Dat do ass fir mëch ganz einfach professional !
De Problem fir mëch ass, datt's Du eis nët gesot hues, Du wäers an Déngem Beruffsliewen Fotograf gewiescht (oder ech hun ët nach nët gelies). An an deem Fall läschen ech mäi Komment och gäeren, well bei engem Profi wier ech hei nët beandrockt, dee sollt dat ménger Meenung locker all Dag hikréien, huet dat jo geléiert.
Dat wier dann eben: "eng sauber Aarbecht" an näischt ze meckeren.
Mä fir en Amateur, do huelen ech einfach den Hutt of (hun zwar näischt um Hutt mat Hitt !) a soen: »Super Aarbecht« !