Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

The old Trailor

 
The old Trailor
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.01.2008
  • Gekuckt:
    17534
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    1/125
  • Blend:
    f/7.1
  • Brennwäit:
    14 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x900
  • Späicherplaz:
    236 KB
  • Originaldatum:
    2007:12:23 16:55:51
  • Fotoapparat:
    E-300
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:
keng

Fir anzesetzen: [pg_img=24604]
Kommentar vum Fotograf:
Ech giff gäeren e puer vu méngen Fotoen mat dëser Rumm sou am 28x21cm Format oder mi grouss entwéckle loossen fier a ménger Kummer opzehänken. Dofir wier ech frou wann der Verbesserungsvirschléi hudd.

Dofier ass se och zimmlech grouss, fier dass der se uklicke kënnt.

Ech hoffen natierlech dass d'Foto ierch och gefällt, mier gefällt se iergendwéi immens gudd, och wann et näischt extraes ass.
CK 13.01.2008 - 15:18
Kleng Kritik: Wanns de mat "trailer" en Unhänger op englesch mengs, dann krit daat en "e" an keen "o".

Wann dein Haatsujet deen Unhänger ass, dann hätt ech se vlaicht minimal méi enk kadréiert, lénks ass mir bessen zevill Plaatz.
ppit 13.01.2008 - 18:20
Merci fier déng Kritik,

hun de Schreiwfehler direkt behuewen, ech misst besser oppassen, well dat fannen ech bei Fotoen, oder op enger Ausstellung wou et direkt opfällt selwer zimmlech peinlech! : )

Mam Ausschnëtt hun ech och nach e bësse probéiert, ech wollt dee lénkse Grashallem awer nach dran hun, dofier hun ech just bis bei deen e bëssen eweggeholl.

Wéi fënns de d'Schrëft, do sin ech mer ëmmer am onsechersten?
Klot 13.01.2008 - 22:16
Ech fannen se gudd, an ausser dem Schreiffehler geif ech se dann och direkt bei mir ophänken...ouni dain Nickname, mais mat dengem richtegen NUmm. d'Schreft fannen ech och ok.
ppit 14.01.2008 - 20:02
Merci
Mano 14.01.2008 - 17:49
ech gein deen schied hannert der foto ewegmaachen, dat ass lo awer dat eenzegt wat mech steiert closed_eye
an eben wei shcon gesot den schreiffeeler
ppit 14.01.2008 - 20:07
Bei dem Schied hun ech mengen ech e Fehler beim verklengeren am Photoshop gemaach.
D'Breet vum Schied gëtt een jo an Pixel un, an ech hun d'Photo vun 3400 op 1200 Pixel verklengert, ech mengen doduerch ass de Schied hei vill mi breet wi am Original.
Kann do ee mer en Tipp gin, wéi ech dat ka vermeiden?

Ech hat am Ufank kee Schied hannert der Foto, an dat war mier ze eidel, ech hun ët dun mat engem dënne Bord probéiert, mee en liichte Schied gefällt mer am beschten.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 688 Gäscht online