|
|
jane76lu
Grünschnabel
Dabei seit: 24.06.2008
Beiträge: 1
|
|
Nikon D90, Canon 500D oder 550D? |
|
Moien,
sou ech hun mech lo decidéiert méng éischt SLR ze kaafen. Lo ass d'Offer nawell grouss. ech wees net sou richtech waat ech kaafen soll.
Hun méngem Papp séng D90 probéiert, tip top déi Machinn, bessi méi schwéier ma se war trotz allem gudd ze bedingen.
War dann haut froen fir och eng Canon 500D an 550D mol kennen an den Hänn ze haalen, war bessi méi kompakt an och méi liicht.
Et ass lo sou dass ech um Gebidd vun der Photographie nach keng Erfahrung hun, et awer well léieren, bis an den klengsten Detail. d.h och spéider mol alles op manuell ze versichen anzestellen.
dann stellt sech d'Fro wéieng SLR ass net ze komplizéiert an waat fir Objektiv sollt een am bäschten dobai huelen well et kritt een se jo baal just nach am Kit.
Ech krut ugebueden:
eng Canon 500D mat 18-200 Sigma Objektiv fir 999Euro
eng D90 mat 18-200 Sigma fir 1260 Euro
eng Canon 550D mat 18-55 an 55-200 Kit fir 990 Euro an mam 18-55 Kit fir 779 Euro
waat brauch een dobaussen méi an der Natur? besser direkt 18-200? well ech net sou gären vill d'Objektiv wiesselen falls ech mol an enger méi sandeger Géigend sin. oder soll ech kucken een Kit mat 18-55 an 75-300 Tamron ze kréien?
sou lo sin ech gespaant op är Rotschléi
merci gesoot
Jeanne
|
|
18.09.2010 18:19 |
|
|
BerBe
Eroberer
Dabei seit: 20.02.2010
Beiträge: 68
|
|
RE: Nikon D90, Canon 500D oder 550D? |
|
Also ech sinn mat menger D90 deck zefriden, mee fir deen Preis hat ech awer en Nikkor 18-200 derbei :S
|
|
18.09.2010 21:52 |
|
|
BlueRic
Tripel-As
Dabei seit: 22.11.2005
Beiträge: 155
|
|
RE: Nikon D90, Canon 500D oder 550D? |
|
D'D90 as vielleicht souguer besser wéi 550D, ech kennen do elo net all Detail. Mee du mes mat kenger e Fehler.
Ech kann awer just vun esou 18-200er ofroden, dat as net onbedengt optimal wat d'Bildqualitéit ugeet. An do hues de och net wirklech grouss Blenden.
Et hängt natierlech dervun of wat een dann brauch. An der Natur fir Déieren as eng grouss Blend besser. Fir Landschaften as et usech egal, well een do jo fir déi typesch Landschaftsfotoen jo gären vill Déiftenschärft hätt.
Mee esou grouss Zoombereicher as wirklech net gutt wann een och Bildqualitéit well.
D'Objektiv as méi wichteg wéi den Apparat.
|
|
19.09.2010 11:40 |
|
|
Laurent76
Tripel-As
Dabei seit: 22.01.2010
Beiträge: 162
Herkunft: Erpeldange
|
|
RE: Nikon D90, Canon 500D oder 550D? |
|
D90 krut een Nofolger, nähmlech D7000....., just esou als Umierkung.
Entweder waarts te elo nach e ebssen ob D7000 (meiglech dat en se schon ze kaafen krit) oder du wars nach e bessen mam Kaaf vun der D90, den Prais wärt faalen
__________________ Laurent
|
|
20.09.2010 08:58 |
|
|
Fennec
Jungspund
Dabei seit: 30.12.2009
Beiträge: 24
Herkunft: Letzebuerg
|
|
Hallo,
momentan as d'Photokina zu Köln, e gudden Root, fuer dohin an kuck an Probeier alles aus, mat den Objektiver, alles as do, daat fenns de net hei zu Letzebuerg an engem Geschäft.
Awer ewei firdrun schon geschriwen gouf, as en extremen Zoom net ideal, well dei fänken bei 3.5 oder nach mei un, domat hues de keng Freed wanns de mol op enger Platz bass wou net vill Luucht as.
Och an der Wüst as der domat net gehollef, och wann e mengt do wier vill Sonn, also och hell, dei scheinsten Vuen an Biller kriss de muerges oder Owes.
D'Objektiver sin dat wichtegs un der Photographie, gudd Glas as deier an schweier, awer du hues vill Freed domat
Vieleicht get dein Budget awer dodurch gesprengt
Hues de nach net drun Geduet dir eng Occasioun ze kafen ? an dann en 50/1.4 an en 85/1.8 dobei, mengen dat misst och fir 1000€ ze kreien sin.
Patrick
|
|
22.09.2010 00:02 |
|
|
|
|
|
|