ambu0754
Grünschnabel
Dabei seit: 29.09.2010
Beiträge: 4
|
|
welch Objektiv fir Sportfotoen |
|
Moien,
ech wollt Irsch emol froen weigeen Objektiv am beschten wier fir Sportsfotoen zemaachen?
ech hun een NIKON 18-200mm 1:3,5-5,6 objektiv.
wann ech fotoen machen, gin fotoen onscharf. wier frou wann dir mir puer Tippen keint gin.
|
|
07.02.2011 14:45 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Also dat klassescht ass en 70-200 f/2.8, ech hunn z.B. den Sigma, well dat den eenzegen ass wou een bezuelen kann.
Wanns de méi no drun kënns kann en gudden Standard-Zoom och nëtzlech sinn, mee dat ass ganz seelen den Fall.
__________________ Anti-Signature
|
|
07.02.2011 15:05 |
|
|
BlueRic
Tripel-As
Dabei seit: 22.11.2005
Beiträge: 155
|
|
RE: welch Objektiv fir Sportfotoen |
|
Weis äis mol eng vun deenen onscharfen Fotoen. Am beschten mat EXIF-Donnéen.
En 18-200 as net onbedengt dat richtegt Objektiv, schon eleng wéint der Blend 5.6 bei 200mm. Wann do keen sonnegen Dag as bzw. du bas an enger Haal, dann hues de schon e Problem fir kurz Beliichtungszaiten ze kréien. Dat heecht du kanns dann de Sportler hier Bewegungen net afréieren.
Dofir as dann en Objektiv mat Blend 2.8 scho vill wert. Do kanns de deng Beliichtungszäit bei der selwechter Lucht a selwechtem ISO 4x méi kurz wielen.
Wat och wichteg ass, ass, dass de der Gedanken mes wat de Fotoapparat mecht fir scharfzestellen. Ech wees net wéieng Nikon's de elo hues, mee do kanns de dain Autofocus normalerweis op S,C, oder M astellen.
z.B. bewegt de Sujet sech op dech duer, oder vun der eweg muss jo jo usech dauernd nei scharfgestallt gin soss bewegt en sech jo aus der Ebene eraus wous de scharf gestallt hues an der Zait teschend scharfstellen an Foto-machen. Dofir wiels de dann "C", dat steht wir continuous (kontinuéierlech).
Déi Astellung geht och fir de Fall wou en sech vu lenks no riets duerch d'Bild bewegt, mee du muss eben mam AF-Punkt emmer op dem Sujet bleiwen. Kanns also net drop scharstellen an dann d'Foto kadréieren.
M (manual) kann awer och ganz nëtzlech sin.
Beispill bei engem Hürdenleefer. Du stells einfach ob déi Hürd scharf wous de den Leefer wells fotograféieren, a genau an dem Moment wou en do driwer sprengt mess de deng Foto. Wann deng Beliichtungszait kurz genuch agestalt war kriss de secher eng schaarf Foto.
Mee weis äis wirklech mol eng vun deene Fotoen déi naicht gi sin.
Dieser Beitrag wurde 8 mal editiert, zum letzten Mal von BlueRic am 07.02.2011 16:17.
|
|
07.02.2011 16:13 |
|
|
VeloBen
Doppel-As
Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140
|
|
RE: welch Objektiv fir Sportfotoen |
|
Ganz kloer den 70-200 2.8 vun Nikon.
Ech stung firun der selwechter Froe weiss du. An eng duerchgehen Blende vun 2.8 ass Gold wert bei Sportfotoen. Et get och een Thema vun mir hei am forum.
Wanns de daat objektif opp eng DX cam montéiers, get esouguer een 105-300 draus. Domadden decks de dann wierklech baal alles off.
|
|
07.02.2011 18:42 |
|
|
ambu0754
Grünschnabel
Dabei seit: 29.09.2010
Beiträge: 4
Themenstarter
|
|
RE: welch Objektiv fir Sportfotoen |
|
ah ok, vilmols merci.
wollt nach just froen wat eng DX cam as?
ech sin nach ufänger an hun zwa eng gudd camera geschenkt krut (Nikon D300s)
an kann ech och eng aner mark huelen wei sigma oder tamron well sin nach schüler an hun net grad dat passend kleng geld fir direkt iwwer 1000€ auszegin.
|
|
07.02.2011 19:48 |
|
|
BlueRic
Tripel-As
Dabei seit: 22.11.2005
Beiträge: 155
|
|
RE: welch Objektiv fir Sportfotoen |
|
All Mark déi Objektiver fir Nikon mecht kanns de fir Nikon Geheiser benotzen.
Pass just op DX an FX op. Mee bei enger D300 as dat usech egal.
Wat z.B. schon flott wir, wir en Nikkor 300mm f/4D ED IF AF-S.
Dat kascht e gutt Stéck manner wéi en AF-S 70-200mm 1:2,8G ED VR II huet awer schon 1 Blend méi wéi dain 18-200 an du erweiders dain Brennwäitenbereich well 70-200 hues de jo scho ganz am 18-200.
Weis äis dach mol eng Foto w.e.g. Et as menger Meenung no méi wichteg ze wessen wéi een sech muss uleen, wéi, dass een dat optimalt Equipment huet.
|
|
07.02.2011 20:36 |
|
|
ambu0754
Grünschnabel
Dabei seit: 29.09.2010
Beiträge: 4
Themenstarter
|
|
RE: welch Objektiv fir Sportfotoen |
|
ah ok,
merci
mee leider awer nach emmer iwwer 1000€.
maachen muar eng foto drop, well setzen grad net op dem richtegem pc.
|
|
07.02.2011 22:08 |
|
|
VeloBen
Doppel-As
Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140
|
|
RE: welch Objektiv fir Sportfotoen |
|
Waat fier eng Zort Sportfotoen mess du ?
Bass de dobaussen oder indoor ?
Muss de weit fort sin dass de een groussen Zoom barauchs ?
Soe eis dein Uwendungszweck an dann fannen mir raus waat passt vun Objektif.
|
|
07.02.2011 22:22 |
|
|
ambu0754
Grünschnabel
Dabei seit: 29.09.2010
Beiträge: 4
Themenstarter
|
|
RE: welch Objektiv fir Sportfotoen |
|
ma maachen fotoen fir den Handball.
also heinsdo sin ech noh drun dann gin 50mm duer, mee heinsdo och net dann brauch ech gudd 200mm.
An et ass emmer dobannen.
|
|
07.02.2011 22:26 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Also ech war Gëschter réischt an der Coque vir Handball ze knipsen an hunn do just den 70-200 benotzt. (Déi aner gréisstendeels och.) Eng Festbrennwäit wéi den 300er ass menger Meenung no Kabes bei Sport (Handball mol sécher!) well een domadder ze vill ageschränkt ass. Et ass ëmmer Beweegung dran, an d'huet een bal ni d'Zäit an d'Méiglechkeet den Kadrage dann eben duerch no vir an no hannen goen ze änneren. Vir Indoor géif ech och näischt mat enger méi klenger Blend wéi 2.8 huelen, brauchs do einfach d'Luucht.
Wat vir Sport och wichteg ass, ass d'Method wéi d'Objektiv schäerf stellt, dat muss séier goen! Ultraschall-Motoren empfehlen sech hei, well se immens schnall, an relativ präzis schaffen. Bei Nikkor heescht den Spaass mengen ech SWM, bei Sigma HSM.
Hei z.B. mäin: http://www.sigma-foto.de/produkte/objekt...kro-ii-hsm.html
hunn ech vir 600€ um Internet kaf.
__________________ Anti-Signature
|
|
07.02.2011 22:54 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Also ech wees jo net wéi dier är Sportsfotoen maacht, mee wann der déi verwackelt well ech net wëssen wéi schäerf ären Sujet nach ass. Bei Sportsfotoen geet et jo souwisou drëms kuerz Beliichtungszäiten ze kréien, d.h. ënner 1/200s, an do verwackels de dann och näischt méi mat 200mm
Ech hunn zwar en VR am Body, mee deen ass vreckt, an hunn nach ni, awer wierklech ni, eng verwackelt Foto beim Sport gehat.
__________________ Anti-Signature
|
|
08.02.2011 22:01 |
|
|
VeloBen
Doppel-As
Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140
|
|
Kuerz Beliichtungszeiten sin jo schéin a gut. Mee wann d'Liichtverhaeltnisser net méi gut sin dann muss de och mol vlait zwangsleefeg deng Beliichtungszeit eroofschrauwen., wann iwer ISO an Blend naischt méi méiglech ass fier en brauchbart Resultat ze kréien.
|
|
08.02.2011 22:37 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Dann kriss de souwisou keen brauchbaart Resultat méi well den Sujet komplett onschäerf gëtt. Bei Sportsfotoen beweegt d'Motiv sech meeschtens méi séier wéi den Fotograf mat senger Kamera wackelen kann.
Mat 'laangen' Beliichtungszäiten sinn just nach Matzéier méiglech, an do hënnert en Stabilisator och méi wéi en hëlleft.
__________________ Anti-Signature
|
|
08.02.2011 22:48 |
|
|
VeloBen
Doppel-As
Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140
|
|
Nikon seet:
"Der objektivbasierte Bildstabilisator (VR) von Nikon - für ein ruhiges Sucherbild
Der objektivbasierte Bildstabilisator erzeugt ein stabiles Bild im Sucher und stellt damit eine leistungsfähige Bildauswahl-Hilfe. Somit kann sich der Fotograf auf Bildausschnitt, Komposition und Scharfeinstellung für die perfekte Aufnahme konzentrieren. Auch wenn der Dauerbetrieb des Bildstabilisators das Fotografieren meistens vereinfacht, gibt es Gelegenheiten, in denen der Wahrnehmungsunterschied von Bewegungen durch das Auge und im Körper beunruhigend wirken kann. Um dies zu vermeiden, können die meisten VR-NIKKOR-Objektive umgeschaltet werden: Stabilisierung ständig oder nur im Moment der Aufnahme.
Vorteile:
Einfache und genaue Scharfeinstellung
Das objektivbasierte VR-System von Nikon stabilisiert das Bild im Sucher und macht es damit einfach, präzise auf das Motiv zu fokussieren.
Vereinfachte Auswahl des Bildausschnitts
Die Auswahl des Bildausschnitts wird durch das VR-System erleichtert, da das Sucherbild verwacklungsfrei betrachtet werden kann. Unvermeidliche Zitterbewegungen werden kompensiert, und das gesamte Fotoerlebnis wird verbessert, selbst bei schwierigen Aufnahmen in schwachem Licht oder bei Nacht. Dank des objektivbasierten VR-Systems von Nikon können Sie sich darauf verlassen, dass die Schärfe, die Belichtung und die Bildkomposition genau dem Bild im Sucher entsprechen.
Belichtungsmessung
Bei Spotmessungen ist das Belichtungsmessfeld klein und mitunter schwierig in der Position zu halten. Das vom objektivbasierten VR-System erzeugte stabile Sucherbild stellt eine ausschlaggebende Hilfe bei der Positionierung des Messfelds und auch bei der Bereitstellung eines klaren und präzisen Bildes für den Messsensor dar. Die Spotmessung ist genauer und konsistenter.
Optische Eigenschaften
Für jedes VR-NIKKOR-Objektiv wird das Bildstabilisatorsystem individuell konstruiert und optimal an die Optik und die typischen Anwendungsbereiche angepasst.
|
|
08.02.2011 23:20 |
|
|
VeloBen
Doppel-As
Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140
|
|
Hey Metalbambi.
Du mess deng Photoen dach mat enger Sony Alpha 700? Bei Sony ass dach den Steady Shot am Body agebaut, oder?
Well vill Sigma an Tamaron Objektiver fier Sony kritt een souwieso emmer ouni Bildstabilisator.
Bei Nikon get et keen Bildstabilisator am Body.
|
|
08.02.2011 23:39 |
|
|
Laurent76
Tripel-As
Dabei seit: 22.01.2010
Beiträge: 162
Herkunft: Erpeldange
|
|
Zitat: |
Original von Metalbambi
Dann kriss de souwisou keen brauchbaart Resultat méi well den Sujet komplett onschäerf gëtt. Bei Sportsfotoen beweegt d'Motiv sech meeschtens méi séier wéi den Fotograf mat senger Kamera wackelen kann.
Mat 'laangen' Beliichtungszäiten sinn just nach Matzéier méiglech, an do hënnert en Stabilisator och méi wéi en hëlleft. |
Daat ass esou weit net falsch...!
nemmen mengen ech net daß eisen Kolege "ambu0754" nemmen zu 100% Sportsfotoen mescht. Ennert dem Strich, och wann hien hei schreiwt hien brauch daat fir Sportsfotoen, mengen ech daß wann et der vill wärten sin max 2-5% vun sengen Fotoen wärten sin, also wär zu 95-98% een Bildstabilisator vun Vierdeel.
Weider wärs de bei Indoorsportarten net oft mei kleng Belichtungszait wei 1/200 hun, daat ass dobaussen natierlech ganz anescht. 2.8 Blend virausgesaat, wanns te Blend zoumes ass 1/200 bei Indoor schon een Draam....
Mee wei ech schon geschriwwen hun sin 600€ fir een 2.8ter 70-200 ganz ok...!
;-)
__________________ Laurent
|
|
09.02.2011 09:15 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Den Punkt mat der Beliichtungs- an Distanzmoossung mëscht Sënn, mee an eisem Alter misst een et awer nach sou roueg gehal kréien dat et och ouni geet...
@ VeloBen: Ech hunn zwar en VR am Body, mee deen ass vreckt, an hunn nach ni, awer wierklech ni, eng verwackelt Foto beim Sport gehat. (Hat ech schon geschriwwen)
Zur Beliichtungszäit: An der Coque ass et ëmmer hell genuch vir schon bei 800ISO an f/2.8 1/200s ze kréien, oft geet souguer eng 1/250s. An den meeschten Halen wou ech bis lo Fotoen gemaach hunn ass et ähnlech hell geweecht. (Mäin Favorit: alen Tramschapp um Lampertsbierg!!!)
__________________ Anti-Signature
|
|
09.02.2011 22:50 |
|
|
|