Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Kim

 
Kim
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (04.09.2011). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.09.2011
  • Gekuckt:
    19274
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    26
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x978
  • Späicherplaz:
    202 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Nikon D-200
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    AF-S NIKKOR 85 mm 1:1,4G
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=58595]
Kommentar vum Fotograf:
Jo d' Kim, Hat huet bei desem shooting misten leiden well et dauernd d' Sonn voll an den Aan hat.
Mee Et hued weder gezickt nach gemeckert.
So en Model wënscht sech all Photograph.

ps w.e.g ob d' Photo klicken.
Pit 04.09.2011 - 12:11
En lässegen Portrait, einfach an gudd.
Luc_69 04.09.2011 - 13:08
Freet mesch dass Se dir gefaellt.
Zora 04.09.2011 - 12:43
Jep fannen dei och ganz gud, et huet schein Aaenclosed_eye
Luc_69 04.09.2011 - 13:07
Jo, et huet wirklech schein Aan closed_eye
MB-Photos 04.09.2011 - 12:48
Génialen Bléck, het Foto awer bessen anechters Kadréiert sou dat daat Steck bloen Himmel lenks net drop wear dat lenkt vun dengem Sujet of.
Luc_69 04.09.2011 - 13:02
Jo do hues de net ganz onrecht. Ech hat och schon mam Gedanken gespillt fir se ze croppen. Allerdengs gefaellt mir d'Sonnenspieglung am Gebei esou gudd ,dass ech dat dun sin geloos hun, och wann et am eischten Moment ebeschen ooflenkt. D'Kim huet esou eng stark Ausstrahlung dass et net fir lang ass.
MB-Photos 04.09.2011 - 18:24
Jo, do hues de recht closed_eye
Jean-Jos 04.09.2011 - 14:27
Ganz flotte Portrait, schéine Bléck.
Hal der dee Model warm.
Luc_69 04.09.2011 - 21:22
Dat wert ech machen !
Freet mesch dass se dir gefaellt.
Jaycee 04.09.2011 - 20:42
Also wann d'Gebei am HG nët esou no lënks géif hänken a wann déselwechten HG nach méi flou wär (diërft bei engem 1.4/85mm kée Problem sin), da wär d'Foto em Klasse besser...
Luc_69 04.09.2011 - 21:00
Deije, wels du et bass hun ech der se dann elo geriicht closed_eye . Mee och wann een en f1.4 huet muss een net all Foto mat opener Blend machen.

Merci awer fir deng Meenung.
Jaycee 05.09.2011 - 17:41
Gesäit schon direkt besser aus... selbstverständlech brauchs de nët all Foto mat f 1.4 ze maachen, waat ech soe wollt, ass dass de mat der Optik d'Méiglechkeet hues den HG nach é Krack oder zwee méi onschaarf erschengen ze lossen, nët ewéi de Kolleg mat sengem 18-200 mm Fläschenhals... closed_eye
Luc_69 05.09.2011 - 17:46
Jo, do hues du natierlech recht, ech wees och net wat fir eng Blend ech do geholl hat, warscheinlech f5,6. Ech mist dat an der EXIFF kucken goen.
Freet mesch awer dass se dir elo besser gefaellt, lo wou d' Gebei riicht ass. Den Obwand wor jo gleich 0.
5sec am Photoshop smile
Jaycee 05.09.2011 - 18:04
... also fiirwaat da nët direkt?... closed_eye
Luc_69 05.09.2011 - 18:19
Well ech leiwer Photoen machen wei am Photoshop spillenbigsmile
Jaycee 06.09.2011 - 21:10
... voyons 5 Sekunnen si jo keng affaire fiir é Moment Onopmierksamkeet bei der Opnahm ze korrigéieren... cool
Luc_69 06.09.2011 - 21:23
Wous de recht hues hues de recht. Sie gefaelt mir jo och esou besser, soss haett ech se net ersat.
Jaycee 06.09.2011 - 21:25
dann ass jo jidderen zefridden... smile
Abacab 05.09.2011 - 07:43
Flotte Model, lässeg Pose. E Portrait deen trotz de schwieregen Liichtverhältnisser ganz gutt gelongen ass!
Luc_69 05.09.2011 - 08:16
Merci, freet mesch dass En der gefaellt.
crici 05.09.2011 - 10:55
Wirklech flotten Portrait smile
Luc_69 05.09.2011 - 13:01
Merci
DeviantMotiv 05.09.2011 - 11:17
Flotten portrait an ganz scheine Model smile
Dei Spigelung am Gebei hannendrun gefällt mer och ganz gudd, d'passt tip top.
Luc_69 05.09.2011 - 13:01
Merci, jo ech fannen dei Spieglung och flott obschon se ebeschen ooflenkt.
Schein dass Se der gefaellt.
ToPo 10.09.2011 - 13:46
Schéinen Outdoor Porträit a flott cadréiert! closed_eye
Luc_69 10.09.2011 - 21:23
Merci

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 277 Gäscht online