LP
Doppel-As
Dabei seit: 04.01.2009
Beiträge: 103
|
|
thx vir dain ausführlechen berischt
|
|
21.04.2009 18:07 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
hmmm hun just eng Fro zu photo.lu: daat posterangebot 60x80 fir 9.90euronen wier eng speziell offer mee wou fannen ech raus bis weini dei dann nach leeft?
hun welles ma na een sou unzeschaafen an mat dem ze verglaichen wou ech beim Fotograf selwer drucken geloss hun!
wier gudd wann een ma do kiint een Datum nennen...
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
21.04.2009 18:39 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Déi Aktioun war just bis den 16. Abrell.
|
|
21.04.2009 19:21 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
|
21.04.2009 20:22 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Ma, dann fleis dech well ech hat een Mail kritt wou dran stoung dass d'Aktioun verlängert wier bis den 16. Abrell. Wann daat do steht dann kriss du en jo nach secher fir den Preis. Also z.B. 50X75 am 2X3 Format. Et ass dowert well d'Qualitéiet jo elo secher top notch ass! An wanns du dech elo ereischt umells kriss du jo souwiesou eng Reduktioun.
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Shantideva am 21.04.2009 20:31.
|
|
21.04.2009 20:30 |
|
|
tscjoki
Mitglied
Dabei seit: 04.11.2006
Beiträge: 28
|
|
Zitat: |
Original von Shantideva
Also...
Ech sin amgangen meng nächsten Ausstellung virzebereeden. Dofir hun ech dann och een Test gemeet vun beiden Laboen déi hei ugeschwaat gin sin. Dat waren:
http://www.foto.lu
http://www.saal-digital.de
Bei beiden Servicer hun ech folgend Produkter bestallt:
1 X 30X45 chemesch entweckelt Foto
1 X 50X75 Poster Ausdrock matt
Als eischt zu denen chemesch entweckelten Fotoen:
Saal Digital schafft mat enger Agfa Minilab an et kann een d'Faarwprofiler erooflueden. Den Photoservice schafft mat Fuji Minilab. D'Agfa Minilab ennerstetzen Faarwprofiler and d'Fuji Minilab ennerstetzen keng. Dofir hun ech beim Photoservice präziséiert dass ech keng Autokorrektur op der chemesch entweckelter Photo wéilt. D'Foto soll esou gin wéi ech se verschafft hun an net nach durch irgendeng Korrektur verännert.
Beid Servicer bidden keng 100% 30X45 Formater awer beim Photoservice ass meng Foto genau op d'Blatt komm wéi ech se och um Bildschirm gesin. Beim Saal Digital ass op enger Seit d'Bild e bessi gecroppt (bal 1 cm!!!). Et gin Fotoen wou een daat net mierkt, awer bei menger Foto war den Cadrage pedantesch genau an dofir ass d'Bild net méi sou daat wat et war. Ech hun och beid Fotoen hei heem ennert Normliicht verglach an d'Qualitéit ass praktesch déi selwescht. D'Foto vun Saal-Digital ass e bessi méi donkel an méi kräfteg am Kontrast awer irgendwéi gefällt mir d'Aarbescht hei vum Photoservice e bessi besser. Et ass zwar een immensen Ennerscheed am Preis zwechend 1,79 € bei Saal-Digital an 5 € bei Photoservice.
Fazit: Ech wärt hëchtswahrscheinlech awer méi bezuelen beim Photoservice fir meng Ausstellung ze machen well ech net kann domat liewen dass mir 1 cm vun enger 30X45 Foto fehlt. Dobei kennt jo dass durch den Passe-Partout jo och nach eppes verluer geht. Awer ech well mir och keng Chance entgoen lossen just well sou een Detail net stemmt.
http://www.photogen.lu/index.php?page=photo&id=28996
Elo zum Poster:
Hei ass déi Sach just emgedréint. Ech hat des Woch eng Bestellung fir een Poster kritt. Den hun ech dann och bei beiden Servicer machen geloss an do hun ech awer direkt gesin dass d'Qualitéit vum Poster bei Saal-Digital besser wier. Den Poster huet eng Foto vun den Heigiewen um Belval gewisen wou een Heiguewen am Virgrond ass, an deen aaneren am Niewel e bessi méi weit hannen. Bei der Foto vum Photoservice ass den Kontrast sou verstärkt gin dass d'Foto hieren Charme e bessi verluer huet. Durch d'Kontrastverstärkung ass den Niewel e bessi verluer gangen.
http://www.photogen.lu/index.php?page=photo&id=24248
Schlussfolgerung:
Fir Fotoen ass den Service vum Photoservice hei zu Lëtzebuerg den besseren an fir Posteren ass den Service vun Saal-Digital den besseren. Ech hoffen ech konnt verschidden Leit e bessi mat mengen Erfahrungen hellefen. |
Merci fir deen interessanten Bericht.
Ech muss awer heizou och nach e klengen Päfferkär béiléen.
Bei Saal steht ganz kloer geschriwen dass de Pabeier op dee beliecht get Moosen 305x452 huet an dass hier Machinen eng Toleranz vun 3% hätten.
Dest ass iwerens bei Primphoto zu Esch ouni wellen een ze ernimmen genau selwecht (schaffen mengen ech och mat Agfaminilab)
Daat heescht du muss 3% (laut hierem SAV 2.6%) beirechnen an dann klappt daat einwandfrei am Prinzip.
Iwerpréifen kanns de daat och problemlos an hierem Programm wou's de genau Schnettlinien ugewisen kriss wéi Photo entweckelt get.
|
|
24.04.2009 11:54 |
|
|
McQueen unregistriert
|
|
Hei en klengen Bericht vun mier..
ech hun en Freiden eng Foto bei Foto.lu eropgelueden am Format 40x30.
En Meinden krutt ech en uruff vum Jerome selwer, mat der Info daas
a) meng Fot färderg wär
an dass
b) vu que dass mier quasi Noperen sin (wunnen an der selwechter Stross), ech KENG Frais de Livraison misst bezuelen, den Jerome wollt mier d'Foto selwer lanscht brengen.
Den Print vun der Foto ass ganz gudd gin, an ech hatt en interresanten an ganz flotten perséinlechen Kontakt mat Jerome.
Ech kann also en desem Senn Foto.lu nemmen härzlechst recommandéieren.
Et ass net déi lescht Foto déi ech do printen lossen.
Steve
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von McQueen am 17.06.2009 21:59.
|
|
17.06.2009 21:58 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
idem.
de jerome mecht engem e super service an et get een net wéi eng nummer bahandelt. och wann alles quasi automatesch leeft. mee de jerome as einfach ee mënsch deen sech extrem gudd mat printen auskennt a gäeren huet dass de client dat och mierkt. net um domme gesabbels, mee un der foto.
__________________
|
|
17.06.2009 23:14 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Majo, dann nach eng Kéier kurz meng leschten Erfahrungen. Ech hun dann meng Fotoen fir déi nächsten Ausstellung och erem do machen geloss. Et waren der iwert 40 Steck well ech jo zesummen mam Spako ausstellen. D'Qualitéit war wéi erwart 1A an op den Service brauch ech jo wuel net méi anzegoen. :-)
|
|
17.06.2009 23:42 |
|
|
rom unregistriert
|
|
Daat do as jo interessant. Merci fir déi ausféierlech Informatiounen.
Wäert Foto.lu dann och mol eng Kéier ausprobéieren wann ech méi grouss Fotoen brauch.
|
|
18.06.2009 09:30 |
|
|
Pelz
Tripel-As
Dabei seit: 26.11.2006
Beiträge: 179
Herkunft: Luxemburg
|
|
Hun heieren Foto.lu wier schon faillite. Ass daat wouer oder eng Rumeur?!
__________________ Haste the Day and get a Taste of Chaos
|
|
01.07.2009 23:20 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
|
01.07.2009 23:26 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Ech hat bei engem vun eisen Photogen Concoursen en Print gewonnen. Ech hunn deen elo virun kuerzem bei Foto.lu bestallt, an en ass haut an England ukomm. Mat den normalen Gréissten (10x15 an 20x30) déi ech schon do bestallt war ech ewell ganz zefridden. Den Poster deen ech kritt hunn ass och immens gutt ginn, ech kann mech drop verloossen dass ech dat kréien wat ech op mengem (calibréierten) Schierm gesinn.
__________________ www.gloda.net
|
|
23.07.2010 15:27 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
Et ass gutt esou positives ze liesen
__________________ 404 - Not found
|
|
26.07.2010 16:19 |
|
|
deBaemm
Tripel-As
Dabei seit: 15.05.2009
Beiträge: 211
Herkunft: Holzem
|
|
ech son dann och nach eppes guddes
Ech haat eng Toile bestallt... iwwer PayPal bezuelt an do war beemol ee problem, Gott wees wisou, op allefall net vun der Sait vun Foto.LU aus... Ech haat den gudden Här dun um Telefon an hien huet mer dun ugebueden e ging mer Toile einfach mat Rechung schécken an wann no enger Woch de PayPal net duerch wier ging hien sech einfach mellen an dann sollt ech d'Suen ganz einfach iwwerweisen, also per Rechung bezuelen.
Fazit: PayPal ass schlussendlech awer duerchgaang no enger Zaitchen an ech haat ouni Problemer meng Toile (di och nach super ass), an e super Service aux Clients erliewt!
BigUPs fiir Foto.LU Team
__________________ - If you saw a man drowning and you could either save him or photograph the event...what kind of film would you use? -
|
|
26.07.2010 20:25 |
|
|
m-otiv
Doppel-As
Dabei seit: 01.12.2009
Beiträge: 130
|
|
bestätegen Ech och... hun e professionellen kont op hirem site gemaach, sin net eens gin matt alben kreatioun, dun hat ech en 20 Minutten um Telefon an sin schrett fir schrett guidéiert gin (dat war den Moien)...an den profi System ass einfach genial...Album uploaden, link un Client schécken, an sie kënnen dann hier Fotoen selwer bestellen...An Ech kann de Präis vum Tirage bestëmmen...wéi cool ass dat
|
|
26.07.2010 21:15 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
Zitat: |
Original von m-otiv
... hun e professionellen kont op hirem site gemaach..........an den profi System ass einfach genial...Album uploaden, link un Client schécken, an sie kënnen dann hier Fotoen selwer bestellen...An Ech kann de Präis vum Tirage bestëmmen...wéi cool ass dat |
Do froen ech mech grad wei lang daat do dauert bis verschieden prof. Fotografen unfänken mat meckeren.
Mee d'idee ass supi
An Qualiteit och, ech hunn des läscht 3 pousteren do bestallt 30*45, dei selwescht bei mengem shop, qualiteit war an sech dei selwescht.
Natierlech ass iwer inet bestellen vill mei bequem
|
|
27.07.2010 09:46 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
Zitat: |
Original von Schlimpitz
Do froen ech mech grad wei lang daat do dauert bis verschieden prof. Fotografen unfänken mat meckeren. |
foto.lu ass lo scho méi wéi 1 Joer online, all Profifotograf sollt et kennen an Tëschenzäit an do gëtt et awer kee Grond vill ze meckeren.
__________________ 404 - Not found
|
|
27.07.2010 16:00 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
naja Johnny, ech wuarden drop bis dei eischt "amateur-profi" Fotografen puer Hochzeiten knipsen ginn an Fotoen dodriewer un hier "Clienten" verkaaffen.
Ech wees net op dei leit dann very amused sinn. (wuel verstaan not amused iwert den fotograf, net foto.lu)
Wann ech mech net ieren ass deen een oder anneren photogen user schon op gericht geholl ginn well en fir puer kröten Hochzeiten knipsen gangen war.
Fotograf ass nach emmer en geschützen Beruff.
Wollt den Marc Gerard net do eng keier eng discussiouns ronn lanceiren mat leit vun der Chambre des metiers, affecoten etc etc fir dass een mol en durchblick kritt wei wou waat? Rondremm daat ganzt thema herrscht nämlech zimlech vill konfusioun.
Mech geif daat ganzt nämlech mega interesseiren.
Ech perseinlech fannen dei idee mat den profi account vun foto.lu iwregens super.
|
|
27.07.2010 17:10 |
|
|
|