Klasse Foto, dei drei Zinnen bei chic'er Luut flott encadreiert, och dei gefällt mier gudd...
... geseit tatsächlech esou aus wei wann Hännchen eng Roll gespillt hätten
Di Foto do ass exzellent, awer sou hannert där vu virdru gewisen, ass se scho bal banal.
Awer alleng geholl huet se eppes Uspriechendes, besonnesch wéinst dem Warm-Kal-Kontrast an der Korrespondenz vun de Strukturen an de Wolleken (smooth) an deenen an der Landschaft (hard). An dann d^Dräiglidderung vun de Plangen an déi Linnen en cascade vu lémks no rechts, déi de Bléck durch d'Bild fréieren. Wi gesot: do wou di aaner spektakulär ass mat de Stralen, ass di heite Foto meeschterhaft an der roueger Gestaltung. Bravo!