Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Tutorials »» BegrĂ«ff Erklärungen »» Beliichtungszait
 
Beliichtungszait
D'Beliichtungszait ass den Zaitraum an deem den Sensor/Film beliicht gett. Eng falsch Beliichtungszait féiert zu ennerbeliichteten (ze kuerz Beliichtungszait) oder zu iwwerbeliichteten (ze laang Beliichtungszait) Fotoen. Mam richtegen Zesummenspill vun Beliichtungszait an Blend kritt een eng schein beliichten Foto gemaach.

Beliichtungszait: 1/2500s
Blend: 5,6

Beliichtungszait: 1/800s
Blend: 5,6

Beliichtungszait: 1/200s
Blend 5,6


D'Beliichtungszait kann een um Boitier astellen an gett folgenderweis ugewisen:
500 oder 1/500 = een 500stel fun enger Sekonn, also 1 Sekonn gedeelt duerch 500.
oder
1"4, daat wieren dann 1,4 Sekonnen, " ass d'physikalëscht Zeechen fier Sekonnen.
0"3 = 3/10 Sekonn

Hei ass et wichteg dei richteg Beliichtungszait ze wielen fir deen Genre fun Foto deen een well maan. Zum Beispill ass et bei Sport néideg eng Zait mei kuerz wei 1/250 ze huelen, bei Rennsport suguer mei kuerz wei 1/2000, an bei aaneren Motiver, wéi zum Beispill d'Nuetsbeliichtung fun enger Staat sollt d'Beliichtungszait mei laang sin wéi 1" (ab ca. 3" kommen d'Faarwen hei richteg zum Firschain).

Waat awer och nach soll gesoot sin, ass dass, wann een eng Foto mëcht, an d'Beliichtungszäit ze laang gët, dann gët eng Foto verwackelt. Schmerzgrenz ass do ~ 1/20 Sekonn, do kritt een eng Foto nach schaarf, mee daat hängt emmer dofun oof, wéi roueg är Hand ass.
Geschriwwen vum yoshi 21.09.2005, ass säit deem 22743x gekuckt ginn.
RivanerJoe 22.09.2005 - 12:47
D'Belichtungszäit ouni d'Blenn wëllen ze erklären as schwéier a werft vill Froen op.
yoshi
Ech maan nach en Tutorial iwwert Blend, woubai een dann normalerweis alles misst verstoen wann een déi 2 gelies huet.
RivanerJoe 22.09.2005 - 17:27
Villäicht och bemierken, dass d'Belichtungszäit an d'Brennwäit ee géigensäitegen Afloss hun. 1/60 Sekonn as an der Reih bei enger Brennwäit vu 50 MM, mee bei bei 180 MM, verwackelt déi Foto bestëmmt.
JohnyG 22.09.2005 - 21:10
Hiewelgesetz Physik .. smile Méi ass daat nët.
Lex 26.09.2005 - 21:36
Mängen hun e fehler fonnt...smile firwaat sollen d'fuarwe méi zu geltung kommen wann een méi wéi 1'' sekonn beliichts bei enger nuestopnahm?
yoshi 26.09.2005 - 21:39
Wanns de eng schwaach Beliichtung hues, also en Bild ouni en Spot deen der an d'Kamera liicht, dann ass et méi schéin wanns de méi laang beliichts. Wees net wéi erklären, probéier et einfach closed_eye
Lex 01.10.2005 - 16:49
Jo kloer, mee daat d'fuarwe méi schi gin daat làit awa just dodrun dat den Chip méi Luucht oofkritt, de selweschten effekt areeschts de andeems de d'blend méi opmess oder den iso méi héig stells.
Du muss awer lo net ondedingt eng laang beliichtung vun enger nuetsopnahm maan vir dat d'Foto schéi get.
yoshi 01.10.2005 - 17:33
Et ass awer déi schéinst Art an Weis vir gudd Faarwen ze kréien. Blend: do verléiers de Déiftenschärft. ISO: do leid d'Qualitéit.
Lex 01.10.2005 - 17:45
Jo, mee deen text ass awer e bessen irreféirend fir een deen näischt dovu kännt an daat virdéicht liest...
Lilia 08.06.2006 - 22:53
froe mech seit enger eiwegkeet waat daat fir eng saach mat der beliichtungszait ass an hun et zua elo e bessen vastaanen awer weess trotzdem na emmer net richtech waat ech domat ufenke soll... smile
Ray 19.12.2006 - 16:55
Hallo zesummen,
wou fannen ech bei mengem Objtive Brennweit eraus wou steeht daat
hun een Canon 28-135 maat Stabi
merci Ray
yoshi 19.12.2006 - 23:20
wanns de zooms, also um objektiv dreins, dann stin do zuelen op deem deel deens de dreins an op deem aaneren deel ass do normalerweis en strech oder sou eppes. dei zuel, bei der dain strech grad steet, ass deng brennwait.

bei digitalen fotoen, kanns de wann dfoto um computer drop ass an den EXIF Daten nokucken (rietsklick op deng foto am explorer (net wann se an engem programm opgemaach ass) an dann eigenschaften. dann nach "dateiinfo" uklicken an dann steet seng brennwait do mat lauter aaneren astellwerter vun der foto.
BlueRic 14.09.2010 - 10:23
Wanns de just d'Beliichtungszäit änners dann beafloss de d'Hellegkeet vun den net bewegten Saachen op der Foto, also déi déi op der Foto wéi statesch wirken.
Änners de awer d'Blend (oder och den ISO), dann veränners de och d'Hellegkeet vun den verwechten (bewegten Saachen).

(Et as wichteg, dass den sech bewegenden Sujet en erkennbaren Wee zerek leet op der Foto)

Veränners de also elo d'Blend (oder den ISO) an dann nach d'Beliichtungszait veränners de domader d'Hellegkeetsverhältnis teschend den sech bewegenden Deeler an den stategen Deeler.

All déi, déi Fotoen vun Spiller op der Fouer gemach hun mat méi laangen Beliichtunszäiten hun dat secherlech gemirkt. Autoen an Leit déi natierlech a bewegung sin op Nuetsopnahmen sin do och nach e gutt Beispill.

Natierlech hengt et och vun der Geschwendegkeet vum Sujet of, mee dat kennen mer jo an der Regel net änneren.

Denken, dass vill Leit nach net dru geduecht hun, dass d'Beliichtungszäit just d'Hellegkeet vun Sujeten beaflosst déi net zaitofhängeg sin ausser wann se periodesch sin, mee dann muss d'Beliichtungszäit och méi lang sin wéi d'Zäit vun enger Period sou dass et dann en enerscheed mecht.

Dat mat der Period as wichteg z.B. bei enger Luucht déi blenkt. Dat as jo keng Bewegung.
Blenkt se emol all Sekonn, get d'Foto pro Sekonn Beliichtung méi hell an emmer em den selwechten Wert.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 261 Gäscht online