Also dat doten verlaangt no enger klenger Stellungnahm, wéi ech gesin, dat kann nët esou do stoë bleiwen: "Zombien ?" What ? I don't understand ! Wann op der Foto eppes rëmleeft, da sin dat Eisebunner. - Wann's Du hei elo eng Zombie's-Stëmmung gesäis' verstin ech d'Welt nët méi ?? Do ass jo awer kee bluttrünstegen moven Grujhel-Himmel um Bild ? - Ech mengen, ech gin Dir Recht, onbedéngt eng Paus am Spillen aleën, soss gët ët chronësch !
Da knipst een onschëlleg Gidderwaggon'ën - wëllt e bëssen "Eisenbahnromantik" duerstellen, an dann dat. "I think I'm shocked!" (lol)
Sou Zuchswaggonen wéi se do stinn sinn just typesch fir en Zombi Spill Leveldesign. Vill Ecker wou s de net gesäis wat hannendrun ass, keng Plaz fir fort ze lafen, an ënner den Waggonen kéint jo och emol eppes ervier sprangen.
Si gefält, mais si géif mir nach besser gefalen ouni Himmel.
Ech weess, dann ass d'Schëld fort.
Mais villäicht nëmmen dat iewegt.
Deng Foto ass eng "technesch Romanz".
Exzellent gesinn, Kilroy1313.
Merci ! Du hues do recht mat dem Himmel, den hun ech gelooss, wëll ech ëmmer "alles" muss weisen. Bei Railpictures ass se och nët ugeholl gin, vläit eben dofir, déi hu mech geléiert, datt e wäissen Himmel "déidlech" ass = zitt quasi komplett de Blëck vum Betruechter un. - Dat "Schëld" wats Du do mengs sin 4-eckeg Luuten, ët ass wouer datt ech jhust ënnert der ieweschter Luut kéint oofschneiden, da wier de wäissen Himmel weg. Ech gi ganz ongäeren 2x u méng Foto'ën schaffen. - Du hues mech awer elo nodenklech gemeet... Ech fannen Déng Iddi gutt !