Merci !
Oh hëllef, nee kee roude Mantel w.e.gl. - an dëser Foto hätt ech deen esou guer erausgeschnidden - ët sollt schliesslech eng roueg Foto gin. (P.S.: natierlech ass déi Iddi gutt, wann een dat gäer huet am Kader vun staarken Kontrasten).
Sorry, nach méi Niwwel geet och nët, esouguer datt den Original es nach a Reserv' huet, ech hun den Niwwel mat Vue op de Sujet - eben nëmme Bäm - reduzéiert, soss wier se mir ze mystësch gin. Am allgemenge schéngen ech de kleesperen Equiliber getraff ze hun. Niwwel-Foto'ën sin nët einfach. Ët ass een nët ëmmer do wou es genuch ass, an ass en ze dëck fënnt een d'Sujet'en nët méi. D'Profi'en maachen e mat enger Maschinn selwer, mä wien huet schon eng portabel Niwwelmaschinn ! Also: vergiess nët d'Niwwel-Luuten unzemaachen ! HiHi
Ganz flott an gutt cadréiert. Du hues Recht, et brauch een net unbedingt ëmmer fréi opzestoen, an dobäi hues du hei eng Luucht déi een ganz fréi Mueres net huet. Also, huet et sech duebel gelount.