Well ech d'Foto eenzel bessen langweileg fond hun, hun ech e bessen ausprobéiert an dat hei ass derbäi rauskomm. Wollt eech mol froen wat dir dofunn haalt :)
Merci Tjo, ech hu mer do firun iwwer zwee Joer souee klengt Déier zougeluecht wat zimmlech vill Zäit an Usproch hellt, dofir hun ech net onbedéngt emmer Zäit fir Fotoen ze maachen ;P
huet eppes!firunallem den s/w an den Hannergrond gefaalen mer gudd!
zur Kompositioun...gesait amfong o gudd aus sou mee fron mech wei se mat 3 Fotoen gewierkt hett dei MEI ennerscheedlech gewiecht wieren (huelen un dassde hai ENG oder zwou 3mol gholl hues nee?)
denken un en diagonalen Verlaaf fum Ascht an dä eischter, dann een horizontale/vertikalen...oder 3verschidden Fotoen dei all een Ascht mat Dreps weisen?
as net schlecht mee kiint na eng kleng grimmel mei -extra- sen! ;o)
Jo, dat hei ass 3mol déi selwescht, an der Mett ass se just eben gespiggelt. Haat et amfong och nach mat aaneren Fotoen probéiert mee dat huet mer net sou gudd gefall (dat loung awer drun dat déi aaner Fotoen net sou gudd waren wéi des, déi waren meeschtens onschaarf), dofir hun ech lo 3mol déi selwescht geholl. Deng Variant ging awer och bestemmt gudd ausgesinn, dann maachen ech mech lo demnächst mol rem op de Wee fir nach puer aaner Dreppsen ze fotograféieren ;o)
Merci fir däi Kommentar!
hehe hai an desem Land fensde secher Drepsen dei un naassen äscht henken..... (am moment sen se just vlait na gefruer...kann awa nemmen eng Froh fun ZAIT sen bis et nees reent.....)
Oh, lo wou's de et sees... déi japanesch Paravent'en fannen ech zwar schrecklech kitscheg, lo muss ech och emmer un déi denken wann ech des Foto kucken :/