Mojoo unregistriert
|
|
Ech wëll mäin Portfolio drecke loosen fir zukünfteg Firstellungsgespréicher. Mäin Portfolio huet 28 Säiten mat gréisstendeels Fotoen.
Ech mengen dass d'Bichelchen am bäschten gedréckt ob Fotopobéier ausgesäit. Heiheem hun ech awer keen gudden Drucker deen et qualitativ gesinn esou dréckt wéi ech dat gären hätt. Kann ech mat esou engem Projet bei eng professionnel Dréckerei goën (zum Beispill d'Imprimerie Faber zu Miersch) oder soll ech bei een Fotograf goën? Ech kann mir firstellen dass eng Dréckerei mir een héichen Präis rechent, mee bei engem Fotograf wärt et warscheinlech och net ganz belleg ginn.
Zousätzlech wollt ech froën ob een bei verschiddenen Fotografen d'Méiglechkeet huet déi gedreckten Din A4 Säiten direkt bannen ze loosen?
Selbstverständlech kéint ech mech och direkt bei deenen jéweilegen Imprimerien an Fotografen selwer informéieren, ech wëll awer vertéischt är Rootschléi liesen.
Villmools merci.
Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von Mojoo am 09.02.2009 16:44.
|
|
09.02.2009 16:37 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Hues de och schon un déi Servicer geduecht déi Fotobicher drécken? ZB
lulu.com
blurb.com
Blurb fänkt schon bei relativ klengen Säitenzuelen un, lulu hun ech nach net weider benotzt.
__________________ www.gloda.net
|
|
09.02.2009 17:06 |
|
|
Mojoo unregistriert
|
|
Oh fräck, ech si vill ze wäit siche gaang! Merci Gilles!
|
|
10.02.2009 15:17 |
|
|
tcvs
Grünschnabel
Dabei seit: 04.02.2007
Beiträge: 9
|
|
Salut,
ech stemmen dem Virschlachoch zou dein Portfolios-Buch als Fotosbuch
zemachen, giff vielleicht sougur mei belleg gin, well ech hurlen jo net un das du Buch un
jidereen wells schecken, mais just denen ett weisen dei dech zu einem
Firstellungsgespreich anlurden?
Oder nach besser du mess dein Portfolio op DinA3 daat geht eng ganz aner Wierkung wei
elo op DinA4, Fotoen wierken dann besser.
M.f.G.
Tom
|
|
11.02.2009 14:03 |
|
|
Mojoo unregistriert
|
|
Ech well d'Buch effektiv nëmmen eemool drecke loosen. Villmools merci fir den Rootschlaach!
|
|
11.02.2009 15:31 |
|
|
tcvs
Grünschnabel
Dabei seit: 04.02.2007
Beiträge: 9
|
|
Pass ower op bei weems du Buch drecken leiss net emmer ass ett och dei
Qualiteit dei versprach geht.
|
|
11.02.2009 15:40 |
|
|
claudedh
Jungspund
Dabei seit: 22.12.2008
Beiträge: 23
|
|
|
17.02.2009 10:39 |
|
|
tcvs
Grünschnabel
Dabei seit: 04.02.2007
Beiträge: 9
|
|
|
17.02.2009 13:44 |
|
|
Shogun unregistriert
|
|
Moien^^
also ech hun nach net extrem vill däer Internet Servicer ausprobéiert mee effektik gin ech dem TCVS Recht: ett mus ee wierklech oppasse bei wem een daat drecke leisst well meeschtens verspriechen dei Previewen dei een op hieren homepage gesait meeschtens oft mei wei d'Resultat waat een durno am Grapp häellt.
Ech perseinlech gin zimleech regelméisseg an de Fotocenter Ettelbreck a war bis elo emmer mei wei zefridden.
T'as zimlech einfach sech seng Bicher doheem selwer gestalten mat der Software dei een do roof ze luede kritt.
mfG
|
|
17.02.2009 16:27 |
|
|
Kwitchibo
Dabei seit: 23.06.2006
Beiträge: 441
Herkunft: Eng PERSON WOU MA IMMENS VILL BEDEIT!!!
|
|
jo effekiv kann dem Shogun nemmen zoustemmen !
mbG
|
|
18.02.2009 01:27 |
|
|
n0brein
Foren As
Dabei seit: 13.10.2005
Beiträge: 92
Herkunft: Bettenduerf
|
|
Mai portfolio ass eng a2 mapp mat fotoen an illustratiounen dran dei ech all bai mr copy drecke geloos hun. Et ass fier letz verhältnisser belleg an iwwert d'qualiteit kann een sech net beschweiren.
|
|
19.02.2009 20:49 |
|
|
|