Polinger
Eroberer
Dabei seit: 22.12.2007
Beiträge: 71
Herkunft: Iechternach
|
|
B'juer dir léif Leit!
Ech hätt do en klengen probleem, an well dir hei all sou erfahren sidd, stellen ech meng fro dann hei!
Also ech hun am Moment eng Nikon D40, an wéillt mer an spéitestens engem hallwen joer, eng nei zouleen. Mein Haaptusproch ass, dass se méiglechst vill biller an der sekonn mecht, well ech daat virun allem ganz gudd kéint gebräcuhen!
En plus ass et esou, dass ech am moment 3 Objektiver fier op meng hun an aus deem Grond och gär Nikon trei bleiwen wéilt
Ech haat do d' D90 am Aan, mam 18-55mm mat Vibration Reduction, well dann kéint ech main Fisheye-Konverter weiderhin gebräuchen. Daat géiff mech ronn 1000€ kaschten, en ganzen batzen geld also . . . Froen dei sech mir do stellen:
* Ass d' D90 hiert Geld wärt?
*Gett et vlait eng bessen éi deier déi awer en gudd stéck besser ass?
*Huet Canon oder Sony ennert Ëmstänn besserer fier manner Suen?
* KEnnt vlait een vun iech en geschäft wou ech dei sou belleg wei meiglech keint kreien, sin emmerhin just en aarmen student
Sou, ech soen merci fier d' Liesen an och lo schon am virau fier dei vill tippen dei ech jo hoffentlech kreien
__________________ I' m the Master of Disaster
|
|
15.12.2008 18:12 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
RE: Vun Nikon D40 op . . .? |
|
Zitat: |
Original von Polinger
B'juer dir léif Leit!
Also ech hun am Moment eng Nikon D40, an wéillt mer an spéitestens engem hallwen joer, eng nei zouleen. |
ma do geif ëch dir roden, fro an ca. 5 Meint nach éemol, wëll bis dohinner huet sëch best. rëm souvill geänner, dat daat, wat lo aktuell as, scho rëm aalt Geschier as
lo nët zë éescht huelën, mais, as awer bal sou !
|
|
15.12.2008 19:36 |
|
|
Nicon07
Foren As
Dabei seit: 31.01.2006
Beiträge: 99
|
|
RE: Vun Nikon D40 op . . .? |
|
* Ass d' D90 hiert Geld wärt?
Dat as déi bestëmmt. Ëmmerhin as et eng ofgespeckten D300!! Déi och nach filme kann. Kuck mol hei: http://www.dpreview.com/reviews/nikond90/. Emmerhin hues du jo vill Suen an d'Optiken investéiert, a well dat DX-Lënse sin, as et jo Mumpitz, fir dir ee fullframe-body virzeschloen. Vum Präis schwätze mer do net.
*Gett et vlait eng bessen éi deier déi awer en gudd stéck besser ass?
Naiirléch get et déi: d'D300. Awer op dat et elo as fir een "arme" Student, dee villäicht keng photoprofessionnel Ambitiounen huet, dat sief mol dohi gestallt.
*Huet Canon oder Sony ennert Ëmstänn besserer fier manner Suen?
Wann s du déi frees, dann äntweten déi dir natiirléch mat jo, awer am Moment gesin ech doranner net de Problem, well firwat wëlls du op eng C. 450D z.B. (resp. eng 40D ) eremklamme, wanns du dofir keng Objektiver hues. A qualitativ as an deem Segment den Ënnerscheed net esou grouss, an éischter subjektiv. A wann s du wëlles hues am RAW ze fotograféieren, dann as et jo net nëmmen de Body, deen ausschlaggebend as.
* Kennt vlait een vun iech en geschäft wou ech dei sou belleg wei meiglech keint kreien, sin emmerhin just en aarmen student
Do muss du selwer den Tour maachen. An e bessen handelen.
Nico
|
|
15.12.2008 20:17 |
|
|
GrAl
Foren As
Dabei seit: 20.11.2006
Beiträge: 92
|
|
D'Alternativen heeschen an dengem Fall D90 an D300.
Wat bedeit "vill Fotoen an der Sekonn"?
D90 mecht der 4,5
D300 mecht der 6 resp 8 mam Batteriegreff
D90 ass eng besser D80, ass ower eng aner Klass ewéi D300 wou d'Bedienung ganz anescht ass.
D300 huet 51 AF-Punkten, d'D90 just 11
Wéivill en der brauch wes ech net, ech perséinlech erwaarden mer ower vun denen 51 AF-Punkten en Viirdel bei Sportfotoen.
Ech hun d'D80 an waert op D300 wiesselen. D90 ass keng Optioun fir mech. Me wéi den Armand set, an 5 Méint kann alles ganz anescht sin, och praisslech.
|
|
16.12.2008 10:45 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Ech géif och mengen, dass et als Upgrade eng D90 oder eng D300 sollt sin, alles anescht mescht wéineg Senn.
Ech géif awer éischter zuer D300 tendéieren. Se as mëttlerweil fier 1100 Euro ze kréien. Dat as e relativ klengen Oppräis par Rapport zu enger D90. Dofier get et dann awer en Apparat dee kéng Wënsch méi op léisst.
Firwat elo nach Kompromisser agoen? Mat der D40 hues de der schons genuch gehat.
|
|
16.12.2008 17:09 |
|
|
Polinger
Eroberer
Dabei seit: 22.12.2007
Beiträge: 71
Herkunft: Iechternach
Themenstarter
|
|
Sorry fier d'éischt mee war déi letzt deeg nawell schéin beschäftegt! Merci och direkt fier all déi gudd tipper, meng tendenz leeft och éierlech gesoot zur D300 an an 5-6 méint wärt déi och en gudden Krack méi bëlleg sin, emmerhin ass d' D40 an 12 Méint ganzer 300€ eroofgaagen!
ech sin och am mom eischter am Sportssecteur "täteg", d.h. well mer do lo mol en ruff opbaun an erfahrungen sammelen... Virun allem waat skate ugeet, an skate ass jo réischt an 6 méint wou " d'saison" rem ugeet
villmools merci, op är tipper an mathellef kann een sech wierklech verloosen!
__________________ I' m the Master of Disaster
|
|
26.12.2008 15:28 |
|
|
|