Ech wollt eng anonym Foto man, déi awer weisen soll, wéi d'Liewen um Berliner Hauptbahnhof kann sinn. Heibai hun net nemen d'Leit sech bewegt, mee d'Kamera och. Ech stung op enger Rulltrap.
Fir mech ass den interessanten Aspekt, datt alles an Bewegung ass, souwuel däin Sujet wéi och d'Kamera selwer.
Trotzdem kann ech mech net domadder ufrennen. Fir d'Hektik duerzestellen sin mir wesentlech ze wéineg Leit um Bild, grad wéinst dengem Panoramaformat.
....an dun....koum der dIddi vum verwackelten Kontest.....
dFoto selwer as wei Gral seet bessi komech...fir dHecktik drop z kreien fehlt et bessi un Lait...Beweegung huesde awa schon drankritt....
weesnik richtech waat ech soll derfun haalen (an stin och fir den Kontest sou firun mengen Fotoen)
et as op allefall schweier een Motiv am onscharfen emzesetzen (vlait well een et nik sou gewinnt as...)
-->den Filtrage gefellt mer awa...bloh as emmer gudd...
Als Foto gefällt di do mir ganz gudd. A wann een ët da gesoot kritt, déi Iddi mat där kombinéierter horizontal/vertikaler Beweegung, déi gefällt mir super. Mais vun "Hektik" ass hei keng Spur ze gesin. Fir mëch gëtt hei dat Anonymt, dat Onperséinlicht, d'"Solitude" an engem kaalen "Espace" gewisen.
Merci dir all, jo Hektik ass flaicht dat falscht Wuert, do hudd der schon Recht. Wei gudd, dass ech mech besser mat Biller ausdrecken, ewei mat Text. Well amfong ass d'Liewen do um Hauptbahnhof och guer net sou hektesch.