Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Also et ass jo vill spekuleiert gin eiert 30D op de Maart komm ass dass dei schonn soll Vollformat hun (Also KB Format am fong). Herno war et nemmen e klengen Update wirklech par rapport zu der 20D ...
Et hun der vill gesoot an 1-2 Joer hätt scho keng DSLR mei keen Vollformat ... och dei kleng Modeller. Lo ass et anscheinend sou dass Canon op der Photokina soll 50D presentéieren, waat vum Body hier à la 30D ass, mee mat Vollformat, fier ënner 2000€.
Waat haalt dir vun der Saach? Wann Vollformat sulues bezuelbar gët fir Hobbyfotografen, kaaft der ierch eng mat Vollformat oder nët?
Ech sin am fong zefridden mat engem 1.6 Crop, ass jo emmer rem gudd fir am Tele ze fotografeieren
Wollt just nach kuerz soen dass ech mat desem Thema einfach bessen well gesin waat d'Leit sou dofun haalen an waat sie sech fir sech selwer su virstellen. Lo keng Diskussiounen iwert soss iergent welch Saachen
__________________ 404 - Not found
|
|
04.04.2006 21:56 |
|
|
faragerri
Jungspund
Dabei seit: 20.09.2005
Beiträge: 18
|
|
Duerf ech mol froen waat vollformat soll sinn?
|
|
05.04.2006 12:45 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
Ma dei kleng Modeller vu Canon z.B. 350D an 30D dei hun en Crop Sensor, do gët Bild em 1,6 vergréissert, se hun net d'Gréisst vum 35 KB Format. An daat gët als Vollformat bezeechent. 5D huet Vollformat z.B. ...
__________________ 404 - Not found
|
|
05.04.2006 12:47 |
|
|
CK
Eroberer
Dabei seit: 27.01.2006
Beiträge: 69
|
|
Also ech denken fir sérieux Vollformat ze benotzen bréngt et just wann een och Objektiver huet di gudd genuch sin. Wann ech kucken wéi verschidden belleg Objektiver schon bei engem 1.6x Crop um Rand méi onscharf sin, well ech net wessen wéi déi dann op 1x sin... Mee wann een dann e puer dausend Euro muss ausgin fir uerdentlech Objektiver dann ass een awer rem bei engem Budget deen daat ganzt fir Hobby-Photographen oninteressant mecht.
Ech denken vlaicht éichter dass den 1.3x Crop ierjendwann verschwënnt an dass et dann permanent wärt esouwuel 1x wéi och 1.6x gin: den FF hallt fir Profiën oder ambitiéis Consumer déi sech daat léeschten kënnen, an 1.6x fir Hobbyfotographen oder als Alternativ (Zweetkamera? Groussen-Zoom-Kamera?) fir Profiën.
Waat mech ugeht kann ech eigentlech ganz gudd mam 1.3x vun menger 1D Mark II liewen, do hun ech bessen d'Firdeeler vun esouwuel 1.3x wéi och 1.6x
|
|
05.04.2006 16:21 |
|
|
faragerri
Jungspund
Dabei seit: 20.09.2005
Beiträge: 18
|
|
Ok, ech mengen ech verstinn elo mol esou hallef em waat et geet. Wann den Ck seet daat brengt nix dann gleewen ech him daat och, well hien huet dodranner den Duerchbleck.
[off-topic: wei wier et mol mat en puer neien Fotoen op denger Seit]
|
|
05.04.2006 17:13 |
|
|
CK
Eroberer
Dabei seit: 27.01.2006
Beiträge: 69
|
|
Also ech muss daat relativiséieren, et brëngt menger Meenung no naischt fir Hobby-Fotografen. (An eigentlech zielen ech mech och nach zu dem Grupp och wann et net méi strikt stëmmt.) Mee fir aner Bereicher respektiv aner Notzen ass FF secherlech eng Saach di een considéréieren soll - wann een 5000 euro oder méi kann investéieren.
An aneren Wierder, een deen zum Beispill eng 5D huet an en 24-70 an en 70-200 IS, fir deen mecht daat secher Senn... mee dann ass een awer och circa 2400+1000+1600eur lass. Anererseits fannen ech wier et blöd fir 2400eur auszegin fir eng 5D, an dann zB. en bellegen 100-300 oder esou eppes dropzesetzen wou een nie kann di ganz Meiglechkeeten vun engem FF-Sensor (mat dozou gehéirender héiger Opléisung) emzesetzen.
Mee net just mir glewen, mee selwer informéieren, well den totalen Duerchbléck hun ech och net (ëmmer).
)
[ Off-topic: ech weess.
]
|
|
05.04.2006 19:12 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
Jop ehc gesin daat genee sou. Hun mer daat och schonn säit mei laangem geduet, wou d'5D bis um Maart war. Vill Leit spueren fir sech dei ze kaafen, an herno hu se keng Suen mei fir dei passend gudd Objektiven. War och e Grond dofir wisou ech mer nie Gedanken iwert eng 5D gemaach hun
Ech geif och soen dass Vollformat nach bessen bleift fir dei kleng Modeller, mee waat Canon do genee mëcht, wees een nët. Well sou gesin, waat sie maachen, daat ass aktuell an déi aaner musse sech praktesch hinnen upassen, un hinnen orientéieren.
Ech sin mat engem 1.6 Crop ganz zefridden, och wann ech mer warscheinlech gläich eng 30D wärt kaafen fir meng 350D ze ersetzen
__________________ 404 - Not found
|
|
05.04.2006 20:06 |
|
|
Letsch
Grünschnabel
Dabei seit: 07.04.2006
Beiträge: 3
|
|
Ech geif mengen dass FF emmer nemmen fir dei mei Professionell (oder dei dei mengen dass se et sinn
) bleiwt. Fir d'Kamerahersteller geiw et jo och keen senn machen. FF ass nët d'leisung!!!!
Wann een sech eng Kamera à la 5D keeft, muss een nach matt Objektivkäschten rechnen dei zum deel mei deier wei d'Kamera sinn. Z.B. fir den ganzen Brennwaitenbereich vun WW bis Tele ofzedecken meisst een schon baal Sigma 12-24/ Canon 17-35, Canon 24-70 L/Canon 24-105 L an Canon 70-200 2.8 L kaafen aus dem einfachen Grond dass FF-Kameraen an den Ecken Vignetteieren wei eppes. Dei Ecken hudd een bei APS-C DSLR's net dropp duerch den Crop vun 1.5/1.6.
Ech geif soen dass sech FF reischt lound wann een bereed ass 4000€ oder mei ze investeieren an se an all hiren Kapaziteiten ze notzen…
|
|
08.04.2006 22:19 |
|
|
Pletsch
Tripel-As
Dabei seit: 06.01.2006
Beiträge: 183
|
|
Gif ech och mengen. Wann een nemmen e puer Kit-objektiver huet lound et sech net. Do muss een schon vill mei ausginn
|
|
30.04.2006 16:01 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
"E puer Kit-Objektiver" ? Waat mengs de domat? Daat eenzecht Objektiv waat wirklech als Kit bezeechent gët bei Canon ass den EFS 18-55mm.
Ech si ganz zefridden mat mengem 1.6x Crop.
__________________ 404 - Not found
|
|
30.04.2006 23:57 |
|
|
MadSir
Eroberer
Dabei seit: 17.03.2006
Beiträge: 74
Herkunft: Howald
|
|
Also ech hun eng 20D, also keen FF, ech sin ganz zefridden dermadd. Ee Kolleg hued eng 5D also FF, et mierkt een alt mol d'Ennerscheeder.
Hien hued een Canon 24-70L, ech daat vun Sigma 24-70. Matt 24mm mirkt een dann zwa wann een daat nemlecht Motiv well knipsen wei wait een nach muss no hannen goen (keint een elo als WW Beispill nennen)
Par contre, wann een elo am Tele knipst, ass et mei flott matt engem 1,3 oder 1,6 crop factor ze fueren, dann hued een matt 200mm Brennwait schon eng effektiv vun 320mm (bei 1,6).
Ech sin dauernt um Munkelen ob ech meng 20D soll verkaafen fir en néi, mee dobai ass den Sensor net d'Haaptroll, mee éischt de klengen Display bei der 20D an all dei Automatik Programmer, déi ech eh nie brauch. An de Bletz um Apparat selwer brauch ech och net, an deen ass mol bei der 5D raus wéinst dem FF.
An wéi och schon erwähnt, kann et bei FF gären zu vignettéierungen kommen.
An wann een den Sensor botzen muss, dann muss ee méi botzen
*ironesch*
|
|
10.05.2006 11:00 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
Jo an weinst dem Tele well ech och Crop haalen.
Dei Programmer dei brauch ehc och guer net, op der 30D, ass jo ganz egal ob dei derbei sin oder net, an de Bletz ass och egal
. Ech gebräuchen en och ganz ganz seelen. Den Display bei der 30D ass zwar mei grouss, mee an der Sonn erkennt een net vill drop...
__________________ 404 - Not found
|
|
10.05.2006 13:06 |
|
|
MadSir
Eroberer
Dabei seit: 17.03.2006
Beiträge: 74
Herkunft: Howald
|
|
Huch, haat geduercht se hätten dei Automatik Programmer bei der 30D weg geloss? (hun specs am fong weider nach net gekuckt).
Fir daat matt der Sonn, ech hun gelies do gengen et Folien gin déi do kéinten hëllfen, ob et stëmmt, wees ech awer elo net.
|
|
10.05.2006 17:02 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
Nee dei sin do och nach derbäi.
Folien gleewen ech käum dass hellefen dass een mei erkennt wann et su hell ass. Mee et ass komesch well an der Sonn erkennt een näicht, also do daacht den Display net vill, an dobannen kanns de vun engem extrem spatzen Wénkel drop kucken an et gesäit een emmer nach. E luschen Kompromiss wei ech fannen.
__________________ 404 - Not found
|
|
10.05.2006 17:20 |
|
|
Pletsch
Tripel-As
Dabei seit: 06.01.2006
Beiträge: 183
|
|
jo dat ass och ziemlech Lusch mais ech giff soen do ken een weineg maan
|
|
22.05.2006 22:41 |
|
|
P0mPiDu
Mitglied
Dabei seit: 04.05.2006
Beiträge: 23
|
|
Deen Problem dass een op den LCD-Displayen vun den Kameraen an der Sonn näicht gesait hudd mat der Hannergrondbeliichtung ze dinn dei net stark genuch ass (eng besser dran ze maachen geet net duerch den ze heichen Stroumverbrauch!).
Ween kennt dat net:
Scheint Weeder, d'Sonn schingt, an d'well een raus an den Gaart mam Laptop schaefn goen, wei an den Reklamen…mä den Problem ass do deen selweschten wei op den Kameraen:
D'Hannergrondbeliichtung ass net stark genuch.
D'Leisung zu deem Problem hunn se reicht virun kuerzem fonnt, also nach net genuch Zäit gehaat fir se anzebauen:
Deen Problem gedd duerch LED'en geleist dei Hannert dem Display leien. Doduerch dass se baal keen Stroum par rapport zu deenen anneren Luchten ass et meigleg se anzebauen, an ausserdem sinn se zimmlech leeschtungsstaark. Also, nach e bessen gedellegen…
|
|
23.05.2006 15:34 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
Euhm P0mPiDu also ech verstin net waat däi Kommentar mam Vollformat ze din huet
__________________ 404 - Not found
|
|
23.05.2006 15:49 |
|
|
P0mPiDu
Mitglied
Dabei seit: 04.05.2006
Beiträge: 23
|
|
Daat ass just een hinweis doropp mat äeren Displayfolien, fiir dropp hinnzeweisen, wei daat mat der Sonn funktioneiert.
Lo hunn ech nach vergies ze soen dass Displayfolien virun allem geint Reflexiounen gudd sinn, an zu engem klengen deel helleffen se och geint d'Sonn…
|
|
23.05.2006 16:00 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
Hm jo k.
Sws beurteelt ee seng Fotoen awer herno um PC reischt richteg
zum Thema Vollformat: hätt ech d'Suen fier mer d Objektiver ze kaafen an alles, geif ech direkt op Vollformat wiesslen.
Ech sin emol gespaant wen waat op der Photokina virstellt ...
__________________ 404 - Not found
|
|
23.05.2006 16:03 |
|
|
Mogway unregistriert
|
|
also daat meescht as jo scho gesoot:
1. Nodeeler, Fierdeeler mat de Brennwaiten
2. Die Saach mat den Objektiver (mus een sech echt zum Deel nei kaafen, diermno wei een een huet...)
Mee 3tens kennt nach d Saach mam Format selwer dobai...
Also ech hun all meng Photoen am 18x24 Format waat engem 3:4 entsprecht. Engem theoreteschen 3 zu 4. Mee daat geht am Endeffekt awer nie mat de Proportioune vun engem Chip op. Weder Vollformat, nach APS-Chip.
Waat ech beim Vollformat leiwer hun as, as datt een en net su vill beschneide mus, wei en APS Chip fier en 18x24 Format ze kreien.
Beim APS as ett mei praktesch fier mi laanggezugge Biller ze maan...spriech 10x20 oder sou ...
Daat mat den net compatibele Formater fannen ech souwisou kack..... vum Print hier... aanert Thema...
Also as daat am Endeffekt och rem aafaire de gout... Dei een awer deier ze kaschte kennt.. An dofier MUS e Vollformat SECHER NET sin....
)) Mee wann e richteg belleg get..... hmmmm... T as awer mei Info am Bild..... Vill mei...
))
|
|
11.07.2006 10:57 |
|
|
|