herrlech plaatz daat doten!gefellt mer supergut!hues do eng super luuscht getraff!
an dan na eng spigelung.....schenial!
eenzesch kritik: ennen bessi ophellen mee nik zefill well soss den beemschen nik mei genu rausstecht...
Merci!
Ech hun den ënneschten Deel bewosst méi donkel geloos fir den Beemchen an évidence ze setzen. Hun schons béis am Photoshop gestruewelt fir daat do esou hin ze kréien. De Kontrast wor enorm.
Neen, déi selwecht Kamera, mee irgendwéi sind d'Exif verluer gaang an ech hun se manuell missen ugin. Warscheinlech hun ech en "save for web" gemaach fir den jpeg, dann hëlt den Photoshop daat alles eraus. Ech fotographéieren iwrigens nëmmen am Raw.
Daat mat de Kontraster wor awer nët einfach. Do hëlleft den Raw mat weiderveraarbechtung am 16bit Tiff ganz vill. En jpeg aus der Kamera hätt et do nët bruecht.
Iwrigens ass den Echo Canyon am Zion anscheinend vill méi flott am Fréijoer well dann och Waasser do leeft. Mee dann huet een nees keng Hieschtfuerwen ...
Hmm, do misst ech duerch gefuer sin, vum Zion zum Bryce Canyon. Kann mech erënneren dat do e puer ganz schéi Plaaze woren. Vill Waaser hun ech awer nët gesin ... Daat war Enn Oktober.
Zion Narrows ass wanns de bis um Enn vum Haaptcanyon eropfiers (also lanscht d'Zion Lodge), dann den Riverside Walk gehs bis deen ophällt, an dann déi nächst zwou Meilen gréisstendeels duerch Wasser, oder just derlaanscht.
Hoppla, dann haate mir ons jo baal begéint! Ech wor den 22-24 Oktober do!
Elo wees ech och waats Du mat den Narrows mengs. Ech wor just owes beim Riverside Walk an sin nët weider gaang well et ze däischter gin as. Souwisou hätt ech nët duerch d'Waasser gekonnt.
Ech hun déi läscht Joëren och 2 oder 3 mol d'Kéier gemeet, mee hun dëst Joër den Daag virdrun mat e puer Amerikaner geschwaat déi derfun geschwärmt hun an gesoot hun bei verschiddeen Outfitters gif een wasserdicht Saachen ze lounen kréien, hun ech also dun gemeet.
do wars de awer bessi mi deif an den zion dran?
am park gin et onendlech schein plaazen wou een zum deel awer en dag marche d'approche muss aplangen. ech war do, hat di zait net, an bei sou biller deet et engem scho leed