Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Moies

 
All Fotoen an dëser Serie:
29764 Thumbnail
29765 Thumbnail
29766 Thumbnail
Moies
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.08.2012
  • Gekuckt:
    11543
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    d300s
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:
LR 3.6

Fir anzesetzen: [pg_img=65839]
Kommentar vum Fotograf:
Sonn an den Niwwel war un dem Moien wierklech besonnesch héi zu Mierschent. Hu probéiert dem entspriechend eng Photo ze man. Sinn mol gespaant wat dir dovunner haalt.

Konstruktiv Kritik erwënscht.
Metalbambi 17.08.2012 - 12:13
Gäil Luucht!
Bei der éischter géif ech nach méi Kontrast dran maachen, ass am Moment nach en bëssen vill gro.
2 an 3 gefalen mer super bis op deen een Putsch Blieder wou lénks uewen ëmmer nach steet. Misst déi relativ einfach wech gestempelt kréien.
nebu 17.08.2012 - 21:57
Mexki Bob.

Dann soll ech mol kucken dat ech bësse Zäit fannen dat ëmzesetzen an ze probéieren.
orlok 17.08.2012 - 12:28
Däi Numm "nebu" ....
erënnert méch ëmmer e bëssen
u Niwwel.
An hei op de Fotoën
gesi mer...
oh Wonner! ...
Niwwel,
wonnerschéine Niwwel.
Perfekt!
nebu 17.08.2012 - 21:58
Sinn Photoen dann ëmmer sou ver-niwwelt

Mexki Graf.
orlok 17.08.2012 - 22:10
Schéi Fotoën verniwwele mer de Verstand.
Iwwerhaapt hu schéi Saachen et sou u séch, dat s' op méch déi Wiërkung hunn. smile
chrYstal 17.08.2012 - 12:53
Eng schéi Serie. Di Liichtstëmmung an deen Niwwel an der Landschaft gefällt mer ganz gudd. Flott fotograféiert.
nebu 17.08.2012 - 21:58
Mexki Chrystal
micky-maus 17.08.2012 - 15:01
Herrlech, kreien mier geschwenn Hierschtstemmung! I LIKE!

Unbedingt drop klicken, ett lount sech!
nebu 17.08.2012 - 22:00
Mexki Frank.

An Merci fir Opfuederung.. hunn och direkt nach eng kéier drop geklickt smile

jorsch 19.08.2012 - 22:14
SW fokusséiert ganz op d'Liicht- an Niwwelstëmmung.
Gefält mir ganz gutt!
nebu 21.08.2012 - 21:28
Mexki Jorsch.

Jo et war wierklech eng immens Luucht den Moien an Kombinatioun mam Niwwel.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 405 Gäscht online