Gaga unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von xaph32
@ mc queen: ech denken dann un d'buch
@ gaga: ech hun do nach eng iddi fir een luutenset, ech brengen e beispill matt, me ech denken et ass komplizéiert... |
ok, ziell eis ongefeier waats de mengs, well zu 11 as et net besonneg wann mer samstes um 15.00 ufänken ze décideieren waat machen mer ! resp. wann mer et dann all Mensch nach mussen erklären !
Ech muss mol nach bezuellen lol, an evtl. verlängeren mer nach em 3 Stonnen, waat mengt der ????
|
|
16.01.2011 11:18 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
mh, 3 stonnen ass knapps, ech géif der 6 huelen (wanns de wëlls kann ech eng participation aux frais maan ;-) )
wat main luutenset ugeet, dat kucke mer vlait wann mer genuch zait hun, soss maan mer dat wann den dirk am märz dobai ass
xav
|
|
16.01.2011 11:42 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
un deenen 15 € bleiwen mer net hänken, breng du den Beier mat !
Luchtensetup, jo, at de Bletzer as et problematesch, souwisou as prektesch keen brauchbaren Hannergronnt do ..
mat den Dauerliichter kanns de och net schaffen well et geht nemmen 1 !!!
Am moment as e bessen chaos am studio, mais souweit ech wees as material bestallt....
|
|
16.01.2011 16:03 |
|
|
casual-kamikaaze unregistriert
|
|
Wéi as ët mat accessoires? Solle mer eppes matbréngen? Ech kann Bassguitarre mathuelen... solle mer vlaicht och en speziellen outfit hun?
|
|
17.01.2011 14:06 |
|
|
pfoto unregistriert
|
|
22 Januar - Spontanen Photoshoot |
|
Net fir lo hei wellen Chaos ze maachen, mais ech hun den Photogen- Studio awer och schon fir mech gelount fir Samsdes den 22. Januar vun 15:00 Auer un .
Wat as dann do lass ?????????
|
|
17.01.2011 16:04 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
wien huet dann d'confirmatioun kritt???
pfoto oder gaga???
|
|
17.01.2011 19:24 |
|
|
casual-kamikaaze unregistriert
|
|
Ai ai aiiiii..... GAGAAAA!!!!!
Bon egal... fir ons geet ët awer och! Also confirméieren ech mam Laura.
|
|
17.01.2011 20:51 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
Also dei nei confirmatiounen :
1. Gaga
2. Gennaro
3. Greg & Laura
4. Alex
5. Nagarjuna
6. Suraki 50%
7. Xaph
8. Schluck
9. Grinskichelchen
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Gaga am 18.01.2011 07:31.
|
|
17.01.2011 21:50 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
|
17.01.2011 22:32 |
|
|
Schluck
Doppel-As
Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114
|
|
Ok .. Sonndeg misst fir mech och goën mais just nach eng keier fi secher ze sinn dass ech dat richteg verstinn Samsteg moies an Sonndeg mëttes ??
|
|
17.01.2011 22:41 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
Nee Schluck, nemmen Sonndes!!!!!
Sonndes vun 15-21.00.
Geint 20.00 kennen mer jo nierwendrun eng Pizza buffen goen, all zesummen!?!
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Gaga am 18.01.2011 07:32.
|
|
18.01.2011 07:30 |
|
|
Alko unregistriert
|
|
Ma et giff mech freeën fir Sonndes och dobäi ze sinn!
|
|
18.01.2011 10:01 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
Also dei nei Confirmatiounen :
1. Gaga
2. Gennaro
3. Greg & Laura
4. Alex
5. Nagarjuna
6. Suraki 50%
7. Xaph
8. Schluck
9. Grinskichelchen
10. Alko
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Gaga am 18.01.2011 10:13.
|
|
18.01.2011 10:12 |
|
|
alex
Jungspund
Dabei seit: 22.08.2008
Beiträge: 20
|
|
Gudd Idi Gaga, sin och fir Pizza dobai!
|
|
18.01.2011 10:46 |
|
|
TomEwert
Doppel-As
Dabei seit: 21.12.2006
Beiträge: 107
|
|
déi saach mam bletzgeschiir ass guer net problematisch. wann der wellt kann ech dohinner kommen an ierch en puer tips gin fir liichtopbau etc. kéint ierch en klengen crash-cours maachen falls dir interesséirt wiert, virschidden luuchtsituatiounen weisen an esou weider.
__________________ Hier sollte jetzt etwas unglaublich geistreiches stehen ... tut es aber nicht
|
|
18.01.2011 12:56 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von TomEwert
déi saach mam bletzgeschiir ass guer net problematisch. wann der wellt kann ech dohinner kommen an ierch en puer tips gin fir liichtopbau etc. kéint ierch en klengen crash-cours maachen falls dir interesséirt wiert, virschidden luuchtsituatiounen weisen an esou weider. |
yep ganz gär, woubai den crashcours haten déi meescht, hei géif et méi drëms goen fir gezielt zu engem resultat ze kommen ;-)
|
|
18.01.2011 13:38 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
genau, stemmen dem Xaph zou, also souguer dei, dei nach nei en bletz gesin hun, ausser aus den Wolleken kommend, kann een an 5 Stonnen vill Weisen, mir hun 2 Modelen (W), an genuch (M) fier fun soft bis hart alles duerchzegoen, ausserdeem duerno dann nach e bessen ze spillen !
As eng gut Idee ... just dei aal Huesen sollen sech net langweilen ...
Ech mengen wann mer fier all situatioun e bessen erklären fierwaat waat gut as, kritt een schon vill mat. villeicht motiveiert et t'Leit och dann selwer den Studio mol ze lounen an dann selwer e bessen ze kneschelen.
de probleem as eben dat mer net zu 10 kennen gleichzeiteg fotoen machen ... daat get Chaos an t'Bletzer iwerhetzen eis ...
|
|
18.01.2011 13:51 |
|
|
TomEwert
Doppel-As
Dabei seit: 21.12.2006
Beiträge: 107
|
|
ma ech sin dann och gaeren dobai.
giff soen, dass mir daat einfach ziemlich breedgefaechert waerten ugoen. sou dass fir all mensch eppes dobai ass.
vielleicht wier et interessant am virfeld ze wessen, waat d leit dei deelhuelen, dann giff mei genau interesseiren.
ech giff mol dei heiten saach virschloen ze weisen
- wei funktionneiren d bletzer? wei stellen ech waat an? wei monteiren ech dei verschidden luuchtformeren? wei gin ech un en shooting erun?
- verschidden luuchten an luuchtformeren an hiiren afloss op ...
- ... haart an weech luucht (gudd dass mir M an W modelen hun, do kann een daat gudd demonstreiren)
- verschidden lightning setups, aus weiengen deeler besteet d luucht, haaptluucht, fell-luucht, effektluucht, etc.
waat gifft dir nach gaeren wessen?
// EDIT a propos aal huesen, daerer gin et net am studio, kann een emmer nach neies dobai leiren, an wann et nemmen eng approche a saachen workflow ass. ech leiren emmer erem dobai an fannen grad daat interessant. Mais tant mieux wann aal huesen dobai sin, dann kennen dei sech och ennereneen austauschen, ech giff gaeren matlauschteren.
Weint villen leit : daat muss een positiv kucken, vill leit heeschen vill ideen, heeschen vill verschidden inputs, heescht vill verschidden photos an herungehensweisen.
// EDIT 2 : an weint dem iwerhetzen, eier dei ons iwerhetzen muss mir och ons heissblueteg gemueter rofkillen mat engem klengen seffegen secret oder och einfach op d' amitié drenken eben
__________________ Hier sollte jetzt etwas unglaublich geistreiches stehen ... tut es aber nicht
Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von TomEwert am 18.01.2011 14:38.
|
|
18.01.2011 14:34 |
|
|
|