Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

By Night

 
By Night
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (24.05.2011). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.05.2011
  • Gekuckt:
    17927
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Beliichtungszäit:
    1/15 sec
  • Blend:
    f/5
  • Brennwäit:
    166 mm
  • ISO:
    1600
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    934x1400
  • Späicherplaz:
    427 KB
  • Originaldatum:
    2011:05:15
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon Objektiv EF 70-300 mm 4.0-5.6 L IS USM
Kategorie: Natur »» Allgemeng
2. Kategorie: Natur »» Allgemeng
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=55758]
Kommentar vum Fotograf:
Hei eng Foto wou ech mech an der Vakanz mol nuets amüseiert hun. Wollt och mol eng keier probeieren eng Nuetsfoto ze man. Doweinster sin all kommentarer an verbesserungsvirschlei willkommen.
Hat den Problem, dass wann ech entweder den Mound net wollt iwerstrahlt hun, dass dann keng Wolleken mei siichtbar waren, weinst enger ze kuerzer beliichtung. An wann ech wollt Wolleken sichtbar hun, dass den Mound iwerstrahlt war. Wollt awer och net 2 Fotoen man an se dono iwerteneen leen. Get et keen trick vier dat direkt an enger Foto hinzekreien, huet keen eng idee?
Hoffen se gefällt awer ;)

Hun lo awer schlussendlech en montage gemat. Hoffen lo gefällt se nach besser ;)
Kilroy1313 24.05.2011 - 22:19
De Bildopbau vun der Foto = speziell d'Wollek an déi Iddi do dran fannen ech staark. Den Hauch vu Mystik ass intressant. / Bei der Ëmsetzung fänkt ët leider un e bësse manner ze gin. Dozou muss ech bemierken, dee Sujet do huet ët fatzeg a sëch, an ass nët schwéier ëmzesetzen. Déi laang Beliichtungszäit vun 1/15 huet als negativen Nieweneffet, datt een eng Bewegungsonschärft vum Mound dra kritt vun der Iwwerbeliichtung ganz ze schweigen (en zitt sëch an d'Längt a gëtt oval) och kann ee keen Uewerflächendetail méi erkennen. Duerno gesin ech hei eppes ewéi en Echo (= Spigelung duerch d'Optik - dee grénge Mound do), dat wier ménger Meenung ewech ze maachen oder auszebläichen, datt ët méi wéi d'Wollëk ausgesich.
Als Léisung gesin ech leider och nëmmen e Montage vun engem eenzel opgehollene Mound an dee wäisse Rondel.
Nathalie 24.05.2011 - 22:54
Merci vier dein Kommentar.
Jo dat stemmt dass duerch dei laang beliichutungszeit leider wolleken souwei och den mound net mei ganz schaarf sin...wat ech awer bei den wolleken lo mol net sou schlemm font hun, an bei mound fällt et mir lo mol guer net sou weider op. Den grengen Echo wuar ma lo mol guer net sou opgefall, muss deen dann wechretuscheieren,tjo an vier den iwerflächendetail vum mound, mengen ech bleift et mer neicht anech iwerch vier en montage ze man... probeieren dat lo mol...
merci vier weiderhellef
Nathalie 24.05.2011 - 23:22
Sou lo hun ech den montage mol zesummengebasstelt an d'foto och ersaat, hun lo mol alles emgesaat wat gesteiert huet, hoffen lo ass et besser smile
Kilroy1313 25.05.2011 - 14:21
Dat gesäit elo schons vill méi Stëmmeg aus, ech denken, datt ët esou deem méi no kënnt, wat's Du ursprënglech wolls duerstellen.
D'Wolleke mussen an dësem Fall nët schaarf sin, well de Mound den Haapt-Sujet ass. An elo soen ech: Eng schéin mystësch Mound-Foto ! Gutt ëmgesat.
P.S.: Ech héieren de Werwollëf schons haulen ! closed_eye
Nathalie 26.05.2011 - 08:32
Jo dat wuar ursprünglech dat wat ej wollt durstellen smile
Merci, freet mej dass se gefällt smile
Oha dann mussen ma opassen op den verwollef smile
Pit 24.05.2011 - 22:32
Motiv ass wierklech top, mä dat Resultat wats de der wënschs, kanns du, net mat enger eenzeger Foto maachen, well, wéis du schonns selwer gesot hues, dobäi entweder keng Wolleken ze gesinn sinn, oder den Mound iwwerstraalt gëtt. Firwat wëlls du dann keng 2 Fotoen iwwerteneen leeën ?
Nathalie 24.05.2011 - 22:55
Jo do hues de schon recht. Ma wollt einfach mol nofroen op et net meiglech viervier et an enger eenzeger foto direkt hinzekreien, mee machen mech dann lo mol un den montage drun
merci vier den komment

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 574 Gäscht online