Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Desert Storm 2

 
Desert Storm 2
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.03.2006
  • Gekuckt:
    26333
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    29
  • Beliichtungszäit:
    1/200
  • Blend:
    f//8.0
  • Brennwäit:
    91 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x480
  • Späicherplaz:
    98 KB
  • Originaldatum:
    07/Mar/2006
  • Fotoapparat:
    Canon 1D Mark II
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:
Canon 70-200mm

Fir anzesetzen: [pg_img=4830]
Kommentar vum Fotograf:
Daat hei ass een vun den Resultat wann een ouni fest geplangten Zieler op d'Rees geht an heiensdo bei enger Kreizung einfach dem Gefill no eng Richtung aschléit.

Daat do ass en Bléck Richtung Westen am Death Valley, hannert mir den Titus Canyon - déi do Reenwollécken hun et vum Pazifik iwert d'Sierra Nevada gepackt, an brëngen Réen op eng Plaatz wou een et net esou richteg erwaard. Ech war ierjendwéi frou, net op deer anerer Seit vum Dall gewiescht ze sin, well kann mer firstellen dass et do net méi sou agréabel war (an an der Wüst huet een jo emmer d'Gefoor vun engem Flash-flood well de Bueden séier saturéiert an d'Wasser sech dann ganz séier sammelt an ganz plötzlech kann en Canyon eroof geschoss kommen).

Trotzdem ass nach bëssen bloën Himmel ze gesin, an d'Sonn kuckt bessen duerch; waat derzou féiert dass d'Réendrëppsen an der Luucht reflktéieren, waat (esou fannen ech) en immensen Effekt mecht.

Ech sin nach net 100% zefridden am Post-processing, et ass net esou évident eng Balance ze fannen wou esou maan wi méiglech blown highlights sin, an komplett d'Szene awer di richteg Hellegkéet huet. (Oder op jidde Fall ass et um 22:45 schwéier wann een schon um 6:45 mat schaffen ugefaang huet :)
mmphotos 28.03.2006 - 22:59
Hun dei schon op denger Homepage gesin an fannen se einfach nemmen genial
CK 28.03.2006 - 23:00
Merci. smile
No_Saint 28.03.2006 - 23:02
E Super Naturphenomen, fantastesch Liichtstemmung an dozou nach een interessante Kommentar.
Right time, right place
Bravo !!
CK 28.03.2006 - 23:03
Merci, och fir d'Erënnerung dass ech se vlaicht hei posten kënnt. smile
mmphotos 28.03.2006 - 23:21
Hun zwar awer na eng kleng kritik fonntclosed_eye Se kippt liicht...also dei fiicht eebne oder gesin ech daat falsch??

(ajo lo na eps waat net zur foto geheiert. Haat geduecht ech haett d'laeschten sonden vill ze din fier d'wort (3 fotoen) mee hun geisn du haas na mei ze maanclosed_eye
CK 28.03.2006 - 23:27
Hun lo just den Photoshop zougemeet, kann also keen Lineal/Stréch méi iwert den Firgrond zéien fir ze kucken... Mee daat kann duerchaus sin, well ech haat do keen Stativ benotzt, ausser vlaicht bessen op den Jeep gestaipt; well ech war op enger Dirt Road wou kaum zwee Autoën lanschteneen komm wieren, do wollt ech net laang opriichten. (On second thought, d'Daal kippt och bessen no lénks, vun Norden no Süden. smile

(De Weekend war bessen Stress, firun allem fir zwee Spiller ze couvréieren di zur nämmlechter Zeit ugefaang hun an beid op engem Terrain waren wou ech nach nie war. Mee sin eigentlech trotzdem relativ zefridden mam Resultat. smile
mmphotos 28.03.2006 - 23:31
Ech net wirklech mat mengen...et as na zevill terrain drop...mee fron mech wei daat vun der cloture aus meiglech as...)
Knolles 28.03.2006 - 23:42
/removed/
elmuzo 29.03.2006 - 00:29
Sublim. An awer brachial urgewaltech. Top.
Johny 30.03.2006 - 01:08
Schéin, gefällt mer, an hun do net vill drun äuszesetzen. 9/10
sim0n 30.03.2006 - 19:59
Gefellt mir ganz gudd dei do!
Zumools d'Bierger am Hannergrond, gsin kool aus smile
Kleent 31.03.2006 - 11:39
ka mech nemmen dene aaneren uschléissen... eng immens schéin foto!
Annick 05.04.2006 - 14:41
passen mech all deem un all guddes ass gesot
Olivier 10.04.2006 - 21:20
Waat?? n ech hun main comment na net oofgin??

NJa.. et get net villes ze soen... et ass en super panorama... an iwerhaapt dei liichtwellen iwert bieger... d'sonn daat sech duercht wolleken duerchkämpft... super...
dendan 10.04.2006 - 23:33
Kann mer nach emmer net erklären wéi déi Luucht do zustane kënnt... einfach super! Déi Stemmung do as eenzegarteg!! Dat eenzegt wat mech e bessen stéiert as dass een vier nach déi Grasbüschel oder kleng Hecken??? erkennt! dat lenkt e beesen oof, well een dorop kuckt fier ze erkennen wat et as... wanns de se doriwer gecropt häss wier villäicht besser gewiercht!? Trotzdem 9/10 Super FOTO
Mojoo 11.04.2006 - 12:19
Aaarghs.. CK !! Deng Landschaftsfotoen... waaahnsinn smile
CANON 12.04.2006 - 12:33
Hei ass all Kommentar zeviel einfach 10/10.......et muss en Foto op sech wierken lossen 10/10
Lali 13.04.2006 - 16:10
wow...di huet eppes raucheges, onwiirkleches... de glanz!!!!!
CK 13.04.2006 - 16:40
Nach emol merci @ all fir all är Kommentarer.
MadSir 13.04.2006 - 21:29
cool foto, gefällt mer gudd!
sutewi 13.04.2006 - 23:57
ech fannen dei foto wierklesch gutt gin! daat ass eng einfach awer eng schein
coolpix 02.05.2006 - 21:30
Gefaellt mer super gudd, ech hunn hei naeicht drun auszesetzen!
OK-Photography 07.05.2006 - 19:12
wierklech SCHENIAL foto!!
Jury 07.05.2006 - 21:27
Gléckwonsch, déng Foto ass vun eiser Jury als Topfoto gewielt gin.
Kwitchibo 12.11.2006 - 19:14
Guud gesin............. de recht wees de!
CK 12.11.2006 - 20:13
Thanks smile
Klot 06.12.2007 - 17:24
Topfoto...romantesch...mysteresch...et huet eppes vun Kaspar David Friedrich...
sommerspross10 30.12.2007 - 12:46
wei schein(:
gesait aus wei dohin gemolt...
Jean-Jos 04.10.2008 - 14:53
formidabelt Liicht,
genial Foto,
hu se lo grad eréischt an de randoms entdeckt!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 665 Gäscht online