Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Bal wéi ee Lottogewënn

 
Bal wéi ee Lottogewënn
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.12.2020
  • Gekuckt:
    75767
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/3.5
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    500
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.33333333333333 EV
  • Gréisst:
    1500x1001
  • Späicherplaz:
    371 KB
  • Originaldatum:
    2020:12:04 16:31:42
  • Fotoapparat:
    NIKON D750
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
    AF24-120mm
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=90976]
Kommentar vum Fotograf:
Haut de Mëtteg war ech an der Stad eng Commissioun maachen a well ech de Fotoapparat bei mir hat, hun ech vun den Testfarte vum neien Tram profitéiert, fir déi ze dokumentéieren vun der Gare bis op d'Stäreplaz. Di meescht Fotoe si just fir spéider eemol historesch wertvoll ze gin, awer datt grad an deem Moment, wou ech op der Neier Bréck ënnerwee war, d'Wolleke séch gelicht hun an eng herléch warm Luucht vum Sonnenënnergang d'Kathedral an d'Spuerkeess ugestral huet, an ech grad de 24-120mm bei mir hat, a grad keen Auto a kee Bus mir virun den Tram gefuer ass, dat ka jo bal nëmmen der Göttin Photographia ze verdanke gewiescht sin...
Paul-H 04.12.2020 - 20:28
Jo, sou eng Chance huet een net oft! Super Bild!
Nicon07 04.12.2020 - 23:17
Merci, Paul!
wuff 05.12.2020 - 13:18
Do wars de jo genau zur richteger Zäit op der richteger Plaatz. An den Tram passt och nach genau tëschent d'Cathederal an d'Spuuerkees.
Nicon07 05.12.2020 - 17:28
Oder ech stoung grad richteg do... Mais falsch ass et net, wats du schreifs! smile

Merci!
Jean-Jos 05.12.2020 - 13:51
Richteg gutt esou!
Nicon07 05.12.2020 - 17:30
Merci!
gemu 05.12.2020 - 18:28
Häss de am euromillion matgespillt da kéinst du dir lo puer Rame kaafen fir an däin Gaart, hei stëmmt wirklech alles.
Nicon07 05.12.2020 - 20:53
Wann ech fir mäi Gaar nëmmen eng Rame hätt, misst ech déi schon auserneen huelen an di eenzel Deeler niewendenee stellen, an da kéint ech kee Geméis a keng Toamten a kee Piment méi uplanzen, vun de sëleche Blummen a Straich mol guer net ze schwätzen. Do ass ee grousse gaard op eemol relativ... smile
marker 06.12.2020 - 10:48
Aus fotograferscher Siicht huet den Test vun de Rame sech jo richteg fir dech gelount. Top Luucht a Bildgestaltung, alles passt!
Très bien Nico.
Nicon07 06.12.2020 - 18:15
Recht hues du! Ech hun nach vill aaner flott Fotoen do gemaach, well eng super Luucht war.
gtaddei1 06.12.2020 - 17:51
Flott Modern foto
Nicon07 06.12.2020 - 18:15
Merci, Gennaro
Jean-Jos 06.12.2020 - 22:09
wat ass modern an déngen Aen?
gtaddei1 07.12.2020 - 07:48
Teinung, sujet, digiqualiteit !
An se get op engem Soziale réseau FW smile)
Nicon07 07.12.2020 - 08:17
Modern ass wat der Moud entsprécht... an déng Definitioun resp. d'Attributer, déi's du ménger Foto gëss, entsèriechen där definition... smile Merci!
Jean-Jos 18.12.2020 - 22:39
OK, ech verstin, ech sin de Moment stark mat Konscht befaasst aus dem Enn 19t an dat ganzt 20t Jorhonnert, do huet modern eng ganz aner Connotatioun.
Nicon07 21.12.2020 - 13:51
Modern ass ee Begrëff, dee genau sou villsäiteg ass, wéi klassesch... oder normal ... All Generatioun huet hir Definitioun dofir. Dat erklärt jo dann och sou Begrëffer wéi postmodern oder neoklassesch, fir eppes ze erkläre, wat no deenen aanere Begrëffer kënnt, déi wuel zevill definitif an hirer Bedeitung geklongen hun, a wou een dunn op eemol nët mi wosst, wéi dat nenne, wat trotzdem nach duerno Neies komm ass. Sou ass dat ebe mat de Wieder an hire Bedeitungen. An ee Gléck ass dat sou... Just Schued, datt mir an enger Gesellschaft liewe, wou d'Ambiguitätstoleranz ëmmer méi verschwënnt, an d'Wieder just nach um éischten Degré verstane gin. Dat deet mir, als Literat a Sproochemënsch natiirléch extrem wéi. Gutt, datt ech dofir hei op PG ee Forum hu, wou een nach Chatpartner huet, mat deenen een an der Komplexitéit vun der Sprooch an der Konscht zesumme schwamme kann. smile
Jean-Jos 24.12.2020 - 22:55
Dat hei huet lo näischt mat Fotografie ze din bigsmile
D'Kierch zu Lëtzebuerg schwätzt (mam Georges Hellinghausen) an engem Wortartikel vum 17/12/2020 vun "Moderne und Postmoderne" (wat de Bistum ugeet)
Link
Op eng gewëss Manéier sin ech och Literat an op alle Fall Sproochemënsch a gesin, dat dësen Begrëff déforméiert gëtt. Awer genau wéi's du sees, ass et flott an engem Forum doriwwer diskutéieren ze kënnen.Intressant allemol wéi villsäiteg d'lëtzebuerger Sprooch ass!

Nicon07 25.12.2020 - 10:17
Firwat soll di lëtzebuerger Sprooch dann net villsäiteg sin?... Si ass jo awer keng « Baueresprooch », woubäi déi, di sou eppes behaapten, de Baueren ee fiirchterlécht Onrecht din. Wann een eng bildhaft a räich Sprooch schwätzt, dann ass dat dach awer wuel de Bauer, oder? An dann duerf een net vergiessen, datt eisen Idiom jo awer niewent séngem mëttelhéichdäitsche Moselfränkisch och nach bei d%u2019Noperen an di fréier Besatzer léine gaangen ass. Et fënnt ee wuel kaum méi eng komplex Sprooch hei am Emkreess, wi eise « Slang »... bigsmile

Merci fir de Link. Ech liesen dat da mol, wann ech net grad fir Chrëschtdaag de Menu kache muss. Och wann en dëst Joer hust fir d%u2019Famill an net fir Inviteeë vu baussen ass...

Schéine Feierdaag!
Paul-H 07.12.2020 - 00:09
Gratuléieren zur WF!
Nicon07 07.12.2020 - 08:15
Een décke Merci!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 291 Gäscht online