Deen doten interesséiert d'Kaz nit. Gëschter bei eis am Gaart: dem Noper séng Kaz souz am Wues bei eis an hannert hir ass eng Kréi mat vill Gezeters hin anhir geflunn an huet séch suguer zimmléch no niewent d'Kaz néier gelooss. Dat huet d'Kaz nit interresséiert. Mai gare la Box, wann do eng Mësch, eng Gratsch oder ee Fénkelche sëzt, dann ass d'Kaz um Quivive!
Mais elo nach e Wuert z dénger Foto: De Bléck vun der Kréi do ass immens! Déi hues du gutt erwëscht!
Léier méch keng Kréie kennen! Ech hun een Aa fir déi Vullen.
(O mei, deen do koum sou flaach, dat deet scho bal wéi)
Bei eis stin e puer Beem an der Noperschaft, do hu mir Kréiennäschter, an duerfen all Joer op en Neits materliewe, wann déi do bréien an ronderem fléien an sch nadderen.