Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Fiels 4

 
Fiels 4
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.03.2007
  • Gekuckt:
    15057
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    1/800
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    10 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    244 KB
  • Originaldatum:
    2006:10:21 11:29:03
  • Fotoapparat:
    DYNAX 7D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=16439]
Kommentar vum Fotograf:
An d'Nummer 4 aus der Serie (Fiels 3).
Daat ass och vum Death Valley, um Race Track. Déi Fielsen gin warscheinlech wann et reent a stiermt vum Wand virun gedréckt, cm fir cm. Deen ausgedreschente Séi gët dann ewéi Schmierseef ...
rom 26.03.2007 - 21:39
Di do as nët schlecht. Schéinen Bildopbau, trotzdem fannen ech dass nach eppes feelt an der Foto, wees nët sou richteg waat. E verdrechente Baam hannen evtl. k.A. Mee bon, do stin bestëmmt keng Beem ronderem closed_eye
Charly 26.03.2007 - 21:42
Tja, den nächten Strauch ass wäit ewech .. an nennt sech Kaktus!
CK 26.03.2007 - 21:53
Ech giff soën waat fehlt sin e puer Wollécken, respektiv well een do naischt drun änneren kann ass fir mein Geschmach zevill bloën Himmel do, also vlaicht bessen uewen an lénks (wou se manner scharf ausgeseit) croppen?

Meng Versioun:
The Racetrack
Charly 26.03.2007 - 21:55
Stëmmt, ech hun mir deen ganzen Daag do näischt méi gewënscht wéi e puer Wollécken! Hun och der Portrait Versiounen ähnlech wéi déng. Solle mer dann och verroden wéi grouß déi Fielsen sin?
CK 26.03.2007 - 21:58
Ech denken am Beschten soll jidfereen daat fir sech selwer gesin. smile
Charly 26.03.2007 - 22:26
OK, ech soën näischt ...
STARCLIPPER 26.03.2007 - 22:43
Allerdèngs Critique jo mais .Ech hätt gär freier gesinn ewei Leit Fotoen gemach hun ouni Photoshop asw.Haut ass jo einfach,oh si ass neischt,komm mir maachen èng nei.
Jerry
Masterpii 27.03.2007 - 00:26
Hues du den Fiels bis dohinner gedreckt fir eng ideal perspektiv ze hun ??? cool
Ech hätt se vun bessen mei ennen geholl, dann geif den villen Himmel fläit och net mei souvill ausmaachen! An dei Schreft w.e.g. aus dem bild, sin net grad sou dovun iwwerzeegt sein Numm an eng Foto ze schreiwen.
Charly 27.03.2007 - 07:57
Ech hun vill probéiert op däer Plaaz. De Sujet ass finalement nët esou einfach wéi een méngt. Besonnech bei esou engem Wieder. D'Liicht ass wierklech grell (obwuel daat jo Enn Oktober wor). Daat mam Numm am Bild hun ech mir ugewinnt fir wéinstens e bessen den Billerklau ofzeschrecken. Leider muss een jo domat rechnen wann een irgend eppes on-line setzt. Iwer d'Esthetik kann een streiden (Môler signéieren jo och hir Biller). Wann ech se op Pabeier bréngen, dann ass et och nët am Bild dran, mee drënner.
Masterpii 27.03.2007 - 14:08
jo ok, du hues schon recht (wir fläit mol en thread fir den forum), mee bei ville Biller steiert daat einfach nemmen, hei as et lo net sou schlem, mee awer trotzdem!!
Pelz 27.03.2007 - 15:02
Deng Foto strahl eng immens Rou äus! Eng ganz schein Perspektiv¨9/10
Charly 27.03.2007 - 16:17
Déi straalt nët nëmmen eng immens Rou aus, déi Rou wor och do! Do fiert een bal 2 Stonnen mat der Jeep am Schneckentempo iwert eng Pist fir dohinner ze kommen. An den ausgedrëschente Séi auss nët kléng. Daat ass schon eng phantastesch Plaaz.
Pelz 28.03.2007 - 15:05
Mann, do geing ech och gären eng Keier higoen!!! Op alle Fall huet sech deng Fahrt jo 100%eg gelount!
Sevy 28.03.2007 - 17:48
Däi Foto hun ech jo na guer net gesin...
Ech mengen, ech muss och mol op sou verreckt Platze fleien, aplatz emmer hei am klenge Ländchen ze bleiwen;-p
Tiptop dei Foto nees vu mir eng stolz 9/10
OK-Photography 29.03.2007 - 00:05
hey!hun schons iergendswu eps iwert daat phenomen wanderfiels gesin/gelies...mengn do waren se o zur konklusioun reen-wand-zait komm...closed_eye
dFoto as usech einfach an awa aussergeweinlech!wan dBierger am hannergrond manner niwelesch wieren hett se sugur na en scheinen horizontoofschluss mee o sou schons: super RlX!cool gefellt!!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Passerelle

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 656 Gäscht online