GrAl
Foren As
Dabei seit: 20.11.2006
Beiträge: 92
|
|
Emmer méi hefeg gesäit en hei Studiofotoen oder och Fotoen déi mat Studiomaterial am Fraien gemet gi sin.
Ech géif et eng Diskussioun waert fannen wou jidferen säin Material viirstellt, wat déi eenzel Leit sou vun Material hun an wéi hier Erfarungen domadder sin?
Wat fir eng marque an Model benotzen se vun Blëtz, Softbox, Hannergrond... eben alles wat sou gebraucht get an virwat se sech grad fir dat Material entsched hun?
|
|
07.05.2009 09:16 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Majo ech hu mer mäi "Studiomaterial" ugeschaaft mam Gedanken dass ech ball ëmmer op aneren Plaatzen fotograféieren an u sech keng fest Plaatz hun wou ech d'Saachen kann histellen an se do gebrauchen, ech hu kee Studio.
Demno as Portabilitéit scho mol wichteg. Also hun ech amplatz grouss Studioblëtzer mat Betteriepäck kleng Blëtzer kaaf déi mat AA Batterien laafen an net vill Platz ewechhuelen. Am Moment as dat, alles vu Canon, 1xST-E2 Blëtzausléier (deen as awer e bësse Kaka), 1x580EX an 3x430EX. Mat deem Setup kann ech den Canon Wireless System benotzen fir d'Blëtzer déi op Slave Mode gestallt sin vum Master (also 580 oder ST-E2) ausléisen ze loossen. Den gréissten Nodeel vun deem System as awer dass d'Slaves d'Signal vum Master visuell gesin mussen.
Vu Stänner hun ech Manfrotto Nanoen, 2x den 001B an 2x den 5001B woubäi ech keng Ahnung hun wat tëscht deenen zwee den Ënnerscheed soll sin. Se sin kleng a liicht, fir d'Speedlights un sech perfekt. Et muss ee just oppassen dass se net ëmfalen dobaussen mam Wand wann een soss nach eppes drunhänkt.
An dann fir drunzehänken: Do hun ech 2x Westcott 2001 Shoot-through Prabellien, déi falen sech zwee mol sou wéi déi kleng Prabbelien déi een géint de Reen kritt, an dann sin se kleng a passen a mäi Rucksak. Ech mengen ech investéieren awer nach demnächst an en konvertiblen Prabelli, also een deen ee kann huelen fir doduerch ze blëtzen oder den Blëtz ze reflektéieren.
Dann krut ech nach vrun e puer Wochen eng Westcott Apollo Softbox déi och extra fir Speedlights geduecht as. Den Präis as zwar e bëssen happeg ausgefall well ech mech beim Versand schlecht ugstallt hun.
Ganz wichteg a méngem Arsenal sin nach Gels, fir d'Faarw vum Blëtz unzepassen. Vun Lee an Rosco kritt ee sou Muster déi grad déi richteg Gréisst fir e klenge Blëtz hun.
Fir de Rescht kommen nach e puer Diffuser, Bouncecards and Do-it-yourself Geschier dobäi.
Ech sin amgang en klengen Blogpost iwwer mäi Geschier ze schreiwen, do gin ech dann nach e bësse méi an den Detail.
__________________ www.gloda.net
|
|
07.05.2009 12:10 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
ech benotzen ausschliesslech (dobaussen) eng kombinatioun vun SU-800 mat SB-800 an SB-900.
allerdéngs as den SB900 vir mech keng mussesach, ech denken haut dass ech léiwer nach en SB800 hätt wéi en SB900. déi kann een dann op bëlleg fotosstativer, oder op studioblëtzstativer stellen. ech benozen ni prabbelien, mee hu schon driwwer nogeduet. hu mat prabbelien awer och scho schlecht erfahrungen am wand gemach
__________________
|
|
08.05.2009 11:16 |
|
|
dr_kim_veis
Tripel-As
Dabei seit: 10.01.2009
Beiträge: 157
|
|
@mg: fierwaat den 800 amplaatz den 900?
|
|
08.05.2009 18:30 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
revidéiere mech.
ech benotze wann et geet den SB800 an den SB900 well ech den SB900 net esou gudd am grëff hun. huet ee gan anecht am grapp, ech fannen en eben net esou gudd. kann dat awer eigendlech net begrënnen. as fläit eng sach di jidderee selwer muss entscheeden. an engem anere thread hei am forum huet de gloda geschriwwen das en den SB900 léiwer huet. wat och bal logesch as, well dee jo coh méi nei as. mee ech hu mech och nach net -esou wéi de gloda da emmer brav mecht- mam handbuch dohinner gesat a gekuckt wat dat déngens dann iwwerhapt drophuet ...
__________________
|
|
08.05.2009 23:50 |
|
|
dr_kim_veis
Tripel-As
Dabei seit: 10.01.2009
Beiträge: 157
|
|
ech verstin. ech hun bis elo just en 600er. well mer awer en neien kaafen. komescherweis as den 800 lo op daat duebelt vum prais geklommen.
ech haat eng keier dei zwee geleint. waat ech komesch fonnt hun war dass den 900 sech bei enger gewesser temeperatur oofgeschallt huet. ech hun wahrscheinlech eppes falsch agestallt...
|
|
09.05.2009 05:24 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Zitat: |
Original von MarcGerard
mee ech hu mech och nach net -esou wéi de gloda da emmer brav mecht- mam handbuch dohinner gesat a gekuckt wat dat déngens dann iwwerhapt drophuet ... |
@dr: Dat as eng gudd Saach dass deen sech ofschallt. Soss get et mol Speedlite BBQ.
__________________ www.gloda.net
|
|
09.05.2009 12:04 |
|
|
dr_kim_veis
Tripel-As
Dabei seit: 10.01.2009
Beiträge: 157
|
|
hmm ech haat geduecht en haett sech weinst der keelt oofgeschallt. (et war saukaal wei ech en benotzt hun) mee kann natiirlech sin dass ech ze oft hannerteneen gebletzt hun. souwait hun ech guer net geduecht...
|
|
10.05.2009 02:15 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
Ech haat gescht eng reportage ze man, an obeemol piipst den sb900 well en iwwerhetzt war, natirlech flucht een deen moment. Mee wann een kukt weioft een aaner Bletzer heinsdo benotzt huet....dei hun sech net ausgeschalt....dei waren dan jo och fleit no um oofgrillen ouni dass een et wosst...
Fannnen dei funktioun also unsech gudd.
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
10.05.2009 08:54 |
|
|
|