scheinen mettwoch owend ...
Augenzwinkern
25.05.2011 19:03
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@DarkRoom: Well déi Kategorie sënnlos wär, well dat soll zoutreffen automatesch fir wann een eng Foto erop lued! Wann mer esou eng Kategorie maachen dann denkt een jo automatesch beim ganze Recht "ah do brauch ech keng Kritik ze schreiwen", an de Sënn vum Site ass dann komplett verschass.

@Gaga: Ah endlech hues de de Thread och fonnt großes Grinsen Mee och dir äntweren ech erëm eppes wou et ëm de Prinzip geet: PG ass net eng Platform fir einfach jiddereen, mee dofir do fir bäi ze léieren oder nei Saachen ze erkennen, an der Fotografie. An ween, wéi s du soos, keng Loscht méi huet eppes bäi ze léieren, den huet definitiv dann näischt méi hei verluer. Dat ass den absolute Grondprinzip vum Site, an wann deen net méi agehal gëtt dann maache mer de Site wierklech zou smile

D'Muppen an d'Kannengecher just eraus filteren -> Wisou schreiwen Leit dann an aneren Threads se mengen mer sollen nach méi streng sinn ? Hei sinn 2 komplett verschidde Fronten, an mir sinn an der Mëtt smile

Serverkapazitéit ... do soll et definitiv net dru leien, esou grouss ass PG guer net Zunge raus (aktuell +- 25 GB)

Deng Ausrufezeichen hat ech deemols erwähnt well ech der wollt kloer maachen dass wann s de se esou asetz wéi s du et mëss, et ëmmer eriwwer kënnt wéiwanns de deng Meenung deenen aneren opdränge wëlls, et war e privaten Tipp iwwert deen s de der solls Gedanke maachen. Ech schreiwen lo keng Regel hei dass keng Ausrufezeechen méi däerfen gebraucht ginn Zunge raus

__________________
404 - Not found
25.05.2011 19:24 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
DarkRoom
Mitglied


Dabei seit: 08.03.2011
Beiträge: 28

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@Johhny
et soll jo keng Kategorie fier Kritiken, mee ausdrecklech wei ech geschriwwen hun fier Verbesserungsviirschlei sin

Just Kommentarer - op positif oder negatif - soll een wann engem dono ass jo emmer nach "normal" ennert eng Foto setze kennen
Ech mengen wiirklech eng Kategorie an deer een gezielt an ausschliesslech no Verbesserungsviirschlei freet

Als Beispill : ech hun d'Meigelegkeet en Fotostudio "geleint" ze kreien. Ech sin awer absolut keen Studio-Expert, bzw hun nach nie Fotoen an engem Studio gemeet. Ech gin elo hin, maachen am Studio e puer Fotoen, lueden se hei erop an Froen eis Studio-Expert'en hei um PG waat ech falsch maan / besser maan kann / verschidden Effekter erzielen kann etceterapepe
25.05.2011 20:31 DarkRoom ist offline E-Mail an DarkRoom senden Beiträge von DarkRoom suchen Nehmen Sie DarkRoom in Ihre Freundesliste auf
Gaga
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ech wees jo Johny, ech hun aal erennerungen opgeruff (!) Augenzwinkern

Du hues recht, alles eroplueden brengt et och net, dei situatioun haaten mer jo och firun kuerzem an huet keen befriddegt ... aanerwerts as et nie färdegbruecht gin eng objektiv an fair selectioun ze machen (an mengen Aan an an fillen aaneren Leit hieren)

T'Zauberleisung huet nach keen fonnt, se wert och nie fonnt gin...

Ech hoffen dats de daat esou mengs dat een aus Prinzip nie am lierwen ausleiert, wann net dann schockeiert mech deng Ausso .... well wann et wierklech deng Mehnung as dat PG op "gut" leit kann verzichten dann ....naja!

Waat ech hei geleiert hun an 2 Joer, an ech hun wierklech 2 meint nodeems ech mein eichten apparat haat hei op PG ugefaangen februar (2009, no engem klengen Photocours beim TOPO), daat hun ech geleiert duerch Leit dei mer Kommentarer geschriwen hun, an duerch Eroplueden an duerch kucken vun Fotoen vun Leit ewei dem Spako, dem Gloda, dem Panther, dem Maimonides, dem Dr an an an .... ech nennen elo express nemmen dei, dei net zu mengem Bekanntenkrees geheieren daat huet naischt domader ze din... voilà, awer ech hun naischt geleiert duerch dei 2 refuen dei ech kritt hun, do hun ech nemmen gestaunt, bon bei engem wor et ze erwuarden well se zimlech erotesch wor.

Soit, ech hun fier mech decideiert, wei schon gesoot gouf, mech vun deem ze distanzeieren waat meneger mehnung no net mengem Prinzip entsprecht. Dofier warden ech oof an kucken wei t'Sachen sech entweckelen, am Moment entsprecht PG net deem waat ech mier fierstellen, an eierlech gesoot gesait een dat et sech och net an eng positif Richtung entweckelt huet. Et sin vill nei Leit komm, an vill aal Huesen gaang, waat an mengen Aan dozou gefouert huet dat wierklech 2tklasseg Biller un der Daagesuerdnung sin, an et as keen mei do deen wierklech epes beidreit zum "schoulechen" Aspekt.
(hun ech mech schon iwer iphone Fotoen opgereegt??? Augenzwinkern )

Am Endeffekt denken ech mer ememr dat net t'Leisung vum Probleem, mais mol den Ufank vum Leisungswee t'Kommunikatioun as, de Schluck soot et schon.

Et get een net gewuer waat t'Administratioun denkt, welles huet an wei se sech waat fierstellt ... änlech wei bei den refuen, wann een Stonnen bei enger Foto sutz an mat engem 4 Wierder-Refus weggedonnert get "Deng Foto as net scharf" ... dann as een net frou, an daat huet naischt mat Kritikfähegkeet ze din.

Schon den Fait dat den "System" een hei Dutst as fier mech en no-go, egal wei cool een well sin! Och dat t'Adminen mam Num wou se refuseieeren selwer hei aktiv sin as en no-go an mengen Aan, et kennt onprofessionel eriwer an brengt net den neidegen Respekt an t'Distanz eriwer tescht Userfrenn an administrator (beidseiteg natierlech). daat sin Punkten wou ech PG geiff rooden mol driwer nozedenken, dei Zeiten wou et en Site wor vun 5 Kollegen dei sech wellen hier Fotoen weisen sin eriwer ... an ech mengen PG as ze schnell, ze grouss gin fier dat den Konzept konnt ugepasst gin. (upassen heescht net änneren)

Soit, alles mein Pefferkär ....
25.05.2011 21:09
Gaga
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von DarkRoom
@Johhny
et soll jo keng Kategorie fier Kritiken, mee ausdrecklech wei ech geschriwwen hun fier Verbesserungsviirschlei sin

Just Kommentarer - op positif oder negatif - soll een wann engem dono ass jo emmer nach "normal" ennert eng Foto setze kennen
Ech mengen wiirklech eng Kategorie an deer een gezielt an ausschliesslech no Verbesserungsviirschlei freet

Als Beispill : ech hun d'Meigelegkeet en Fotostudio "geleint" ze kreien. Ech sin awer absolut keen Studio-Expert, bzw hun nach nie Fotoen an engem Studio gemeet. Ech gin elo hin, maachen am Studio e puer Fotoen, lueden se hei erop an Froen eis Studio-Expert'en hei um PG waat ech falsch maan / besser maan kann / verschidden Effekter erzielen kann etceterapepe



Post deng Fotoen am Forum ....

Augenzwinkern
25.05.2011 21:10
Schluck
Doppel-As


Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Du akzeptéiers daat jo vun méi oder wéineger Onbekannten jugéiert ze ginn, andeems du deng Foto raschécks, vun dohier huet deng Ausso näischt ze soen


@Mika:
Ech sinn jo och een Unfänger, ech hun virun ee bëssen mei wéi engem Joër meng eicht Kamera an den Grapp geholl ... ech sinn weder Bohlen nach Pink Floyd ;-)

Ob's de lo mengs meng Biller wieren schlecht ass mier egal, mir gefallen se an den Bands mëschtens och, ech hun vill Fortschrëtter gemach zu engem groussen Deel duerch d'Kommunity héi, duerch Biller kucken an analyséierën an Kommentarer schréiwen.

@Gaga: Ech ginn der an allen Punkten recht, just bei engem nët an dat ass deen dass de dech nët zu denen gudden ziels. Virun allem dass ët och d'Kommunity ass dei PG zu dem mëscht war ët ass/woar ass genau dat wat PG sou flott mecht vis-à-vis vun Flick, FC, Stern, usw.

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Schluck am 25.05.2011 21:13.

25.05.2011 21:11 Schluck ist offline E-Mail an Schluck senden Beiträge von Schluck suchen Nehmen Sie Schluck in Ihre Freundesliste auf
Mika
Doppel-As


Dabei seit: 03.03.2007
Beiträge: 143

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@Schluck
Egal obs du réischt grad ugefaang hues oder nitt, Fotografie ass Konscht, also bass du Kenschtler großes Grinsen An och Leit wéi den David Gilmour hu mat Akkorden ugefaang op der Guitar, mat einfachen Fangerübungen...mee si hu sech nitt ginn, si hu weider no neien Klangwelten gesicht an voilà, si haaten och nach bessen Talent ;-)
Ech denken, do wäeren och Concertshaalen, di hier fréier Gruppen refuséiert hunn, ma du kanns nitt virun däer Diir stinn an däi Leewe laang kréischen a meckeren...
25.05.2011 21:24 Mika ist offline E-Mail an Mika senden Beiträge von Mika suchen Nehmen Sie Mika in Ihre Freundesliste auf
Schluck
Doppel-As


Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@Mika: Lo nach eng keier mei lues fir dech dass och du ët verstees:

ET GEET HEI NET EM MËCH
25.05.2011 21:29 Schluck ist offline E-Mail an Schluck senden Beiträge von Schluck suchen Nehmen Sie Schluck in Ihre Freundesliste auf
Mika
Doppel-As


Dabei seit: 03.03.2007
Beiträge: 143

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Du am Gebrauch vun "een"? Et muss nitt fir dech zeelen, ma du schings dech jo mol ferm ugesprach. Naja, egal wéi, mat däer do Method dréis du nitt grad vill zur Diskussioun bäi..
25.05.2011 21:49 Mika ist offline E-Mail an Mika senden Beiträge von Mika suchen Nehmen Sie Mika in Ihre Freundesliste auf
Schluck
Doppel-As


Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:

Original vum Mika
@Schluck
Egal obs du réischt grad ugefaang hues oder nitt, Fotografie ass Konscht, also bass du Kenschtler großes Grinsen An och Leit wéi den David Gilmour hu mat Akkorden ugefaang op der Guitar, mat einfachen Fangerübungen...mee si hu sech nitt ginn, si hu weider no neien Klangwelten gesicht an voilà, si haaten och nach bessen Talent ;-)Ech denken, do wäeren och Concertshaalen, di hier fréier Gruppen refuséiert hunn, ma du kanns nitt virun däer Diir stinn an däi Leewe laang kréischen a meckeren...


???

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Schluck am 25.05.2011 22:11.

25.05.2011 22:10 Schluck ist offline E-Mail an Schluck senden Beiträge von Schluck suchen Nehmen Sie Schluck in Ihre Freundesliste auf
WorldTraveler
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Baal net ze gleewen! großes Grinsen

Ech hun desst Thema opgemach, an schon laang ned mei dono gekuckt.

Ech misst laachen, wie ech gesin hunn, dass sech mein Thema zu enger decker "Streiderei" (wann een daat kann sou nennen) entweckelt huet! großes Grinsen

Dobei war et nemmen 1 Fro, dei ech un d'Moderatoren gestallt hat!

David

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von WorldTraveler am 25.05.2011 22:17.

25.05.2011 22:16
DarkRoom
Mitglied


Dabei seit: 08.03.2011
Beiträge: 28

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

... wei wär et dann wann der äre klenge Krich an der Sandkaul ausdroe geift, Kanner ?

an dir wonnert iech dass d'Leit iech hei fortlaafen ?
25.05.2011 22:28 DarkRoom ist offline E-Mail an DarkRoom senden Beiträge von DarkRoom suchen Nehmen Sie DarkRoom in Ihre Freundesliste auf
Mika
Doppel-As


Dabei seit: 03.03.2007
Beiträge: 143

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Am Engleschen géifs du (=een) och "you" benotzen...
25.05.2011 22:35 Mika ist offline E-Mail an Mika senden Beiträge von Mika suchen Nehmen Sie Mika in Ihre Freundesliste auf
Schluck
Doppel-As


Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ass ok Mika, dat ass jo den Nodeel un sou Forendiskusiounen do kommen sou Mëssverständnisser fir, ët ass méi einfach ze diskutéieren wann een un engem Dëch setzt.
25.05.2011 22:42 Schluck ist offline E-Mail an Schluck senden Beiträge von Schluck suchen Nehmen Sie Schluck in Ihre Freundesliste auf
Mika
Doppel-As


Dabei seit: 03.03.2007
Beiträge: 143

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Jo ok, d'Betounung geet verluer, do hueste Recht großes Grinsen mee ech hunn awer d'Gefill, wéi wannste nach guer nitt richteg gelies hues, waat ech geschriwwen hunn, och wann et "hors sujet" ka sinn...
25.05.2011 22:49 Mika ist offline E-Mail an Mika senden Beiträge von Mika suchen Nehmen Sie Mika in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@Gaga: Ech sot jo net déi gutt solle goen, mee déi déi gutt sinn an genee wëssen wat se maachen, wëssen och ganz genee dass een ni ausléiert smile Mee déi déi näischt WËLLEN bäi léieren, déi hun um Site näischt ze sichen. Et stëmmt, léieren direkt duerch e Refus mécht een net vill. Ma et hun awer trotzdem méi wéi schonn 1 gesot dass se doduerch motivéiert gi sinn besser Resultater ze maachen.

Op wat bezitts de dat dass een net gewuer gëtt wat d'Administratioun denkt??? Ech erklären dach eise Standpunkt ëmmer laang a breet wa mer op eppes ugeschwat ginn. Wann elo vun eis ni ee géif op eosu Saache reagéieren géing ech dee Saz vun dir verstoen, mee esou? An dass ech net all Mini-gedanken den ech zu PG hun hei schreiwen ass jo awer och normal Zunge raus

De "System" wärt hei ni een "dierzen"! Ech hun nach déi läscht Deeg mat engem "alen Hues" diskutéiert an hee mengt et feelt eben grad d'Gemeinschaftsgefill, dass et méi muss duergestallt an behandelt ginn wéiwann een eng grouss Grupp wier, an du sees elo hei komplett de Géigendeel. an ech fannen hei däint och onpassend, well wann et onperséinlech gëtt, geet et Richtung Facebook ... An fir esou ee Projet sinn ech net Bereed mech esou anzesetzen wéi hei. Esou ee Projet mécht een net aus Spaß dann, mee fir Suen draus ze zéien oder soss e Profit. Also wat dat ugeet sinn ech wierklech komplett géint dat wat s du wëlls smile

Bon, déi läscht puer Posts waren hei sws fir d' Kaz Zunge raus

__________________
404 - Not found
25.05.2011 22:56 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Nagarjuna
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
et feelt eben grad d'Gemeinschaftsgefill, dass et méi muss duergestallt an behandelt ginn wéiwann een eng grouss Grupp wier


Ganz denger Meenung! Ech wier souguer dofir fir mol eng Gruppenfriess ze organiséieren. Soss sinn et jo mol Staumeetings ginn oder ech war och mol bei enger PG Friess am Restaurant dobäi. Ech fannen och dass dat hei iergendwéi an Vergiessenheet geroden ass. Awer net nëmmen bei PG... am allgemengen ass et vill Stress ginn (fir mech perséinlech och op der Aarbecht). Iwwert sou eng Forum-Diskussioun entstinn just streidereien an d'Resultat ass emmer erem dat selwescht. Wann mir eis bei enger Pizza gierfen géigeniwwer setzen, dann wier alles sou einfach. Soll ech Doodlen? großes Grinsen
25.05.2011 23:26
Seiten (5): « erste ... « vorherige 2 3 [4] 5 nächste » Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Allgemeng » Froen zu Photogen » Fro fir d'Moderatoren

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH