Dee Leaf-Réck do huet dach 80 mpx, oder? An den Numm biergt jo alleng scho fir Qualitéit... Wat méchs du da mat de Fotoen, déi s du domadder méchs? Postere vun 120 op 90 cm? Mindestens?
Wat fir ee Réck huet dann di 645 rechts? Do liicht jo roud ee Schieber raus, sou datt da wuel een analoge Réck ass, në?
De Leaf Rëck ass een Aptus II 6 an huet nëmmen 28 mpx, virun enger gudder dosen Joer war daat ganz ok, haut awer éischter bescheiden. Déi riëts ass eng normal AF an huet, wéis de richteg gesin hues een 120er Rëck. Déi analog Rëcker kanns de och op der AFD III benotzen, sou dass d'AF eigentlech iwerflësseg ass, obschon ët déi ass, déi ech am mëschten benotzen...