Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Kilroy1313
Kilroy 1313
Derbäi säit dem 19.10.2009
Allgemeng Informatiounen & Kontakt
  • Läschte Login: 25.02.2022 - 22:48
  • Schléift meeschtens zu Rued/Sir
  • Interesséiert sech fier Esou zimlech alles iwwert Technik.
  • Fotograféiert am léifsten Eisebunn, Technik, Landschaften mat an ouni Eisebunn, Modelleisebunn
Technësch gesinn ...
  • Vertraut am Material op Nikon
  • Fotograféiert mat 12 MP
Neist Fotoen
     
Shantideva 21.10.2009 - 10:39
Salut, an Wellkomm op Photogen. smile
Kilroy1313 24.10.2009 - 22:01
Link fir méng Eisebunn's-Foto'en bei www.Railpictures.net (USA):
http://www.railpictures.net/showphotos.php?userid=...
Spezialitéit si Foto'en: Zuch an der Landschaft...

Link fir méng Flieger-Foto'en bei www.jetphotos.net:
http://www.jetphotos.net/showphotos.php?aircraft=-...
Kilroy1313 31.10.2009 - 22:56
Waat maachen ech hei?
Nodeems ech mech elo zënter 2 Joer op engem zimlech usprochsvollem Niveau bei "Railpictures.net" an "Jetphotos.net" erëmgekämpft hun probéieren ech elo och mol aner Saachen ze weisen. Méng éischt Fotoen hei sin déi, déi ët bei den do 2 Siten nët gepackt hun (kënschtlerësch Fotoen hun ët schwéier do ugeholl ze gin) an déi ech esou weise kann amplaz datt se einfach op méngem Hard-Disc leien ze stëbsen.
Demnächst wëll ech awer och méi frësch Saachen weisen.
Kilroy1313 31.10.2009 - 23:01
Wat war dat?
Experiment Numero Uno!
Rouden Triebwon bei Hastert

Eng Spontan Iddi, déi ech hu mussen ëmsetzen.
Zouginn, ët hätt kéinten eppes besser sin. Mä no dem ausgeléisten Echo sin ech motivéiert domadder weider zu fueren. Hun nach eng jet nei Varianten am Kapp...
Nee, nët all Foto'e vu mir kréien elo eng Rumm - soe mer mol am Moment nach nët ! closed_eye
P.S.: Dës Foto ass en photogen.lu-exklusive = hat ech nach nët bei Railpictures eropgelueden cool
Nicon07 05.11.2009 - 19:33
Salut.

Ech melle méch dann och mol ofiziell op deser Plaz bei dir. Ech war déng Fotoen op railpictures kucken an ech muss soen, do si ganz schéi Saachen derbäi. Als selwer groußen Eisebunnsfotograf mécht dat mir natiirléch vill Freed, déng Fotoen do ze kucken. Ech selwer hun hei op photogen zwar nach net vill vu méngen Zich eropgelueden, well ech net sou un eng grouss Resonanz op sou Biller hei bei PG gleewen. Mais wann s' du awer mäi "Wierk" (ech sin och bescheiden...bigsmile) wëlls auserneenhuelen, da géi mol heihinner kucken:
http://home.fotocommunity.de/nberte/index.php?id=9...
http://home.fotocommunity.de/nberte/index.php?id=9...
http://home.fotocommunity.de/nberte/index.php?id=9...

Vu datt ech och alt dacks op der Muselstreck mäin Onwiesen dreiwen, kéinte mir eis jo vläicht eemol iwwert de Wee laafen do... closed_eye

Vill Spaass hie op PG an ech freeë méch op weoder Eisebunnsbiller vun dir,


Nico
Kilroy1313 05.11.2009 - 19:58
Merci ! Heiansdo weess ech selwer nët méi virwat ech mech eigentlech esou drugin (rasen Kilometeren mam Auto, trëtonguepelen biergop a biergof - a räich sin ech och scheinbar nach nët gin). confused: Dann ass dat do dach erëm Balsam fir déi aarem Séil.
Ech wäert vun Zäit zu Zäit emol an Dénge Fotoen do stöberen.
Hu mer schons en Aperçu geholl a muss soen, do kritt een jo erëm ganz nei Iddi'en ! - Dat mam iwwert de Wee laafen checke mer och nach eng Kéier; wéi ech gesin bass Du gut kënneg op der Nordstreck an do soll ech ëmmer nach 1 Kéier hin, mä mai béisen Auto fiert ëmmer mat mir op d'Musel oder d'Saar (engem muss ech jo awer d'Schold gin).
Kilroy1313 !
Nicon07 05.11.2009 - 20:11
Dat ass notéiert: Ech sin dir dann eemol Guide op der Nordstreck, an da weist Du mir d'Musel an d'Saar... closed_eye

Nico
Freecey 08.11.2009 - 08:01
So nun hab ich den Weg auch hier hin gefunden. smile
Wir werden viel Spaß hier zusammen haben.

Viele Grüße
Freecey
klex 12.11.2009 - 23:11
Ma dat geet just bei Fotoen di déi Woch selwer ropgeuede goufen, an steet direkt nirwt der Kescht wous de d'Kommentarer bei eng Foto schreiws!
Ass naischt, ass di éicht Foto a menge Favoriten smile Fannen sei einfach super
Kilroy1313 12.11.2009 - 23:15
Merci ! D'Firma dankt ! closed_eye
weisandre 16.05.2010 - 10:26
Ma mol fier d'éischt merci vier den den kommentar vun menger Stepp's Foto,
Du hues och schéin Fotosérien héi Photogen drob, déi gefallen mer ganz gudd, zemolls déi vum Spiegel, wann ech bedenken dat ech Daag fier Daag lanscht den Spiegel gangen sin an net ob d'Idee komm sin eng Foto dorvun ze machen

Schéin Gréiss Änder
Kilroy1313 17.05.2010 - 22:24
Da weess ech jo elo mol schons ± wou's Du schaffs. smile
Daat ass awer nun emol esou am Liewen, déi Saachen déi an engem séngem doudege Wënkel leien, well se ze no si fir gesin ze gin, iwwersäit een eben gäeren. - Ech wiere mëch ëmmer dogéinst, wou ech dann eben daat sichen, waat een gäeren iwwersäit. - Dat verhënnert awer nët, datt mir och emol eppes ënnert der Nues ewech-gedozert gët, ët kann een och nët iwwerall gläichzäiteg sin... C'est la vie! closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 376 Gäscht online