Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Um Enn vum Dag

 
Um Enn vum Dag
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.08.2020
  • Gekuckt:
    5664
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    75mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x1200
  • Späicherplaz:
    931 KB
  • Originaldatum:
    2020
  • Fotoapparat:
    Rolleiflex 3.5 F
  • Programm:
  • Objektiv:
    Carl Zeiss Planar 75mm f/3.5
Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=90774]
Kommentar vum Fotograf:
Kadak Portra 400 Mëttelformatfilm 6x6 Negativscan
Eric_1989 19.08.2020 - 17:57
Mega gefällt mir gud bigsmile
gemu 19.08.2020 - 22:55
Merci Eric
Nicon07 20.08.2020 - 10:09
Ech weess net, ob dat stëmmt oder ob ech just keng Sonnenënnergangsfotoe mat méngem Nikon maache kann, awer ech hun d'Impression, wéi wann ee mat Analogfilm besser a méi natirléch Sonnenënnergäng fotograféiert kritt, wéi mat digitalem Capteur. Entweder ass alles zevill helle oder awer digital kritt een sou een onnatirléchen Halo oder Bord ronderem d'Sonn, wat bei de Filmer net de Fall schingt ze sin. Op alle Fall hun ech a ménger Sammlung vill besser Sonnenënergangsfotoen aus der Zäit vum Film, wéi lo digital. Wat ass déng Erfarung heizou?
gemu 20.08.2020 - 12:51
Genee esou ass et. Ech hun daat selwecht festgestalt. Beim Film get jo bekanntlech op d'Schieder beliicht, an dach hun ech nach ni ausgebrannten Liichter gehaat. Film verzeiht eben vill méi wéi deen topechen capteur deen d'Nuecht zum Daag mécht. Et muss een jo opassen wéi e Spëtzbouff dat d'Liichter net ausbrennen an dann dono d'Schieder am LR nees eropzeien, an d'Liichter rëm rofzéien bis d'Foto engem gefällt, et puis à chacun son goût....daat ass net onbedengt menges , égal wéi performant de capteur ass an égal wéi wäit een un de Regeler kann zéien.
marker 21.08.2020 - 17:05
Deen alen Leitsaz "Vordergrund macht Bild gesund" as hei am Bild alt rem méi wéi zoutreffend. Schéin douce gewisen mat enger harmonescher Bildstëmmung. Eng Plus-value si natierlech d'Steng wou d'Déift a Richtung Horizont ënnerbriechen an esou d'Bild intressant machen.
gemu 21.08.2020 - 22:48
Merci Marc fir deng schéin Bildanalyse

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Fire and Ice

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: kuwan
Am Ganzen: 3709
1 Benotzer an 533 Gäscht online