Hei dann dei zweet vum Fototour. Bleck an dei praktesch komplett ofgerappten Kichen. Ausser den Kolleg deen ass do bliwen an huet se e kleng Time Out geholl.
Déi gefällt mir, bis op e puer Platzen och ganz gudd. Waat mech e bessi stéiert sin d'Kablen vun der Luucht. Do kennt den Tonemapping durch déi hell Aura honderem d'Kabelen e bessi zum virschein. Et gief mech och interesséieren wéi se ausgeseit wanns du se e bessi desaturéierts an liicht manner Kontrast. Daat sin awer elo just kleng Detailer... sin eben heinsdo Iebessenzieler....
Besser Iebessen gezielt "wéi Tomate geheit......".
(Copyright vum Zitat: Shantideva/Maimonides) )
Genau dëst schéngt mir d'Philosophie vu PG missen ze sin.
Desolatioun a Déchéance, sou gesin ech hei de Message. Awer ech si mir net ganz schlësseg, ob ech dem Shantideva recht gi, mat der Saruratioun, oder ob ech se grad gudd fannen, well se sou hypernatiirléch saturéiert as. Wahrscheinléch si béid Verarbéchtungsméigléchkeete fir séch alleng geholl, gudd a fannen hir Fan-Gemeinschaft. Mais di Foto léisst méch net kaal. An dat am positive Sënn.
Ech geheien mol nach eng 3t Variant an d'Spill: Saturatioun rof an Kontrast rob, bei mengen gefaellt et mer mol meechtens.
Gefaellt mer awer schon zimmlech gudd och sou.
wonnerbar Mochel: dat do iwwerzéegt mech,
d'Mise en scène ass top fir mech, d'Luucht uspriechend a mat déngem Titel 'time out' hues d'et ("Desolatioun a Déchéance" wéi de Nico esou gutt seet)super op de Punkt bruecht,