Millioune mol fotograféiert, ass dat dote Motiv dach einfach nit kleng ze kréien. An d'Luucht pass hei gutt bei d'Motiv a brébgt ee wonnerbare Farfkontrast an d'Bild.
Sou as ët. Ech hun zanter Joren e grandiost Buch vum Richard Misrach, deen huet vun Oakland aus iwwer Joeren d'Golden Gate Bridge vu S.F. fotograféiert, ëmmer dat selwecht Motiv, vum selwechten Standpunkt an ëmmer dee selwechten Ausschnëtt, an awer nie dat selwecht Bild. Kuck emol.hei
Merci Nico.
Dat iwwert eng länger Zäit ëmmer dat selwécht Motiv fotograféieren, dat hun ech och eemol gemaach, an zwar 1996-1997, wéi ech mat ménger deemoleger Nach-nët-grad Fra all Sonndeg vu Miersch op Rammeréch bei séng Elteren op Besuch gefuer sin. (Mir hun do um Mierscherbierg gewunnt). Deemols stoung aus Bruch raus a Richtung Sëll ee Biren- oder Quetschebam an de Felder rechts vun der Strooss. Vun deem wollt ech ee Joer laang all Sonndeg an der Mëttestonn vun enger Plaz bei deene läschten Haiser, wou am Summerwee ee Kanaldeckel ass (also liicht rëmzefannen) mat deem selwéchten Objektiv an der selwéchter Brennwäit eng Foto maachen. Mais irgendwann am Fréijoer, koum de Bauer an huet op enger Säit ee gudden Drëttel vun den Äscht ofgeseet fir mam Trakter drënner erduerch ze kommen (du hat ech schon d'Flemm, well du war méng Serie scho futsch, mais ech hun awer weider geknipst) an dunn ass de Bam och nach am August futti gaangen, sou datt en am September scho keng Blieder mi hat. An irgendwann ass en du ganz wech geseet gin. Ech hat awer nach ee Plang B, an zwar déi Eech am Agang vu Sëll wou an der geféierelécher Kéier do rechts ee Wee rageet. Déi Eech ass haut nach do. Am Fong kéint ech mol neess eng Kéier eng Plaz sou sichen an déi iwwert ee Joer fotograféieren.
Apropos, op enger Ausstellung vum Raymond Clement hun ech emol eng wonnerschéin Serie gesin, an ebenfals vun eng an dem selwechten Sujet den hien iwwer ee längeren Zäitraum fotograféiert huet, an zwar eng Zwillingseech an der Géigend vu Bourglënster.
Flott, flott! Dës schéin Opnahmen ware bei mir schon an de Vergiess geroden, vu dat esou Leit wéi ënner anerem de galileo leider schonns zanter laangem keng Biller méi hei gepost hun.
Merci villmools fir d'Weisen!