Vun der Beliichtung an der grousser Blendenöffnung hier ass se méi abstrakt, an gif menger Meenung no besser als "Abstrakt"hoto passen wéi als "Objet". Mee daat ass just eng Saach vun Definitioun, an wéi's de schon sees haas de wuel keng genee Firstellung waat d'Ziel vun der Foto soll sin.
D'Iddi gefällt mer, d'Perspektiv stéiert mech bessen; an ech fannen den iwwerbeliichtenen Deel ass bessen zevill extrem.
(PS: Waat mech och stéiert sin alleguer d'Interpolatiouns-Artefakten déi entstaan sin wéi Photogen deng 1000px breed Photo an eng 800px breed emgerechent huet (an wuel dozou nach eng relativ héich JPEG-Kompressioun benotzt). Ech kann natiirlech d'Originalphoto kucken, mee firwaat net direkt just 800px breed eroplueden an esou Saachen vermeiden?)