Sicho
Foren As
Dabei seit: 22.10.2006
Beiträge: 79
|
|
ech hun gemengt ech misst och mol een Photoblog maan, et fennt een en ennert http://photoblog.sicho.info
den Photoblog gett een Deel vun enger ganzer "Blogosphere" dei ech mer graad opbauen
|
|
15.07.2010 13:16 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
Themenstarter
|
|
ech hun rem bessi u méngem site gebastelt.
ech ma méng säit schon éiweg mam iweb an hun elo iframes a snippets vir mech entdeckt a spillen domat. ech hun 't gevill, wann ech esou weider man as et fläit awer besser engkéier alles mam dreamweaver oder sou ze man XD mee gin amfong guernet eenz domat, dovir as iweb relax vir mech. huet awer natiirlech coh séng nodeeler, mee mol kucke wat der dovunner halt.
neiegkeeten:
uewen as sou een banner-méissegt bild wat bei all refresh a nom zoufallsprinzip eent vu momentan ronn 30 biller lued. d.h. ofwiesslung
déi éischt säit as elo den newsblog, mee an engem iframe. problem: et kann ee kengem méi e link schécken op een eenzeelen artikel. dat nervt e bessi. wann ech engem well déi nei galerie vum leschte phototalk weisen, da mussen sech duerch de blog klicken ... kann do een en zaubertrick? mee zënter ech et esou man mech den iWeb-Blog och net méi séng komech mucken, dass e bei der iwwersiicht nemmen déi lescht 3 artikelen uweist, dat as cool!
problem2: den iWeb-Problem, dass en an der iwwersiicht déi falsch domain vun engem links uweist hun ech behuewen andeems ech de link selwer antippen, mee da weist en de ganze spass am iframe un, wat natiirlech blöd as wann uewen an der navi MarcGerard steet, an direkt drenner WorldwidePhotoWalk, oder LookingMyBest
bon, soss gesin ech just kommen dass ech demnächst och méng fotogalerie ännere wäert, mee do hun ech nach keng léinsung fonnt déi mer et nach méi einfach sollt man wéi 't galerie am iWeb, déi as neemlech zimlech cool
also tips si wëlkom vir déi leit déi sech e bessen auskennen.
a jiddereen as wëllkom sech de blog-rss ze späicheren, ech sin coh bereed mol e blogtausch ze man, vir dasse mer ennereneen e besse view an interessenten austausche kënnen
__________________
|
|
06.08.2010 11:59 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Dat mam iFrame gefällt mer net esou. Ech hunn en 1900x1200 Bildschirm, dann wëll ech méi wéi 600px an der Héicht gesinn.
RSS ass awer eng fein Saach, ass abonnéiert.
__________________ www.gloda.net
|
|
06.08.2010 12:06 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
Themenstarter
|
|
salut glodt!
ma déi 600 pixel si jo awer och do, wann ech normal ouni iframe fueren. also z.b. wanns de bei video geess. oder bei photo...
__________________
|
|
06.08.2010 12:13 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Ok. Mä beim Video gëtt et näischt ze scrollen, an bei den Fotoen klappt et well et d'Thumbs do an "Häppecher" op deelt. Am Blog stéiert et mech well et do vill Contenu gëtt, deen vertikal gestaffelt ass.
__________________ www.gloda.net
|
|
06.08.2010 12:21 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
Themenstarter
|
|
intressant. ech zéie mer dat mol op 't long. a fläit änneren ech eppes
__________________
|
|
06.08.2010 12:36 |
|
|
alex
Jungspund
Dabei seit: 22.08.2008
Beiträge: 20
|
|
Salut Marc,
Wier dann en Wordpress Blog naischt fir dein Site auszebauen? Dann misst du en natirlech just vun vireran nei opbauen. Wor eng Idee...
|
|
06.08.2010 13:09 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
De Gilles huet Recht - esoueen iFrame ass eigentlech do ëmmer zimlech Schäiss, virun allem eben fir déi déi e groussen écran hunn. Ech géif bei eegene Säiten ni esou en iFrame asetzen
__________________ 404 - Not found
|
|
06.08.2010 13:16 |
|
|
Focus
Dabei seit: 14.11.2005
Beiträge: 60
|
|
|
10.08.2010 22:50 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
|
20.08.2010 10:27 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
xaph: Wëlls de se just weisen oder däerf een och Kritik ofginn?
__________________ 404 - Not found
|
|
20.08.2010 10:39 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Johny
xaph: Wëlls de se just weisen oder däerf een och Kritik ofginn?
|
natierlëch dierfs de kritiséiren ;-)
me komm mer nët matt coden, well ech sin do totalen amateur, an se ass doudsëcher nët propper codéiert ;-)
|
|
20.08.2010 10:43 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Nee keng Angscht, dat huet kee wärt, dat weess ech
Mee et geet ëm d' Optik:
Courier als Schrëft op Homepagen dat huet ee virun laanger Zäit agesat, mee lo absolut net méi, et gesäit alleng doduerch zimlech al aus, also ale Stil den net aktuell ass, an nach net al genuch fir rem "in" ze sinn
En plus ass d' Schrëft bëssen grouss, an du hues bei Misc dann beemol Verdana agesat. 2 Schrëften esou ze vermëschen ass net gutt, ech géif an denger Plaz am ganzen Verdana notzen, an méi kleng.
An dann nach eppes éischter subjektives: D' Fotoen op der Startsäit bewegen sech zevill / ze séier, en méi dezenten Effekt wier wahrscheinlech méi flott als Aluedung.
__________________ 404 - Not found
|
|
20.08.2010 12:14 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Johny
Nee keng Angscht, dat huet kee wärt, dat weess ech
Mee et geet ëm d' Optik:
Courier als Schrëft op Homepagen dat huet ee virun laanger Zäit agesat, mee lo absolut net méi, et gesäit alleng doduerch zimlech al aus, also ale Stil den net aktuell ass, an nach net al genuch fir rem "in" ze sinn
En plus ass d' Schrëft bëssen grouss, an du hues bei Misc dann beemol Verdana agesat. 2 Schrëften esou ze vermëschen ass net gutt, ech géif an denger Plaz am ganzen Verdana notzen, an méi kleng.
An dann nach eppes éischter subjektives: D' Fotoen op der Startsäit bewegen sech zevill / ze séier, en méi dezenten Effekt wier wahrscheinlech méi flott als Aluedung. |
Ma merci, ech kucken wat ech do déi nächst deeg nach kann änneren ;-)
|
|
20.08.2010 12:46 |
|
|
|
www.theme.de.vu ( einfach op dat Bild klicken )
Ech hunn nach keng Ahnung fir en Layout , dofir ass en mol am wais gehalen ...
Kritik ass erwenscht
|
|
22.08.2010 10:26 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Huel d'Musék op der Startsäit nees eraus. Oder, wann se onbedéngt soll dran sinn, gëff dem Visiteur op d'mannst eng Méiglechkeet se auszeschalten.
__________________ www.gloda.net
|
|
22.08.2010 14:38 |
|
|
|
ok, leider hunn ech keng Méiglechkeet fir en " aus " Knäppchen ... an der neier Versioun ass se dann eraus .
Merci
|
|
22.08.2010 15:22 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Salut Alleguerten,
Ech hunn och elo eng Zäitchen un menger neier Säit gepiddelt. Am September stellen ech zu St. Petersburg aus, an do war et mir wichteg mengem Portforlio een klengen Lifting ze ginn. No vill Gepiddels sinn ech dann endlech mol deels zefridden. Et war mir wichteg dass ech och een klengen CV dobäi hätt.
Hei ass emol déi nei Säit, déi wuel an deenen nächsten zwee Deeg Online geet.
http://www.urbanvisions.lu/
Et ass riets gaangen ëm Musik... Soll ech d'Musik ganz ewech loossen? Se ass erëm am Flash. Ech hunn een Interface bebaut fir d'iPhone, iPad oder iPod. Déi ass schon op dem alen Site aktiv. Do sprengt den Site dann op eng ganz einfach Iwwerfläch eriwwer. Mir gefalen awer bis elo déi Flash Animatiounen ëmmer nach ganz gutt. Villäicht kann ech jo nach eppes verbesseren? Ech free mech op all Feedback.
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Shantideva am 24.08.2010 09:57.
|
|
23.08.2010 21:30 |
|
|
|
Deng Homepage gesäit super aus . !
|
|
23.08.2010 21:45 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Villmols merci, dat freet mech!
Ech muss nach e bëssi Finetuning maachen awer et war mir mol wichteg net ze vill an net ze wéineg drop ze hunn. Leider war ech mat menger aler Säit do e bëssi méi ageschränkt.
|
|
23.08.2010 21:52 |
|
|
|