Eng Achterbunn fir Héichgeschwéndegkeetszich ! Hei kënnen nëmmen sie fueren (TGV an ICE), well do kënnt keen Gidderzuch esou eng Steigung erop. Jhust d'Autoën op der Autobunn niewendrunn hun domat kee Problem. Vue vun der anerer Säit vum Dall !
Wou ech hun dei Plaatz do schon an Bicher gesinn, mee ech hun et awer nie esou spektakulär fond, mee elo muss ech awer soen dei Neigung ass io wahnsinn
Ët gin der do Plazen nawell e puer, déi sech gläichen. Ech si bal e ganzen Dag dorëmmer gefuer fir déi ze fannen, wou mer am Frankräich an der Vakanz woren, den Dag drop wor ët dunn méi liit einfach dohinner zréckzefueren.
kënt mir kënnesch vir, as daat eventuell Richtung Frankfurt an Deitschland, sou an der Geigend vun Limburg ?
fueren narwëll dachs do iwwer de Autobunn !
geseit iwwregens kuhl aus, sou rop a rof, bal symmetresch mat der Autobunn !
Merci Armand, Du bass no bäi, mä nee, dat do ass am schéine Frankräich, tëschent Reims a Paräis. Richteg ass, datt se an Däitschland op der neier Trasse Frankfurt-Köln och esou immens Steigungen hun, soss haten se doiwwer ëmmer nëmme schéin riit Strecken, quasi ouni Steigungen, fir nuets och kënnen mat Gidderzich drop ze fueren (= méi Rendement - awer nëmmen theoretësch, well immens Brëcken an Tunnelen bauen kascht méi wéi ee Verméigen).
Ët muss ee séng Foto schons im Viraus e bësse präaréieren, fir den Effekt richteg anzefänken, soss huet een eben nëmmen eng einfach Foto mat engem Zuch um Enn.