Nee, déi zwou hei sin alles ausser gudd. Ech denken dass de daat besser kanns. Se sin nët scharf (déi zweet ass jo nach passabel) an hun langweileg Bléckwénkelen. D'Rauschen ass och net ze iwwersinn. Wann déi Zich elo wéinstens nach an enger schéiner Modelllandschaft fueren géifen... mais hei? *gaaps*
Edit: probéier déi "Mitzieher" mol dobaussen op der Stross un richtegen Autoen, daat klappt éischter wéi indoor.
dito, daat rauschen ass jo schon baal konfetti!!! bon den unsaatz fiir d'"mitzieher" wie den deendo et seet ass jo schon gudd mee fiir mech en fall vun falschem sujet fir sou en projet! définitif en NEE :/ sry!
hum? fir just op den Thema fotoapparat anzegoen (den 90% fun dengem post ausmecht...) - ech maachen bei kenger Foto dei ech gesin eng Recherche zum Apparat...as dach igal mat WAAT een schafft: dRESULTAT zielt!!!an daat as, wei dLait gudd gesin, "gaaps"
dIddi eppes ze weisen waat ma sou na nik um Site hun as GUDD mee heescht mengermeenung no NET dassde dann daat fotografecht Element sou kanns vernolässechen...
(?) ech mengen joh awa mol geschriff ze hun dass ech den Problem grad NET am Gepixels gesin....
mam Thema KONSCHT ze kommen deet mech emmer Grinsen...
et as (ze) einfach eppes als "Konscht" ze stemplen an domat ze probeiren dei technech Mängel zu eppes positivem ze dreinen...(as nik firdeischt dass ech soueppes liesen an as an dem Senn och nik als perseinlechen Ugreff odersou gemengt...)
-->dobai get allerdings oft vergiess dass een (richtechen) Kenschtler sech firdeischt mol zu 100% mat sengem Material (an der Technik) auskennen muss fir dann, speiderhin, vlait, mat Absicht, sain Wessen ze notzen fir Saachen "anecht" duerzestellen wei een se gewinnt as....
mengen wei wait ma hai an desem konkreten Fall dofun wesch sin as nik un mir ze uerteelen, mengen do kann jidfreen sech sain eegend Bild derfun maachen
Ech fannen et ass zimlech egal mat wéiengem Material geschafft gëtt. Ech hun schon genial Fotoen gesinn déi mat Einsteiger-Reflexen gemach goufen déi haut kee méi kaafen géif. Ech gesinn hei just eng Foto déi a mengen Aen - lo gett et geféierlech! - hei um Site naischt ze sichen huet.
Et ass e Schnappschoss, en Experiment daat nët gegléckt ass. Fir Konscht ze machen, daat huet den BlackPanther schon geschriwwen, muss de dain Material zu 100% beherrschen. Iers de als Kach zb Chili an den Schokela geheis muss de richteg Kachen kënnen, soss war et et Accident. Sou ass et och an der Photographie.
Fir sech mat deem Begrëff "Konscht" iwwer Waasser ze haalen ass just waarm Loft a gesabbels. Bei Photogen.lu geet et esouwuel ëmt den kënschtlereschen Aspekt ewéi och emt déi technesch perfekt Ëmsetzung.
Kuck der mol d'Galerien hei um Site un. Du fënns hei baal just Froen wéi: wéi kann ech meng Foto BESSER maachen, WEI kréien ech daat hin respektiv Tutorials fir och am Photoshop ze iwwerzeegen. Schéin dass de neies Probéiers, awer wanns de "manner gudd" Fotoen erop lueds erwaarden ech wéinstens dass de opt Kritiken agees, se och vlaicht unhëlls ans de vun DIR AUS frees wéis de et besser kanns machen amplaaz dech annert dem Begrëff "Konscht" ze verstoppen.