An da kënnt nach dobäi, datt d'Rollei 35 eng Viewfinderkamera ass, wou een de Parallaxefeeler muss mat arechne, wat ech als "aale" Spigelreflexer natirléch ni bedenken. An di 40mm um Fixobjektiv handicapéieren een och e bëssen. Gutt, datt do de Parvis vum Kapuzinertheater ass, dann huet een alt e bësse Wach.
Emmer ërem kuckeswäert däin tour en ville mat all Kéiers engem neien interessanten Ophänkert, Besonnesch gut gefällt mer dës Kéier di Vue aus der Schiggerisgaas eraus op de Conrotseck, richteg flott uereg Perspektiv, idem d'Vue op d'Confiserie wou's du och aus enger interessanter Perspektiv ëm den Eck geknipst hues.
Et huet ganz genee 8 Deeg gedauert. E Méindeg um 14:30 Levée zu Rammerech, en Donneschdeg de Mëtteg d'rechnung kritt, direkt iwwerwisen, an dann nach de WE dotëscht. Dat ass mäin Trick. Dat geet wirkléch am séiersten. Dann hues du de Link normalerweis dënschdes di Woch drop.