War deslescht mol an de Besch fir mäi neien Fotoapparat ze testen an dun ass ennert aanerem des Foto hei entstaan... Wat haalt dir vun der Foto, resp. vun der Veraarbeschtung?
Hues du des Foto mat der D90 direckt s/w gemaach, oder eréischt mam PS? Well ech ka mir virstellen, datt d'D90 och direkt gudd s/w Fotoe mécht, awer da musst du se mam CaptureNX verschaffen, oder direkt am jpeg "knipsen", well den NEF get jo am Camera RAW neess farweg gemaach.
Nee, hun des Foto réicht am Nachhinein am PS s/w gemaach. D'D90 huet déi Funktioun zwar och, mee hun dat biswell nach net ausprobéiert... Géing awer soen dass d'Resultat trotzdem besser ass wann een et am PS mecht wéi um Fotoapparat selwer.
Denken och, sin jiddefalls biswell ganz zefridden dermat!
Merci!
Hey, ganz flott Foto!
Eng Nikon D90! En flotten Apparat! ISO 800 ass jo nach ganz gudd, bei menger "aaler" D70s ass dat net sou de Fall.
Fannen huss eng ganz schein Deifteschärft an der Foto, muss soen, dass deng eischt Versich mam neien Apparat sen der gelong, sen gespannt op mei!
Wei een Objektiv huss de dann drop?
Jo, hun ech och geduercht…
Mee muss jo net sen, well dat do jo keen Macro 1:1 ass, eischter 1:4, wat och kinnt en Kit-Objektiv, z.B. den Nikkor 18-105mm VR sen.
An d'Blend bei 5,6 an 1/60s sekund leisst och op sou en Objektiv schleissen.
Majo, ech haat firdrun jo och eng D70s an et mierkt ee wierklech grouss Ennerscheeder tescht denen zwee Apparaten... sin frou mer deen heiten lo zougeluecht ze hun. Bei der D70s haate meng Fotoen bei ISO 800 och emmer well relativ vill Rauschen, sin dofir ganz frou mat deem heiten Resultat.
Hun dat Objektiv aus dem Kit drop, de Nikkor 18-105mm
An du kanns roueg mol mat 1600 ISO probéieren, dat as dann nach ëmmer manner schlëmm wéi 800 ISO bei der D70s. Di kleng léiere jo vun de grousse Schwëstern. Also d'D90 bei der D3, D300 an D700, mais dat hues du jo verstaanen.
Maja, ech hat awer Recht mam Objektiv…
Sen och well um iwwerleen op ech mer net och mol soll en neien Nikon-Body zouleen soll, mee lo gin d'Suen mol all an den MacBook Pro fier den Studiengang gestach…
Wat ech un der D90 och intressant fannen, ass d'HD-Videofunktioun, och wann een se eigentlech weinst de Fotoen keeft…
Mee bon, d'D300 ass d'Maß aller Dinge fier mech, muss mol eng Bank iwwerfällen. :-P
D'Videofunktioun ass wierklech flott drun an d'Qualitéit ass mol guer net sou schlecht wéi ech geduecht haat... se ass zwar net perfekt, mee fir déi éischt Spiggelreflex mat där Funktioun ass et scho net schlecht
Jo, ass jo awer HD… Flait hänkt et do uch vum Bildschierm oof, muss een do ent dann och en HD-Display hun… Hun zwar keng Ahnung dervun, mee ech fannen eng Videofunktioun emmer intressant, well een se awer gudd gebrauche kann, besonneg matt gudden Objektiver ass dat bestemmt intressant…
Wat has de dann fier deng D90 gin? Hudd een dann do och all dei Funktiounen wei op der D70s? z.B. matt de Bletzer, etc.
Ah dat wees ech net... Mee et stéiert mech och net immens vill, et ass jo net sou dat ech lo domat grouss Filmer willt dréinen, mee heiansdo ass soueng Videofunktioun awer scho ganz praktesch.
Dat eenzegt wat mech biswell e bessen dru stéiert ass dat de Fotoapparat während dem Filmen net schaarf stellt wann ee zoomt... 't kann awer och sin dat ech biswell just nach net rausfond hun wéi dat geet
Hun lo am ganzen fir d'D90 am Kit 1100 Euro bezuelt.
Denken schon, hun zwar nach net alles sou am Detail gekuckt mee biswell ass mer näicht drun opgefall waat d'D70s haat an déi heiten net huet... d'D90 huet eben vill Saachen déi D70s net haat, an ech sin am Moment e bessen méi mat denen neien Funktiounen beschäftegt wéi mat denen déi ech scho kennen
Okay, Merci!
Mam Schaarfstellen während dem Filmen meisst awer goen, hat lo bessen op der Interaktiver Internetseit vun der D90 gekuckt. http://chsvimg.nikon.com/products/imaging/lineup/d...
Flait muss de um Obejtkiv manuell schaarfstellen, oder sou...
Kann der et leider net soen, ech hun leider keng...
Bis 2010 muss d´D70s nach duer goen...
Mee du kanns genial Saachen matt der Videosfunktioun maan!
z.B. matt Fisheye oder Macro-objektiv…
Muss mer zwar wierklech mol iwwerleen op ech mer net awer soll sou eng D90 uschaafen…
Wierklech en super Apparat.
Jo, stemmt! Hu mer scho puer Videoen um Internet ugekuckt, do sin wierklech flott Saachen derbäi.
Also kann der d'D90 wierklech urooden, mee 't sin eben och vill Suen...