Schéin fräigestallt déi doten.
Gesäit e bëssen aus, wéi wann ët haaptsächlech an der Nobearbëchtung geschitt wier (vu den donklen Hannergrond tëschend den Äscht), mä trotzdem eng Réussite !
Ech sin och ëmmer op der Sich no esou eppes, mir hun och esou eng Koppel hannert eisem Bësch, mä obwuel an enger Gewaan, si se ganz schwéier fräizestellen, well hannendrun ass schons erëm en däischtere Bësch... Dun hun ech eng Foto geholl mat enger Schnéischauer, déi e bëssen wäisse Fong mécht, elo misst ech déi awer nach verschaffen... nujee, weess nët ob déi eng Kéier hei ukënnt ...
Ech hun am Picasa Schärfen - Aufhellen - Schatten a Farbtemperatur applizéiert, de Rescht war Natur ... en dréiwen Daag ... mee ech wousst nët, dass een d'Beaarbechtung esou kéint erkennen ...
Merci Kilroy
Merci Armand ! Ech hun déi Sô virun méi wéi 30 Joer op 7e geliës a bis haut net vergiëss ...
http://gutenberg.spiegel.de/?id=5&xid=2554&kapitel=239&cHash=b1c81e959fsch3715#gb_found