joah tgeet NAISCHT iwert eng schoin deck Hausspann an der Bidden...
weesnik weifill mol ech schon firdeischt mam Fotoapparat gelaaf komm sin an se duerno firun dDier bruecht hun....se sen effektiv zimlech verbreet...
Ech hun der enger elo schons en Numm musse gin, se kënnt schons zënter Joer an Dag ëmmer erëm !
Wou ech se drun erëmerkennen: ma un hirem Grinsen natierlech ! (LOL)
Uff ech si frou dat ech am moment an engem Appartement sin an sou Déiren net begéinen... hun deng Foto just am klengen gesinn dofir kann ech soss wéineg driwwer soen :/ Freen mech fir dech dats du dech sou no runtraus!
Du kanns awer roueg do op déi Foto klicken, - bäisst nët. Iwwerhaapt sin déi Spannen do nët däermoossen aggressiv. Wann ee selwer keng hefteg Bewegunge mécht, panikéieren sie meeschtens och nët. - Ech huelen dann emmer d'Mëckebatsch a suergen datt si do drop klammen, dann hopp an de Plastiks-Eemer (deen ass ganz glaat bannen, kommen nët eraus) an dann eenzock entweder zur Fënster eraus oder se kommen an de Gaard. - Wa se meckeren, gët ët awer eng mat der Batsch op d'Bëls !