Gaga unregistriert
|
|
Salut @all.....
Als eicht, eng Sich-funktioun an engem LETZEBUERGEG-Sprochegen Forum as ... SCH**** !
hun nach nie epes hei fonnt lol !
sin gespaant wei dem John sein geplangten text-korrekter op PG wert gin lol !
Soit, ech hun e problem, hun deslecht en objektivwiessel gemach an hun zenter dems e puer deck flecken am Sucher !
Iwer Live-View an op den Fotoen gesin ech se net ?!?
Mat engem aaneren objektiv sin se weider do, also objektiv-ausgeschloss !
1. kann een mer en tip gin wei ech erausfannen wou dei flecken sin ? Ech färten dat duerch t'onschärft se einfach net op der foto ze gesin sin, awer trotzdem villeicht um spiggel oder sensor sin !
2. Wei kann ech evtl. selwer dorun goen, resp. soll ech t'patten derfun loossen ?
3. wann ech bei een pro gin (de Mirgain wert et dann wuel sin) waat kascht mech esou een "Nettoyage" ?
Merci fier all hellef an denkustouss !
|
|
06.04.2010 18:55 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Deng Flecken ass just e bessi Stebs op der Mattscheif. Daat ass net schlemm. Ignoréier et einfach. Bei mir ass sou guer bei menger aaler 5D Stebs op den Prisma komm. Deen kruut ech awer guer net méi weg. D'Mattscheif kanns do oofblosen. Awer paak se nemmen net un. All Fangeroofdrock ass déidlech.
|
|
06.04.2010 19:11 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
Zitat: |
Original von Gaga
3. wann ech bei een pro gin (de Mirgain wert et dann wuel sin) waat kascht mech esou een "Nettoyage" ?
|
ech hun mol eng keier dem Patron do nogekuckt, wei en - mat Drockloft - einfach an de Boitier rageblosen huet
also, ech fir mein Déel geif NIE op dei Idée kommen, do äppes botzen ze loossen,
da leiwer bei den Service schécken a gudd as, da kënnen së an engems och nach de Sensor botzen, souvill kascht daat nët.
|
|
06.04.2010 19:26 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
merci alleguerten,
@shanti : wouhier kann ech mer do secher sin lol ?
@arwa, ech sin och keen fan fum Mirgain, mais am zentrum staat as soss naischt, den Fey as zou, an soss as keen do deen esou een service technique unbid !
an aschecken, naja ... sin ech keen fan !
@vito, merci fototrade as eng alternativ !
den holläner klengt och mei vernünfteg lol !
muss sws nach t'occasiounen do mol erem eng keier checken goen lol !
|
|
06.04.2010 19:36 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Wann d'Flecken just am Sucher sin an weder op der Foto nach am Liveview, dann hues du Stebs op der Mattscheiw oder um Prisma. Stebs um Prisma ass méi onwahrscheinlech well d'Mattscheiw jo nach virdrun ass. Déi ass awer bei denen neien DSLR aus Plastik an do geseit een dann direkt all klengsten Kratzer oder Fangeroofdrock. Dofir net upaaken oder oofpinslen. Hëchstens mat engem Blosballeg e bessi oofblosen.
Edit: Um Spiegel giefs du se gesin an den klappt jo automatesch den ganzen Zeiten den Stebs eroof bei all Foto. An och do kéins du et net op der Foto gesin well den Spiegel jo eropgeklappt ass wanns du d'Foto mechs.
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Shantideva am 06.04.2010 19:48.
|
|
06.04.2010 19:40 |
|
|
Laurent76
Tripel-As
Dabei seit: 22.01.2010
Beiträge: 162
Herkunft: Erpeldange
|
|
Salut Gaga,
souweit ech informeiert sin huet D90 een integreierten Sensorreinigunssystem dran wei eis teutonesch Noperen geifen soen....!
Bei menger D300s funktioneiert daat tiptop wann emol Steps dran komm ass....!
Oder hues te daat schons ausprobeiert an den Steps ass awer nach do?
__________________ Laurent
|
|
06.04.2010 19:49 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Laurent76
Salut Gaga,
souweit ech informeiert sin huet D90 een integreierten Sensorreinigunssystem dran wei eis teutonesch Noperen geifen soen....!
Bei menger D300s funktioneiert daat tiptop wann emol Steps dran komm ass....!
Oder hues te daat schons ausprobeiert an den Steps ass awer nach do? |
Bei him ass den Stebs jo net um Sensor. Soss gief heen en jo net durch den Sucher gesin an en wier op der Foto ze erkennen.
|
|
06.04.2010 19:51 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
nee, sensorreinigung denkt naischt !
jo, ech gesin et am sucher ...
merci fier t'hellef, ech mengen ech loossen et emol nach esou ... sou laang et net eng auswierkunk op t'foto huet as et net sou schlemm ... mais et nerft, et sin 3 flecken, relatif grouss ... also ongefeier t'greisst fun dem klengen veiereck fier den fucusspunkt ze setzen !
1mm +- !
PS :
Meng D90 huet elo 1,5 Joer, 15424 Ausleisungen !
Weini get et Zeit fier een Anstänegen Botztermin ?
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Gaga am 06.04.2010 22:08.
|
|
06.04.2010 21:41 |
|
|
Laurent76
Tripel-As
Dabei seit: 22.01.2010
Beiträge: 162
Herkunft: Erpeldange
|
|
Aja, ok, dann hun ech do eppes falsch verstaan
Ech wees emol daß te bei Nikon deng Objektiver anschecken kanns an dann kris te se fir 125€ komplett auserneen geholl an gebotzt. Daat huet des lescht een mir gesot....!
__________________ Laurent
|
|
07.04.2010 07:54 |
|
|
McQueen unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Gaga
Salut @all.....
Soit, ech hun e problem, hun deslecht en objektivwiessel gemach an hun zenter dems e puer deck flecken am Sucher !
Iwer Live-View an op den Fotoen gesin ech se net ?!?
Mat engem aaneren objektiv sin se weider do, also objektiv-ausgeschloss !
Merci fier all hellef an denkustouss !
|
Salut,
daat haat ech och virun 3 wochen....Haat schon geduecht ech hät Steps um Sensor, mais nodem den Spiggel erop geklappt war an genau gekuckt hun ech neischt um Sensor gesin...Fazit: wei schon hei gesott un der Mattscheif war den Problem. Dofir huet den Sensorresseler neicht gehollef.
Den Problem un der Mattscheiw konnt ech awer mat engem Blosballesch leisen.
|
|
07.04.2010 12:41 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Fir DSLR: Wann der et am Sucher gesitt kann et net um Sensor sin. Wann der er op der Foto gesitt kann et net am Sucher sin.
@gaga: Léier se ze ignoréieren. Mat e bësse Chance falen se nees erof oder eraus. Pass just op d'Gréisst op. Wann s ufänken ze wuessen hues de evtl Schimmel dran. Fir de Moment bas de op jiddfer Fall nach besser ewech wéi deen hei Typ.
__________________ www.gloda.net
|
|
07.04.2010 12:49 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
Merci @all !
Ech wor den owend no der schaff bei den Fototrade !
Gekuckt, mam balon geblosen, naischt !
nach eng keier geblosen an ... alles weg !
1:32min !
Service Monsieur, bonn fin de journée !
Dun soot ech, sou einfach kenns de hei net eweg !
Ech well esou een balon !
13€, an ech hun nach e bessen iwer softboxen fier mein sb600 gebraddelt !
PS : fier en nettoyage ouni prisma an mattscheif froen sie 45@, wann een mei well, daat machen sie net, se huelen naischt auserneen, daat get an den service gescheckt !
|
|
07.04.2010 23:44 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Voilà ... ausblosen an schon ass et OK.
Bei menger aaler 5D hun ech schon geléiert domat ze liewen well do eben Stebs hannert der Mattscheiw um Prisma ass an ech mech schon mat dem Blosballeg doudgeblosen hun an en nach emmer ze gesin ass. Elo gesin ech en net méi well ech et gewinnt sin an souwiesou meng aal 5D nemmen nach selten benotzen.
|
|
08.04.2010 06:51 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
wees de dann och waat den Dr zu deem soot deen iwerall wei haat wann en gedreckt huet ????
|
|
08.04.2010 09:12 |
|
|
McQueen unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Gaga
wees de dann och waat den Dr zu deem soot deen iwerall wei haat wann en gedreckt huet ????
|
jo
|
|
08.04.2010 17:57 |
|
|
Charly
Doppel-As
Dabei seit: 25.04.2006
Beiträge: 114
|
|
Zitat: |
Original von Gaga
...den holläner klengt och mei vernünfteg lol ! |
Den Häer G. (Fototrade) as iwrigens Schwäizer, net Hollänner.
|
|
12.04.2010 13:35 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
ahhh Merci !
Fannen sein Accent ememr sou flott !
Feinen an sympateschen Mensch ! Dofier hun ech ob Hollänner getipt lol !
|
|
12.04.2010 19:17 |
|
|
|