Ma also du muss midestens 1/60 beliechten ech geif der awer 1/30 oder suguer 1/15 empfehlen. Dann Ziels an desem Fall op den tramm an gehs mat em gleichzeiteg weider. Sou dass wanns de ausleis den tramm am Bild ongefeier op der selvechter plaatz bleift an doweinst och mei schaaf gett an den Hannergrond eben total verwackelt.
Ech sin net ganz gudd am erklaeren hoffen du hues et awer bessi verstaanen
Den Tramm ass zwar scharf, mee fir mech ass den Hannergrond zevill onroueg, virun allem d'Diecher vun den Heiser, zB. daat mat den Zacken an der Mëtt. Den Senn vum Matzéien ass jo éichter fir en ondéfinéierten Hannergrond ze kréien deen net vum Sujet ooflenkt an e Gefill vun Vitesse brëngt. Hei kënnt daat menger Meenung no net genuch eriwer, am Géigendeel, et lenkt éichter vum Haaptsujet oof.
fannen et zwa gudd btw. gett engem zwa bessen dronken wann een sech bessen drop konzentréiert. hun zwa na keng erfahrung domadder, mee kann mer firstellen dass et net allzeeinfach ass deen tram do scharf matzekréien. wi gesozt, mir gefällt se, giff naicht ännren.
OK Sam,
cool Foto, excellent geroden. Hunn daat do och schons e puer mol probeiert, aer esou eng haat ech nach nett.
Tram TipTop schoarf, Bewegung, Cadrage maat Plaatz an Richtung fun der Bewegung, allen Respekt
++++ et 9/10
@CK
Fannen Du hues Recht an Onrecht,
den Mettelpunkt leit um Tram, den Rescht ass een Mettel fier d'Bewegung ze deiten, an sinn iwerzeecht Du wees wei schweier, fier nett funn Chance ze schwetzen, ett ass esou eng ze maachen.