"Garer Kiermes" esou wäit ech wees eng première, Kiermesattraktiounen op der Place de la Gare wou fréier mol bis 1954 de "Charly", bis 1964 den Tram a bis 2020 d'Busse gehal hun
Merci Nico fir däi Kommentar, der frühe Vogel fängt den Turm an d'Spetzt vum Wandfändel huet musse dru glewen soss wier et jo keng Kiermes op der Gare mee laanscht der Gare
Daat ass navel eng Idi mam Schampesdiner, da kreien ech meng Madame eventuell och mol ness iwerried fir mat op d'Gare ze goen
P:S: Ech sin awer erstaunt wei relativ weineg Plaz d'Groussrad um Buedem anhelt, daat ass a mengen Aaen richteg Ingenieurskonscht an daer Hinsicht
Den Hagen Rether haat do emol en Ennerscheed gemaacht: "Der frühe Vogel fängt aber auch nur den frühen W(T)urm" an "Die zweite Maus bekommt den Käs!"
Ech mengen do gin et nach e Koup Meiglechkeeten fier den Punkt op den i, respektiv d'Kabin op den Wuerm ze setzen
Virun Allem och emol aus esou enger Kabin eraus. Eng Vue dei een nach net haat.
Bei deser sin all dei Linnen vun deem halwen Rad an der Gare interessant. Neierens as en rechten Wenkel ze gesinn, daat mecht fier mech dei Foto lieweg.
Merci Tom fir deng flott Analyse, mam Kéiss hues du absolut recht, do sin nach sécher flott Méiglechkeeten dran, och vu Uewen wann d'Rad bis dréint, da kritt den Nico och nach eng Chance "Den frühen Vogel holt abends die Katz und die Maus gleich mit. "